Wat ass eng Petitioun?

Eng Petitioun ass en Uleies, dat un d’Chamber geriicht ass. All Persoun, déi am Nationale Regëster vu physesche Persounen (RNPP) erfaasst ass an op d'mannst 15 Joer huet, kann eng Petitioun areechen. Et gëtt zwou Zorte vun Petitiounen: déi ëffentlech Petitiounen an déi einfach Petitiounen.

Einfach Petitioun

Fir Petitionär ze sinn, musst Dir:

  • op d’mannst 15 Joer al sinn.
  • eng Lëtzebuerger Matricule hunn (CNS Nummer).

Dir braucht en Accès op den eAccess, fir Är Petitioun kënnen elektronesch anzereechen.

eAccess
LuxTrust

Sech iwwer e LuxTrust Produkt (Kaart, Signing Stick) oder eng eID-Kaart verbannen

GouvID

Iwwer e mobillen Apparat an iwwer d’App GouvID verbannen

eIDAS

Mat der digitaler Identitéit vun engem aneren europäesche Land verbannen

Wann Dir keen Outil hutt, fir den eAccess ze benotzen, kënnt Dir Äre Formulaire mat enger beglaubegter Ënnerschrëft per Post schécken oder perséinlech an der Chamber ofginn. Dofir misst Dir virdrun e Rendez-vous fixéieren a beim Rendez-vous Är Identitéitskaart weisen.

Wat sinn d’Etappe vun enger einfacher Petitioun?

Opgepasst: Eng einfach Petitioun erlaabt Iech net, Ënnerschrëften ze sammelen an en Debat an der Chamber ze erreechen.

Eng einfach Petitioun deposéieren

Dir kënnt Är einfach Petitioun direkt op dësem Site areechen, se per Mail oder per Bréif schécken oder se selwer dem Chamberpresident iwwerreechen (e Rendez-vous muss am Viraus fixéiert ginn).

D’Decisioun, ob d’Petitioun recevabel ass, ofwaarden

D’Petitiounskommissioun iwwerpréift, ob Är Petitioun all d'Krittären erfëllt.

Suivéieren, wéi Är Petitioun weider-kënnt

Am Fall vun enger positiver Decisioun kann d’Petitiounskommissioun decidéieren:

  • d’Positioun vum zoustännege Minister ze froen;
  • d’Petitioun un eng fir déi betraffen Thematik zoustänneg Chamberkommissioun ze schécken;
  • d’Petitionären an enger vun hire Reuniounen unzehéieren, dat a Presenz vun Experten oder, wann néideg, concernéierten Organer;
  • eng Visitt um Terrain ze maachen.
  • oder all aner Mesür ze huelen, déi se fir néideg hält.

De Petitionär gëtt iwwert d’Demarche vun der Petitiounskommissioun informéiert.

Eng Äntwert kréien

Dir kritt eng Äntwert op Äert Uleies matgedeelt a kënnt och dorop reagéieren.

Eng einfach Petitioun deposéieren