Petitionnär/in: Andy Weber
"Avertissement taxé" der Geschwindëgkeet ugepasst
Zil vun der Petitioun
Am Moment kascht et wann een hei am Land vun engem Radar geblëtzt gët suguer da wann een nëmmen 2~3km/h driwwer ass direkt 49EUR an ab 20~25% driwwer ass een direkt bei 145EUR. Dëss Petitioun fuerdert eng gestaffelt Präisgestaltung bei sämtlëchen avertissements taxés bei deenen eng ... méi
Motivatioun vun der Petitioun
Gëtt een haut hei am Land geblëtzt wann ee just 2 oder 3km/h iwwert der Limite ënnerwee ass dann dinn 49€ richtëg wéih. Natierlech sollen se daat och, mee eng net gestaffelt Tarifstruktur ass weder fair nach sënnvoll. De Bremswee klëmmt schliesslëch och exponentiell zur Vitesse, wisou sollt ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3511 ka vum 28-02-2025 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3511 gouf den 27-02-2025 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 28-02-2025 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 10-04-2025 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 26-02-2025 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3511 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3511 gouf den 06-01-2025 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: "Avertissement taxé" der Geschwindëgkeet ugepasst
Zil vun der Petitioun: Am Moment kascht et wann een hei am Land vun engem Radar geblëtzt gët suguer da wann een nëmmen 2~3km/h driwwer ass direkt 49EUR an ab 20~25% driwwer ass een direkt bei 145EUR.
Dëss Petitioun fuerdert eng gestaffelt Präisgestaltung bei sämtlëchen avertissements taxés bei deenen eng Geschwindegkeet ermëttelt gët. Beispill: ee Radar op enger Streck wou 90 ass: 10EUR prix de base plus 2EUR pro km/h deen een ze schnell ass an ab "contravention grave" nach eng Kéier 2EUR pro km/h dei een iwwert dësem zweete Grenzwäert läit on top:
91km/h: 12EUR "Contravention simple" - ab hei aktuell 49EUR
92km/h: 14EUR
95km/h: 20EUR
100km/h: 30EUR
105km/h: 40EUR
110km/h: 50EUR
111km/h: 54EUR (52EUR + 2EUR) "Contravention grave" - ab hei aktuell 145EUR
112km/h: 58EUR (54EUR + 4EUR)
113km/h: 62EUR (56EUR + 6EUR)
115km/h: 70EUR
125km/h: 110EUR
130km/h: 130EUR
135km/h: 150EUR
>136km/h: délit de grande vitesse
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Gëtt een haut hei am Land geblëtzt wann ee just 2 oder 3km/h iwwert der Limite ënnerwee ass dann dinn 49€ richtëg wéih. Natierlech sollen se daat och, mee eng net gestaffelt Tarifstruktur ass weder fair nach sënnvoll. De Bremswee klëmmt schliesslëch och exponentiell zur Vitesse, wisou sollt da beim "avertissement taxé" just tëscht "bëssen ze schnell" a "vill ze schnell" ënnerscheed gin?
Op der Landstrooss läit tëscht 91km/h an 110km/h d'Längt vu ronn engem halwe Fussballfeld un zousätzlëchem Bremswee - awer 0€ un zousätzlëchem avertissement taxé!
Op der Autobunn läit tëscht 131km/h an 155km/h d'Längt vu bal engem ganze Fussballfeld un zousätzlëchem Bremswee - awer 0€ un zousätzlëchem avertissement taxé!