Ëffentlech n°434

Petitionnär/in: Jean Heuschling

Steierlech Erliichterung fir "familles monoparentales" a Besteierung vun de "familles monoparentales an der Steierklass 2

Zil vun der Petitioun

- E Papp oder eng Mamm mat engem oder méi Kanner (famille monoparentale, Steierklass 1a) bezuelen bis zu 153% méi Steieren wéi eng Koppel (Steierklass 2), obschonn allebéid Famillen zu 2 oder méi an engem Stot zesummeliewen. D'Situatioun ass also déi selwecht. Mä eng Koppel profitéiert vu ... méi

ofgelaf  27.12.2014
355 /4.500
8%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
25.02.2015

D'ëffentlech Petitioun Nr. 434 ass den 25-02-2015 ofgeschloss ginn

21.01.2015

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

15.01.2015

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 355

15.01.2015

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 434 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 15-01-2015 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 355

28.12.2014

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 434 z'ënnerschreiwen ass den 28-12-2014 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 355

12.12.2014

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 434 z'ënnerschreiwen ass den 12-12-2014 bis den 27-12-2014 verlängert ginn

Neie Schlussdatum vun der Kollekt vun Ënnerschrëften: 27-12-2014

14.11.2014

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 434 ka vum 14-11-2014 un ënnerschriwwe ginn

13.11.2014

D'ëffentlech Petitioun Nr. 434 gouf den 13-11-2014 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 14-11-2014 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 26-12-2014 um 23h59

10.11.2014

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 10-11-2014 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 434 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

16.09.2014

D'ëffentlech Petitioun Nr. 434 gouf den 16-09-2014 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Steierlech Erliichterung fir "familles monoparentales" a Besteierung vun de "familles monoparentales an der Steierklass 2

 

 

Zil vun der Petitioun: - E Papp oder eng Mamm mat engem oder méi Kanner (famille monoparentale, Steierklass 1a) bezuelen bis zu 153% méi Steieren wéi eng Koppel (Steierklass 2), obschonn allebéid Famillen zu 2 oder méi an engem Stot zesummeliewen. D'Situatioun ass also déi selwecht. Mä eng Koppel profitéiert vu steierleche Virdeeler, während eng Mamm oder e Papp mat engem oder méi Kanner zousätzlech finanziell an organisatoresch Chargen huet:

 

- Erzéiung vum Kand

 

- Dagesmamm, Crèche, Foyer, Schoul, Veräin, Babysitter

 

- Eleng den Haushalt erleedegen

 

- Seng Fräizäit nom Kand riichten (Veräin, Taxi, Educatioun, Eltereversammlung, Krankepfleg, Dokter, ....)

 

- Méi Verantwortung, Decisiounen, Suergen, Stress

 

- Manner Fräizäit, Entspanung, Zäit fir sech selwer

 

- Steierlech Nodeeler (Steierklass 1a), dat si bis zu 153% a 780€ méi pro Mount. Eleng doduerch läit d'Nettoakommes bis zu 16% méi niddereg.

 

- D'Kannergeld an aner Allocatiounen, gi bei engem Kand oft mol net duer, fir de steierlechen Nodeel zu enger bestueter Koppel auszegläichen. Trotz Kannergeld bleift d'Nettoakommes also méi niddereg. Soziaalt Engagement gëtt also hei net belount mä kascht vill Suen, zousätzlech zu de Käschten déi Kanner mat sech bréngen.

 

Fir alles ze meeschteren gi vill vun de Pappen a Mammen "à temps partiel" schaffen, wat zousätzlech riseg finanziell Aschränkunge bedeit.

 

En Elengerzéier (eng Elengerzéierin) ka säin Akommes net duerch en 2. Akommes opbesseren, wéi et eng Koppelen maache kann. Dobäi ass nach eng grouss Zomm vum 2. Akommes steierfräi.

 

Déi héich Besteierung (Klass 1a) vu de "familles monoparentales" ass net ze verstoen an och net drobar.

 

Elengerzéiend Elterendeeler si sozial engagéiert an droen zur Zukunft vum Land bäi, sécheren de Fortbestand vun der Bevëlkerung, këmmeren sech ëm d'Kanner a bezuelen en héige Präis. Hei am Land gëtt ee finanziell bestrooft, wann een duerch familiär Ëmstänn Kanner huet a se muss eleng erzéien.

 

Vill Mammen a Pappen liewen eleng mat hire Kanner. Déi Zuel klëmmt stänneg. Déi meescht hu sech dat net gewënscht a sinn oft an enger schwiereger sozialer, moralescher a finanzieller Situatioun. (Trennung, Scheedung, Stierffall, Meedercherskanner ... ), den Aarmutsrisiko ass riesech (46,9%) am Verglach mat enger bestueter Koppel (7,1%) an e gëtt ënner anerem duerch déi steierlech Nodeeler verursaacht.

 

Fir där Ongerechtegkeet am Vergläich zu Koppelen en Enn ze maachen, gëtt et eng Méiglechkeet: "Familles monoparentales" gehéieren an d'Steierklass 2.

 

15.09.2014

Depot