Wat ass eng Petitioun? - D’Petitiounen
Introduktioun
Är Petitioun muss:
- an op d’mannst enger vun den 3 Verwaltungssprooche vum Land redigéiert sinn: Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch;
- en nationale But hunn, also am Interessi vum ganze Land sinn;
- vu generellem Interessi sinn.
Déi verschidde Petitiounen
Ëffentlech Petitioun
D’ëffentlech Petitioun gëtt um Internetsite vun de Petitioune publizéiert, dat mam Zil, Ënnerschrëften ze sammelen an d’Uleies vun der Petitioun ze ënnerstëtzen.
Dir hutt 42 Deeg Zäit, fir Ënnerschrëften ze sammelen. Wann Dir op d'mannst 5500 Ënnerschrëften hutt, gëtt en ëffentlechen Debat iwwer Är Petitioun an der Chamber organiséiert.
Einfach Petitioun
Déi einfach Petitioun huet als Zil, der Petitiounskommissioun en Uleies ze ënnerbreeden. Si ass net dofir geduecht, Ënnerschrëften ze sammelen oder en ëffentlechen Debat ze organiséieren.
No der Iwwerpréiwung, kann Är Petitioun bei den zoustännege Minister iwwermëttelt oder an eng Chamberskommissioun geschéckt ginn.