Petitionär/in: Jean Heuschling
Steierlech Erliichterung fir "familles monoparentales" a Besteierung vun de "familles monoparentales an der Steierklass 2
Ziel der Petition
- E Papp oder eng Mamm mat engem oder méi Kanner (famille monoparentale, Steierklass 1a) bezuelen bis zu 153% méi Steieren wéi eng Koppel (Steierklass 2), obschonn allebéid Famillen zu 2 oder méi an engem Stot zesummeliewen. D'Situatioun ass also déi selwecht. Mä eng Koppel profitéiert vu ... mehr
Verlauf dieser Petition
Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition
Gültige Online-Unterschriften: 355
Die öffentliche Petition Nr. 434 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 15-01-2015 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 355
Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 434 ist am 28-12-2014 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 355
Die Frist zum Unterschreiben für die öffentliche Petition Nr. 434 ist am 12-12-2014 bis zum 27-12-2014 verlängert worden
Neues Enddatum der Unterschriftsphase: 27-12-2014
Die öffentliche Petition Nr. 434 kann ab dem 14-11-2014 unterschrieben werden
Die öffentliche Petition Nr. 434 wurde am 13-11-2014 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt
Zulässigkeit : zulässig
Beginn der Unterschriftsphase : 14-11-2014 um 0:00
Ende der Unterschriftsphase : 26-12-2014 um 23:59
Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 10-11-2014 betreffend die Petition Nr. 434 fällt positiv aus
Gutachten des Petitionsausschusses : positiv
Die öffentliche Petition Nr. 434 wurde am 16-09-2014 eingereicht.
Titel der Petition: Steierlech Erliichterung fir "familles monoparentales" a Besteierung vun de "familles monoparentales an der Steierklass 2
Ziel der Petition: - E Papp oder eng Mamm mat engem oder méi Kanner (famille monoparentale, Steierklass 1a) bezuelen bis zu 153% méi Steieren wéi eng Koppel (Steierklass 2), obschonn allebéid Famillen zu 2 oder méi an engem Stot zesummeliewen. D'Situatioun ass also déi selwecht. Mä eng Koppel profitéiert vu steierleche Virdeeler, während eng Mamm oder e Papp mat engem oder méi Kanner zousätzlech finanziell an organisatoresch Chargen huet:
- Erzéiung vum Kand
- Dagesmamm, Crèche, Foyer, Schoul, Veräin, Babysitter
- Eleng den Haushalt erleedegen
- Seng Fräizäit nom Kand riichten (Veräin, Taxi, Educatioun, Eltereversammlung, Krankepfleg, Dokter, ....)
- Méi Verantwortung, Decisiounen, Suergen, Stress
- Manner Fräizäit, Entspanung, Zäit fir sech selwer
- Steierlech Nodeeler (Steierklass 1a), dat si bis zu 153% a 780€ méi pro Mount. Eleng doduerch läit d'Nettoakommes bis zu 16% méi niddereg.
- D'Kannergeld an aner Allocatiounen, gi bei engem Kand oft mol net duer, fir de steierlechen Nodeel zu enger bestueter Koppel auszegläichen. Trotz Kannergeld bleift d'Nettoakommes also méi niddereg. Soziaalt Engagement gëtt also hei net belount mä kascht vill Suen, zousätzlech zu de Käschten déi Kanner mat sech bréngen.
Fir alles ze meeschteren gi vill vun de Pappen a Mammen "à temps partiel" schaffen, wat zousätzlech riseg finanziell Aschränkunge bedeit.
En Elengerzéier (eng Elengerzéierin) ka säin Akommes net duerch en 2. Akommes opbesseren, wéi et eng Koppelen maache kann. Dobäi ass nach eng grouss Zomm vum 2. Akommes steierfräi.
Déi héich Besteierung (Klass 1a) vu de "familles monoparentales" ass net ze verstoen an och net drobar.
Elengerzéiend Elterendeeler si sozial engagéiert an droen zur Zukunft vum Land bäi, sécheren de Fortbestand vun der Bevëlkerung, këmmeren sech ëm d'Kanner a bezuelen en héige Präis. Hei am Land gëtt ee finanziell bestrooft, wann een duerch familiär Ëmstänn Kanner huet a se muss eleng erzéien.
Vill Mammen a Pappen liewen eleng mat hire Kanner. Déi Zuel klëmmt stänneg. Déi meescht hu sech dat net gewënscht a sinn oft an enger schwiereger sozialer, moralescher a finanzieller Situatioun. (Trennung, Scheedung, Stierffall, Meedercherskanner ... ), den Aarmutsrisiko ass riesech (46,9%) am Verglach mat enger bestueter Koppel (7,1%) an e gëtt ënner anerem duerch déi steierlech Nodeeler verursaacht.
Fir där Ongerechtegkeet am Vergläich zu Koppelen en Enn ze maachen, gëtt et eng Méiglechkeet: "Familles monoparentales" gehéieren an d'Steierklass 2.