Public n°434

Petitioner: Jean Heuschling

Steierlech Erliichterung fir "familles monoparentales" a Besteierung vun de "familles monoparentales an der Steierklass 2

Purpose of the petition

- E Papp oder eng Mamm mat engem oder méi Kanner (famille monoparentale, Steierklass 1a) bezuelen bis zu 153% méi Steieren wéi eng Koppel (Steierklass 2), obschonn allebéid Famillen zu 2 oder méi an engem Stot zesummeliewen. D'Situatioun ass also déi selwecht. Mä eng Koppel profitéiert vu ... more

ended  27.12.2014
355 /4.500
8%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
25.02.2015

The public petition n°434 is closed on 25-02-2015

21.01.2015

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

15.01.2015

Validated electronic signatures: 355

15.01.2015

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°434, on 15-01-02015 - Number of signatures after validation: 355

28.12.2014

The period for signing the public petition n°. 434 is closed on 28-12-2014 - Number of electronic signatures before validation: 355

12.12.2014

The period for signing the public petition n° 434 is extended until 27-12-2014, on 12-12-2014

New end date of the signature period: 27-12-2014

14.11.2014

The public petition n°434 is open for signature, on 14-11-2014

13.11.2014

The public petition n°434 is declared admissible by the Conference of Presidents on 13-11-2014

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 14-11-2014 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 26-12-2014 at 11:59 p.m.

10.11.2014

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 434, on 10-11-2014

Opinion of the Committee on Petitions: positive

16.09.2014

The petition public n°434 is submitted the 16-09-2014

Title of the petition: Steierlech Erliichterung fir "familles monoparentales" a Besteierung vun de "familles monoparentales an der Steierklass 2

 

 

Aim of the petition: - E Papp oder eng Mamm mat engem oder méi Kanner (famille monoparentale, Steierklass 1a) bezuelen bis zu 153% méi Steieren wéi eng Koppel (Steierklass 2), obschonn allebéid Famillen zu 2 oder méi an engem Stot zesummeliewen. D'Situatioun ass also déi selwecht. Mä eng Koppel profitéiert vu steierleche Virdeeler, während eng Mamm oder e Papp mat engem oder méi Kanner zousätzlech finanziell an organisatoresch Chargen huet:

 

- Erzéiung vum Kand

 

- Dagesmamm, Crèche, Foyer, Schoul, Veräin, Babysitter

 

- Eleng den Haushalt erleedegen

 

- Seng Fräizäit nom Kand riichten (Veräin, Taxi, Educatioun, Eltereversammlung, Krankepfleg, Dokter, ....)

 

- Méi Verantwortung, Decisiounen, Suergen, Stress

 

- Manner Fräizäit, Entspanung, Zäit fir sech selwer

 

- Steierlech Nodeeler (Steierklass 1a), dat si bis zu 153% a 780€ méi pro Mount. Eleng doduerch läit d'Nettoakommes bis zu 16% méi niddereg.

 

- D'Kannergeld an aner Allocatiounen, gi bei engem Kand oft mol net duer, fir de steierlechen Nodeel zu enger bestueter Koppel auszegläichen. Trotz Kannergeld bleift d'Nettoakommes also méi niddereg. Soziaalt Engagement gëtt also hei net belount mä kascht vill Suen, zousätzlech zu de Käschten déi Kanner mat sech bréngen.

 

Fir alles ze meeschteren gi vill vun de Pappen a Mammen "à temps partiel" schaffen, wat zousätzlech riseg finanziell Aschränkunge bedeit.

 

En Elengerzéier (eng Elengerzéierin) ka säin Akommes net duerch en 2. Akommes opbesseren, wéi et eng Koppelen maache kann. Dobäi ass nach eng grouss Zomm vum 2. Akommes steierfräi.

 

Déi héich Besteierung (Klass 1a) vu de "familles monoparentales" ass net ze verstoen an och net drobar.

 

Elengerzéiend Elterendeeler si sozial engagéiert an droen zur Zukunft vum Land bäi, sécheren de Fortbestand vun der Bevëlkerung, këmmeren sech ëm d'Kanner a bezuelen en héige Präis. Hei am Land gëtt ee finanziell bestrooft, wann een duerch familiär Ëmstänn Kanner huet a se muss eleng erzéien.

 

Vill Mammen a Pappen liewen eleng mat hire Kanner. Déi Zuel klëmmt stänneg. Déi meescht hu sech dat net gewënscht a sinn oft an enger schwiereger sozialer, moralescher a finanzieller Situatioun. (Trennung, Scheedung, Stierffall, Meedercherskanner ... ), den Aarmutsrisiko ass riesech (46,9%) am Verglach mat enger bestueter Koppel (7,1%) an e gëtt ënner anerem duerch déi steierlech Nodeeler verursaacht.

 

Fir där Ongerechtegkeet am Vergläich zu Koppelen en Enn ze maachen, gëtt et eng Méiglechkeet: "Familles monoparentales" gehéieren an d'Steierklass 2.

 

15.09.2014

Filing