Petitionär/in: Andy Weber
"Avertissement taxé" der Geschwindëgkeet ugepasst
Ziel der Petition
Am Moment kascht et wann een hei am Land vun engem Radar geblëtzt gët suguer da wann een nëmmen 2~3km/h driwwer ass direkt 49EUR an ab 20~25% driwwer ass een direkt bei 145EUR. Dëss Petitioun fuerdert eng gestaffelt Präisgestaltung bei sämtlëchen avertissements taxés bei deenen eng ... mehr
Beweggründe für die Petition
Gëtt een haut hei am Land geblëtzt wann ee just 2 oder 3km/h iwwert der Limite ënnerwee ass dann dinn 49€ richtëg wéih. Natierlech sollen se daat och, mee eng net gestaffelt Tarifstruktur ass weder fair nach sënnvoll. De Bremswee klëmmt schliesslëch och exponentiell zur Vitesse, wisou sollt ... mehr
Verlauf dieser Petition
Die öffentliche Petition Nr. 3511 kann ab dem 28-02-2025 unterschrieben werden
Zulässigkeitsbescheid
Die öffentliche Petition Nr. 3511 wurde am 27-02-2025 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt
Zulässigkeit : zulässig
Beginn der Unterschriftsphase : 28-02-2025 um 0:00
Ende der Unterschriftsphase : 10-04-2025 um 23:59
Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 26-02-2025 betreffend die Petition Nr. 3511 fällt positiv aus
Gutachten des Petitionsausschusses : positiv
Die öffentliche Petition Nr. 3511 wurde am 06-01-2025 eingereicht.
Titel der Petition: "Avertissement taxé" der Geschwindëgkeet ugepasst
Ziel der Petition: Am Moment kascht et wann een hei am Land vun engem Radar geblëtzt gët suguer da wann een nëmmen 2~3km/h driwwer ass direkt 49EUR an ab 20~25% driwwer ass een direkt bei 145EUR.
Dëss Petitioun fuerdert eng gestaffelt Präisgestaltung bei sämtlëchen avertissements taxés bei deenen eng Geschwindegkeet ermëttelt gët. Beispill: ee Radar op enger Streck wou 90 ass: 10EUR prix de base plus 2EUR pro km/h deen een ze schnell ass an ab "contravention grave" nach eng Kéier 2EUR pro km/h dei een iwwert dësem zweete Grenzwäert läit on top:
91km/h: 12EUR "Contravention simple" - ab hei aktuell 49EUR
92km/h: 14EUR
95km/h: 20EUR
100km/h: 30EUR
105km/h: 40EUR
110km/h: 50EUR
111km/h: 54EUR (52EUR + 2EUR) "Contravention grave" - ab hei aktuell 145EUR
112km/h: 58EUR (54EUR + 4EUR)
113km/h: 62EUR (56EUR + 6EUR)
115km/h: 70EUR
125km/h: 110EUR
130km/h: 130EUR
135km/h: 150EUR
>136km/h: délit de grande vitesse
Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Gëtt een haut hei am Land geblëtzt wann ee just 2 oder 3km/h iwwert der Limite ënnerwee ass dann dinn 49€ richtëg wéih. Natierlech sollen se daat och, mee eng net gestaffelt Tarifstruktur ass weder fair nach sënnvoll. De Bremswee klëmmt schliesslëch och exponentiell zur Vitesse, wisou sollt da beim "avertissement taxé" just tëscht "bëssen ze schnell" a "vill ze schnell" ënnerscheed gin?
Op der Landstrooss läit tëscht 91km/h an 110km/h d'Längt vu ronn engem halwe Fussballfeld un zousätzlëchem Bremswee - awer 0€ un zousätzlëchem avertissement taxé!
Op der Autobunn läit tëscht 131km/h an 155km/h d'Längt vu bal engem ganze Fussballfeld un zousätzlëchem Bremswee - awer 0€ un zousätzlëchem avertissement taxé!