Petitioner: Andy Weber
"Avertissement taxé" der Geschwindëgkeet ugepasst
Purpose of the petition
Am Moment kascht et wann een hei am Land vun engem Radar geblëtzt gët suguer da wann een nëmmen 2~3km/h driwwer ass direkt 49EUR an ab 20~25% driwwer ass een direkt bei 145EUR. Dëss Petitioun fuerdert eng gestaffelt Präisgestaltung bei sämtlëchen avertissements taxés bei deenen eng ... more
Reasons for the petition
Gëtt een haut hei am Land geblëtzt wann ee just 2 oder 3km/h iwwert der Limite ënnerwee ass dann dinn 49€ richtëg wéih. Natierlech sollen se daat och, mee eng net gestaffelt Tarifstruktur ass weder fair nach sënnvoll. De Bremswee klëmmt schliesslëch och exponentiell zur Vitesse, wisou sollt ... more
The steps of this petition
The public petition n°3511 is open for signature, on 28-02-2025
Statement of admissibility
The public petition n°3511 is declared admissible by the Conference of Presidents on 27-02-2025
Admissibility: admissible
Start date of the signature period: 28-02-2025 at 0:00 a.m.
End date of the signature period: 10-04-2025 at 11:59 p.m.
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 3511, on 26-02-2025
Opinion of the Committee on Petitions: positive
The petition public n°3511 is submitted the 06-01-2025
Title of the petition: "Avertissement taxé" der Geschwindëgkeet ugepasst
Aim of the petition: Am Moment kascht et wann een hei am Land vun engem Radar geblëtzt gët suguer da wann een nëmmen 2~3km/h driwwer ass direkt 49EUR an ab 20~25% driwwer ass een direkt bei 145EUR.
Dëss Petitioun fuerdert eng gestaffelt Präisgestaltung bei sämtlëchen avertissements taxés bei deenen eng Geschwindegkeet ermëttelt gët. Beispill: ee Radar op enger Streck wou 90 ass: 10EUR prix de base plus 2EUR pro km/h deen een ze schnell ass an ab "contravention grave" nach eng Kéier 2EUR pro km/h dei een iwwert dësem zweete Grenzwäert läit on top:
91km/h: 12EUR "Contravention simple" - ab hei aktuell 49EUR
92km/h: 14EUR
95km/h: 20EUR
100km/h: 30EUR
105km/h: 40EUR
110km/h: 50EUR
111km/h: 54EUR (52EUR + 2EUR) "Contravention grave" - ab hei aktuell 145EUR
112km/h: 58EUR (54EUR + 4EUR)
113km/h: 62EUR (56EUR + 6EUR)
115km/h: 70EUR
125km/h: 110EUR
130km/h: 130EUR
135km/h: 150EUR
>136km/h: délit de grande vitesse
Motivation of the general interest of the petition: Gëtt een haut hei am Land geblëtzt wann ee just 2 oder 3km/h iwwert der Limite ënnerwee ass dann dinn 49€ richtëg wéih. Natierlech sollen se daat och, mee eng net gestaffelt Tarifstruktur ass weder fair nach sënnvoll. De Bremswee klëmmt schliesslëch och exponentiell zur Vitesse, wisou sollt da beim "avertissement taxé" just tëscht "bëssen ze schnell" a "vill ze schnell" ënnerscheed gin?
Op der Landstrooss läit tëscht 91km/h an 110km/h d'Längt vu ronn engem halwe Fussballfeld un zousätzlëchem Bremswee - awer 0€ un zousätzlëchem avertissement taxé!
Op der Autobunn läit tëscht 131km/h an 155km/h d'Längt vu bal engem ganze Fussballfeld un zousätzlëchem Bremswee - awer 0€ un zousätzlëchem avertissement taxé!