Wat d’Chamber betrëfft - D’Petitiounen
Haaptmissiounen
Zesummegefaasst
Legiferéieren ass d’Haaptroll vun der Chamber, déi dofir als „pouvoir législatif“ qualifizéiert ass. Och wann an de meeschte Fäll, d’Regierung d’Gesetzer proposéiert, ass et un der Chamber, si ze adoptéieren.
Déi zwou aner Haaptaufgaben vun der Chamber sinn d’Kontroll vun der Regierung op verschidde Manéieren (Froen, Interpellatiounen,...) an d’Orientéierung vun der ëffentlecher Debatt (sief et op Initiativ vun der Chamber oder op Ufro vun der Regierung).
Doriwwer eraus muss d’Chamber verschidden Nominatioune maache fir Posten, déi an hirem Reglement definéiert sinn.
D’Aktivitéite vum Parlament limitéiere sech net nëmmen op national Inhalter. D’Chamber bréngt sech ëmmer méi an europäesch Decisiounsprozeduren an.
Wei kontrolléiert d’Chamber d’Regierung?
D’Chamber huet eng Kontroll iwwert dat, wat d’Regierung mécht, dëst op verschiddenen Niveauen: finanziell, administrativ oder politesch.
De Budget:
Wéi kontrolléiert d’Chamber d’Regierung?
All Joer gëtt de Staatsbudget vum Joer, dat kënnt, an der Chamber gestëmmt. Parallel ginn d’Konte vum ofgelafene Joer ugeholl. En anere Moyen vu Kontroll ass der Chamber hir Kommissioun, déi d’Exekutioun vum Budget iwwerwaacht. \nDës Kommissioun analyséiert d’Avisen an d’Spezialrapporte vun der Cour des Comptes iwwert d’Finanzgestioun vum Staat oder och all Sujet, zu deem si gefrot gëtt. Si kann och Entrevuë mat den zoustännege Regierungsmemberen iwwert d’Observatioune vun der Cour des Comptes froen.
D’Froen:
Explikatioune vun de Ministere froen
D’Deputéiert vun der Chamber däerfen de Regierungsmemberen politesch Aktualitéitsfroen oder Froe vu generellen Interêt stellen. Urgent Froen, déi recevabel sinn, gi mëndlech an enger ëffentlecher Sitzung gestallt oder schrëftlech agereecht.
D’Interpellatiounen:
Erklärunge vun der Regierung froen
All Deputéierten huet d’Recht, eng „Interpellatioun“ un d’Regierung ze riichten. Et handelt sech em eng schrëftlech Demande fir eng ëffentlech Diskussioun, déi sech op Froe vun allgemengem Intressi limitéiert.
Enquêtërecht:
eventuell Dysfonctionementer vun der Regierung oder vun der Verwaltung ënnersichen
D’Chamber huet d’Recht op Enquête. D’Gesetz garantéiert dat Recht. Eng Enquêtëkommissioun muss geschafe ginn, wann op d'mannst een Drëttel vun den Deputéierten dëst freet (Art. 81. vun der Verfassung). Dëst Recht ka vun der Chamber oder, wéi et oft de Fall ass, vun enger Enquêtëkommissioun ausgeüübt ginn. Dëst kënnt vir, wann der Regierung oder der Administratioun Dysfonctionementer reprochéiert ginn. D’Enquête däerf sech just op Froe vun allgemengem Intressi bezéien, an net op individuell oder privat Froen.
D’Recht op Enquête erlaabt et, Zéien unzehéieren an Experten ze consultéieren. D’Membere vun der Enquêtëkommissioun dierfen all Moossnamen huelen, déi de Code Pénal virgesäit.
D’Recht unzekloen:
d’Ministeren a Fro stellen
D’Chamber huet d’Recht, d’Regierungsmemberen unzekloen. D’Accusatioun géint d’Ministere kënnt virun d’Iewescht Geriicht, d’Cour supérieure de justice, an enger Reunioun vun hirer Plénière. D’Chamber huet bis elo nach ni op dat Recht zréck gegraff.
D’Petitiounen:
kucken ob Plainten oder Ufroe berechtegt sinn
D'Chamber iwwerpréift d'Petitiounen déi u si geriicht ginn an der Petitiounskommissioun. Wa si et fir néideg hält, ka si se un d'Regierung schécken an Erklärunge verlaangen.
Juristesche Kader vun der Chamber
Déi institutionell Roll vun der Chamber ass duerch en Ensembel vun Texter definéiert, déi der Chamber hir Organisatioun encadréieren.
Verfassung
Als legislativen Haapttext encadréiert d’Verfassung d’Organisatioun vum Staat an definéiert d’Strukturen vun der Gewaltentrennung.
Walgesetz
D’Walgesetz definéiert de Kader, an deem d’Bierger sech fräi an demokratesch äussere kënnen.
Reglement
D’Organisatioun an de Fonctionnement vun der Chamber sinn am Chamberreglement definéiert. Do fënnt een och den Detail vun der legislativer Prozedur a spezielle Prozeduren, wéi Nominatiounen.