FAQ - D’Petitiounen
E kuerzen Iwwerbléck iwwert d'Petitiounen
Eng Petitioun ass eng Ufro, déi un d'Chamber geriicht gëtt an déi eng spezifesch Problematik oder en Uleies am allgemengen Interessi behandelt.
Bei der Chamber gëtt tëscht zwou Zorte vu Petitiounen ënnerscheet: déi ëffentlech Petitiounen (dës kënnen online oder op engem Pabeierformulaire ënnerschriwwe ginn) an déi einfach Petitiounen.
Wann d'Ufro en europäesche Kader huet oder eng europäesch Problematik betrëfft, ass et doriwwer eraus méiglech, eng Petitioun beim Europäesche Parlament ze hannerleeën:
Déi ëffentlech Petitioun: D'Haaptzil vun enger ëffentlecher Petitioun ass et, genuch Ënnerschrëften (um elektronesche Wee oder um Pabeier) fir en ëffentlechen Debat an der Chamber a Presenz vun Deputéierten a Regierungsvertrieder ze sammelen. D'Iddi ass deemno, d'Ënnerstëtzung vun esou ville Matbierger wéi méiglech ze kréien, fir fir e bestëmmtent Uleies virun der Chamber anzetrieden.
Déi einfach Petitioun: D'Haaptzil vun enger einfacher Petitioun ass et, eng bestëmmte Problematik oder Ufro un d'Petitiounskommissioun erunzedroen an domat u si ze appelléieren, mat all de Mëttelen, déi hir zu Verfügung stinn, dorop ze reagéieren.
Dir fannt d’Informatiounen am Kapitel iwwer d’Petitiounen am
Wéi kann een eng ëffentlech Petitioun areechen?
Jiddereen, deen op d'mannst 15 Joer huet an am Registre national des personnes physiques ageschriwwen ass, also eng Matricule huet, kann eng Demande fir eng ëffentlech Petitioun areechen. Et muss een also net déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn oder Resident zu Lëtzebuerg sinn, fir eng Petitioun areechen oder ënnerschreiwen ze kënnen.
- iwwert dëse Site, andeems een den elektronesche Formulaire ausfëllt a sech elektronesch authentifizéiert (iwwer LuxTrust, GouvID oder eIDAS);
perséinlech an der Chamber andeems een de
Pabeiersformulaire ausgefëllt huet an seng Identitéitskaart weist;per Post, andeems een de
Pabeiersformulaire ausfëllt amat beglaubegter Ënnerschrëft
Président de la Chambre
23, rue du Marché-aux-Herbes
L-1728 Luxembourg
Luxembourg
D'Petitioun muss an enger vun den 3 Amtssprooche Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch sinn. De Petitionär kann doriwwer eraus eng Iwwersetzung vu senger ëffentlecher Petitioun op Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch oder Englesch bäifügen. D'Chamberverwaltung iwwersetzt keng Petitiounen.
- am perséinlechen Interessi geschriwwe sinn, keng Personalpronome wéi „ech“ a „mir“ enthalen oder op eng perséinlech Situatioun referéieren;
- falsch Informatiounen enthalen oder Informatioune weiderginn, déi net iwwerpréift kënne ginn;
- op eng ugemiessen Aart a Weis verfaasst sinn;
- zu Gewalt opruffen, beleidegend, graff, rassistesch, xenophob, homophob, sexistesch o. Ä. sinn oder géint Mënscherechter goen;
- sech op Sujete beruffen, fir déi d’Chamber net zoustänneg ass;
- op eng onverständlech Aart a Weis geschriwwe sinn;
- eng Iwwerschrëft hunn, déi sech net op d’Zil vun der Petitioun bezitt;
- diffamatoresch sinn oder géint eng Persoun geriicht sinn;
- am Zesummenhank mat enger juristescher Affär zu Lëtzebuerg stoen;
- dee selwechte Sujet betreffe wéi eng Petitioun, déi bannent de leschten 12 Méint als ëffentlech Petitioun agereecht a fir recevabel erkläert oder an enger Petitiounsdebatt diskutéiert ginn ass.
Éier d'Petitioun opgeet, fir kënnen ënnerschriwwen ze ginn, gëtt se vun der Petitiounskommissioun kontrolléiert. D’Kommissioun decidéiert op der Basis vun de Recevabilitéitskrittären. Eréischt wann eng positiv Decisioun gefall ass, gëtt d'Petitioun opgemaach, fir kënnen ënnerschriwwen ze ginn. Den Auteur vun der Petitioun gëtt iwwert d'Decisioun informéiert.
De Petitionär huet 42 Deeg Zäit, fir elektronesch Ënnerschrëften an Ënnerschrëften um Pabeier ze sammelen.
De Pabeierformulaire kann um Internetsite erofgeluede ginn.
- d'Petitioun d'Recevabilitéitskrittären net erfëllt;
- de Petitionär der Opfuerderung, den Text ëmzeformuléieren, net bannent dem festgeluechten Delai nokomm ass.
Jo, de Petitionär kann bis 30 Deeg no der Decisioun per Bréif un de Chamberpresident widderspriechen:
Chambre des Députés
Président de la Chambre
23, rue du Marché-aux-Herbes
L-1728 Luxembourg
Luxembourg
E Recours virum Geriicht ass eréischt duerno méiglech.
Wéi kann een eng ëffentlech Petitioun ënnerschreiwen?
