Ëffentlech n°3511

Petitionnär/in: Andy Weber

"Avertissement taxé" der Geschwindëgkeet ugepasst

Zil vun der Petitioun

Am Moment kascht et wann een hei am Land vun engem Radar geblëtzt gët suguer da wann een nëmmen 2~3km/h driwwer ass direkt 49EUR an ab 20~25% driwwer ass een direkt bei 145EUR. Dëss Petitioun fuerdert eng gestaffelt Präisgestaltung bei sämtlëchen avertissements taxés bei deenen eng ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Gëtt een haut hei am Land geblëtzt wann ee just 2 oder 3km/h iwwert der Limite ënnerwee ass dann dinn 49€ richtëg wéih. Natierlech sollen se daat och, mee eng net gestaffelt Tarifstruktur ass weder fair nach sënnvoll. De Bremswee klëmmt schliesslëch och exponentiell zur Vitesse, wisou sollt ... méi

36
Deeg bleiwen
44 /4.500
1%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
28.02.2025

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3511 ka vum 28-02-2025 un ënnerschriwwe ginn

27.02.2025

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

27.02.2025

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3511 gouf den 27-02-2025 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 28-02-2025 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 10-04-2025 um 23h59

26.02.2025

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 26-02-2025 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3511 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

06.01.2025

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3511 gouf den 06-01-2025 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: "Avertissement taxé" der Geschwindëgkeet ugepasst

Zil vun der Petitioun: Am Moment kascht et wann een hei am Land vun engem Radar geblëtzt gët suguer da wann een nëmmen 2~3km/h driwwer ass direkt 49EUR an ab 20~25% driwwer ass een direkt bei 145EUR.

 

Dëss Petitioun fuerdert eng gestaffelt Präisgestaltung bei sämtlëchen avertissements taxés bei deenen eng Geschwindegkeet ermëttelt gët. Beispill: ee Radar op enger Streck wou 90 ass: 10EUR prix de base plus 2EUR pro km/h deen een ze schnell ass an ab "contravention grave" nach eng Kéier 2EUR pro km/h dei een iwwert dësem zweete Grenzwäert läit on top:

 

91km/h: 12EUR "Contravention simple" - ab hei aktuell 49EUR

92km/h: 14EUR

95km/h: 20EUR

100km/h: 30EUR

105km/h: 40EUR

110km/h: 50EUR

111km/h: 54EUR (52EUR + 2EUR) "Contravention grave" - ab hei aktuell 145EUR

112km/h: 58EUR (54EUR + 4EUR)

113km/h: 62EUR (56EUR + 6EUR)

115km/h: 70EUR

125km/h: 110EUR

130km/h: 130EUR

135km/h: 150EUR

>136km/h: délit de grande vitesse

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Gëtt een haut hei am Land geblëtzt wann ee just 2 oder 3km/h iwwert der Limite ënnerwee ass dann dinn 49€ richtëg wéih. Natierlech sollen se daat och, mee eng net gestaffelt Tarifstruktur ass weder fair nach sënnvoll. De Bremswee klëmmt schliesslëch och exponentiell zur Vitesse, wisou sollt da beim "avertissement taxé" just tëscht "bëssen ze schnell" a "vill ze schnell" ënnerscheed gin?

 

Op der Landstrooss läit tëscht 91km/h an 110km/h d'Längt vu ronn engem halwe Fussballfeld un zousätzlëchem Bremswee - awer 0€ un zousätzlëchem avertissement taxé!

Op der Autobunn läit tëscht 131km/h an 155km/h d'Längt vu bal engem ganze Fussballfeld un zousätzlëchem Bremswee - awer 0€ un zousätzlëchem avertissement taxé!