Dateschutz

Informatiounsnott fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeën

D’Zil vun dëser Nott ass, Iech doriwwer ze informéieren, wéi d’Parlament, dat responsabel fir den Traitement ass, Är perséinlech Daten, déi Dir der Chamber kommunizéiert, notzt a geréiert.

D’Chamber engagéiert sech, d’Privatliewe vun all Persoun, déi d’Chamber kontaktéiert, ze schützen.

D’Chamber engagéiert sech, d’Reglementatioun iwwert de Schutz vu perséinlechen Donnéeën, déi a Kraaft ass, ze respektéieren.

Responsabel fir den Traitement

Chambre des Députés, 23, rue du Marché-aux-Herbes, L-1728 Luxembourg, Grand-Duché de Luxembourg

Delegéierte fir den Dateschutz („DPO“)

Georges Wantz fir d’Societéit mat limitéierter Responsabilitéit Deloitte Tax & Consulting, 20, Boulevard de Kockelscheuer, L-1821 Luxembourg

Wéi eng perséinlech Donnéeën si concernéiert?

Am Kader vun enger ëffentlecher Petitioun ginn déi follgend perséinlech Donnéeë vun der Chamber gesammelt an traitéiert:

  • Numm, Virnumm, Adress,
  • Gebuertsuert a Gebuertsdatum,
  • E-Mail-Adress, Telefonsnummer (d’Nummer ass net obligatoresch).

Am Kader vun enger einfacher Petitioun ginn déi follgend perséinlech Donnéeë vun der Chamber gesammelt an traitéiert:

  • Numm, Virnumm, Adress,
  • E-Mail-Adress, Telefonsnummer (d’Nummer ass net obligatoresch).

D’Chamber kann iwwert de Site keng sensibel Daten traitéieren. Dofir invitéiert d’Chamber Iech, esou Donnéeën net iwwert de Site weiderzeschécken, mee d’Chamber op direktem Wee ze kontaktéieren.

Firwat traitéiere mir Är Daten?

Mir traitéieren Är perséinlech Donnéeën, fir:

  • Iech op Är Ufroe fir Renseignementer a Kontakt kënnen ze äntweren;
  • déi ëffentlech Petitioun ze traitéieren, déi Dir deposéiert oder ënnerschriwwen hutt;
  • déi einfach Petitioun ze traitéieren, déi Dir deposéiert hutt.

Dës Traitementer si méiglech well Dir entweder eis Ären Accord ginn hutt, dat heescht, Dir hutt d’Chamber gefrot, Iech ze kontaktéieren oder Iech Informatiounen ze schécken, oder well dës Traitementer sech an d’Missioun vum generellen Interessi vun der Chamber aschreiwen.

Wéi laang ginn Är Date conservéiert?

Är perséinlech Daten am Zesummenhang mat enger ëffentlecher Petitioun ginn esoulaang gehalen, bis d’Petitiounsprozedur ofgewéckelt ass.

Eng Versioun op Pabeier vun den ëffentleche Petitioune gëtt fir archivistesch Zwecker gehalen. Dat selwecht gëllt fir déi einfach Petitiounen.

D’Ënnerschrëft fir eng einfach Petitioun via e Formulaire op Pabeier gëtt och fir archivistesch Zwecker gehalen.

Wouhinner ginn Är perséinlech Daten transferéiert?

Am Kader vun enger ëffentlecher Petitioun ginn Är perséinlech Daten un de Centre des technologies de l’information de l’État (CTIE) weiderginn, fir Är Inscriptioun am Nationale Register vun de physesche Persounen (RNPP) ze verifiéieren.

Et gi keng perséinlech Daten ausserhalb vun der Europäescher Unioun transferéiert.

Wat sinn Är Rechter?

All Persoun, där hir perséinlech Donnéeë vun der Chamber traitéiert ginn, kënnen déi follgend Rechter geltend maachen:

Allerdéngs kann d'Chamber Är Demande refuséieren, wann déi net den Exigenzen, déi am Gesetz virgesi sinn, gerecht gëtt.

  • Recht op den Accès op Är perséinlech Daten: Dir kënnt eng Confirmatioun kréien, datt mir Är Daten traitéieren, an eng Kopie vun deenen Date kréien.
  • Recht ze rektifizéieren: Dir kënnt eng Rektifikatioun vun Äre perséinlechen Donnéeë froen, wann dës falsch oder net komplett sinn.
  • Recht, Är Donnéeën ze läschen: Dir kënnt froen dass Är perséinlech Date geläscht ginn.
  • Recht op e limitéierten Traitement: Dir kënnt eng Demande maachen, fir datt d’Chamber verschidden Traitementer just limitéiert dierf maachen.
  • Recht, sech géint en Traitement ze wieren: Dir kënnt Iech zu all Moment géint en Traitement vun Äre perséinlechen Donnéeë wieren.
  • Recht op Dateniwwerdrobarkeet: Dëst Recht applizéiert sech net op en Traitement, dee fir eng Missioun vu generellen Interessi noutwenneg ass oder dee sech op den Exercice vun enger ëffentlecher Autoritéit bezitt, wou d’Chamber dran engagéiert ass.
  • Recht, Ären Accord zeréck ze zéien: Dir kënnt zu all Moment den Accord zeréckzéien, op deem den Traitement fondéiert ass.
  • Recht, eng Reklamatioun eranzeginn: Dir kënnt eng Reklamatioun bei der Kontrollautoritéit, der Nationaler Dateschutzkommissioun (CNPD), eraginn, wann Dir dat noutwenneg fannt.

Fir vun Äre Rechter Gebrauch ze maachen, leet dës Informatioune vir:

  • Numm, Virnumm,
  • E-Mail-Adress oder Adress
  • Am Fall, wou et en Doute iwwert d’Identitéit vun der Persoun gëtt, déi eng Demande stellt, kann d’Chamber weider zousätzlech Informatioune froen, fir d’Identitéit vun der Persoun confirméiert ze kréien zum Beispill eng Kopie vun der Identitéitskaart).

Schéckt eis dës Informatioune per Lettre recommandée un déi follgend Adress:

Chamber
Fir de Responsabele vum Dateschutz
23, rue du Marché-aux-Herbes
L-1728 Luxembourg

Schéckt eis wgl. keng Pièce d’identité iwwer E-Mail.

Wéi ginn Är Donnéeë geschützt?

D’Chamber verflicht sech, technesch an organisatoresch Sécherheetsmesuren en place ze setzen, fir Är perséinlech Daten ze schützen.

Fir d’Sécherheet vun der Kollekt vun Äre perséinlechen Date via den Internetsite ze garantéieren, gëtt um Site d’Verschlësselungs-Technologie SSL genotzt, fir Är Donnéeën un eis ze schécken.

Kontakt

Fir ons ze kontaktéieren:

  • Iwwer E-Mail: DPO@chd.lu
  • Iwwer Telefon: (+352) 466 966-385
  • Per Post:

Chamber
Fir de Responsabele vum Dateschutz
23, rue du Marché-aux-Herbes
L-1728 Luxembourg

Versioun 01/12/2020