Jiddereen, deen op d'mannst 15 Joer huet an am Registre national des personnes physiques agedroen ass, also eng Matricule huet, kann eng Petitioun ënnerschreiwen.
Opgepasst op duebel Ënnerschrëften: Eng ëffentlech Petitioun kann allkéiers nëmmen eemol vun där selwechter Persoun ënnerschriwwe ginn.
Wann Dir eng lëtzebuergesch Matricule hutt, mee se net wësst, hutt Dir zwou Méiglechkeeten:
Kontakt ophuele mat der Gemeng, an där Dir wunnt;
op de Site
www.myguichet.lu goen, Iech connectéieren, dann op „Mes données“ klicken a „Registre national des personnes physiques“ ënnert der Rubrik „Citoyenneté“ auswielen.
Wann Dir keng lëtzebuergesch Matricule hutt, went Iech am beschten un den Helpdesk vu www.guichet.lu, deen Iech an dësem Fall weiderhëllefe wäert.
Déi ëffentlech Petitioun kann op zwou Manéieren ënnerschriwwe ginn:
- online, andeem een de Formulaire ausfëllt, deen op dësem Site disponibel ass;
- op engem Pabeierformulaire, deen een op dësem Site kann eroflueden.
Fir eng Petitioun ze ënnerschreiwen ass dës Authentifikatioun net obligatoresch. Et erlaabt awer, seng perséinlech Donnéeën ze späicheren an eng nächst Kéier méi séier kënnen ze ënnerschreiwen.
D'Donnéeën, déi vun de Petitionären oder de Signatairen iwwermëttelt ginn, ginn elektronesch ofgespäichert a versuergt, bis déi administrativ Prozedur ofgeschloss ass. Duerno gi se erëm geläscht. Doriwwer eraus behält d'Chamberverwaltung sech d'Recht vir, Är Identitéit am Registre national des personnes physiques ze iwwwerpréiwen.
Beim Ënnerschreiwe kann ausgewielt ginn, ob déi perséinlech Donnéeën (Numm, Virnumm an Uertschaft) um Site vun de Petitioune sollen ugewisen oder ausgeblent ginn. Am leschte Fall ka just d'Chamberverwaltung déi betreffend Ënnerschrëft consultéieren an d'Identitéit hannendrun erkennen.
D'Lëscht mat den elektroneschen Ënnerschrëfte bleift um Internetsite vun der Chamber accessibel, bis d'Petitiounskommissioun d'Resultat vun der ëffentlecher Petitioun bekannt gëtt. Déi perséinlech Donnéeë ginn elektronesch ofgespäichert a versuergt, bis déi administrativ Prozedur ofgeschloss ass.
D'Ënnerschrëften, déi um Pabeier gesammelt goufen, ginn net um Site vun der Chamber verëffentlecht.
D'ëffentlech Debaten
Fir dass et zu engem ëffentlechen Debat kënnt, muss déi ëffentlech Petitioun op d'mannst 5500 gülteg Ënnerschrëften erreechen, déi elektronesch an déi um Pabeier zesummegezielt. Jee no Disponibilitéit vun de verschiddenen Acteuren, déi convoquéiert ginn, gëtt en Datum fir den ëffentlechen Debat festgeluecht.
Den Initiator vun der Petitioun ka sech beim ëffentlechen Debat vu maximal 5 Persoune begleede loossen, déi nieft him d'Wuert dierfen ergräifen. Des Weideren huelen Deputéierter um Debat deel, déi Member vun de betreffende Chamberkommissioune sinn, souwéi een oder méi Regierungsvertrieder, fir Stellung ze bezéien.
De Petitionär a seng Begleeder kënnen an deem Fall an der Chamberverwaltung eng Iwwersetzung ufroen.
Jiddereen, deen interesséiert ass, ka vun der Tribün an der Salle plénière aus den ëffentlechen Debat suivéieren.
D'Gebai kann iwwert d'Visiteursentrée an der Waassergaass erreecht ginn. All Visiteur muss sech ausweise kënnen. Den Debat gëtt gefilmt a live op ChamberTV an iwwert de Stream iwwerdroen (
Eng ëffentlech Petitioun, déi net genuch Ënnerschrëfte fir en ëffentlechen Debat erreecht, kann nei als einfach Petitioun agestuuft ginn. An deem Fall kann d'Petitiounskommissioun no de selwechte Reegele mat den Ufuerderunge virufueren, déi och soss fir eng einfach Petitioun gëllen.
Wéi kann een eng einfach Petitioun areechen?
- iwwert dëse Site, andeems een den elektronesche Formulaire ausfëllt a sech elektronesch authentifizéiert (iwwer LuxTrust, GouvID oder eIDAS);
perséinlech an der Chamber andeems een de
Pabeiersformulaire ausgefëllt huet an seng Identitéitskaart weist;per Post, andeems een de
Pabeiersformulaire ausfëllt amat beglaubegter Ënnerschrëft.
Président de la Chambre
23, rue du Marché-aux-Herbes
L-1728 Luxembourg
Luxembourg
De Petitionär muss d'Petitioun ënnerschreiwen an Numm, Virnumm, Matricule an Adress uginn.
- eng Stellungnam vum zoustännege Minister ze froen;
- de Petitionär wärend enger vun hire Reuniounen unzehéieren, all Organ oder Expert ze invitéieren, dee vun der Petitioun betraff ass;
- Visitten um Terrain ze organiséieren, déi am Zesummenhang mat der Fuerderung vun der Petitioun stinn.