Öffentliche n°1728

Petitionär/in: Romain Becker

Erhiewe vu Boarbelendag um 4. Dezember zu engem offiziellen nationale Gedenkdag

Ziel der Petition

De 4. Dezember soll zu engem offiziellen nationale Gedenkdag erhuewe ginn.

Beweggründe für die Petition

Boarbelen- oder och Bäerbelendag genannt, den 4.Dezember, war am Minett traditionell en Dag wou d’Aarbecht gerout huet an der helleger Boarbel (Bäerbel) geduecht gouf. Et war den Dag wou den Biergmann säi Feierdag hat a wou hien zesumme mat senge Komeroden déi hellege Bäerbel als ... mehr

abgelaufen  21.01.2021
287 /4.500
6%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
22.03.2021

Beendigungsbescheid

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
17.03.2021

Die öffentliche Petition Nr. 1728 wurde am 17-03-2021 abgeschlossen

Begründung der Beendigung: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

27.01.2021

Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition

27.01.2021

Die öffentliche Petition Nr. 1728 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 27-01-2021 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 287

27.01.2021

Gültige Online-Unterschriften: 287

22.01.2021

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 1728 ist am 22-01-2021 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 287

11.12.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1728 kann ab dem 11-12-2020 unterschrieben werden

10.12.2020

Zulässigkeitsbescheid

10.12.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1728 wurde am 10-12-2020 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 11-12-2020 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 21-01-2021 um 23:59

09.12.2020

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 09-12-2020 betreffend die Petition Nr. 1728 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

07.12.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1728 wurde am 07-12-2020 eingereicht.

Titel der Petition: Erhiewe vu Boarbelendag um 4. Dezember zu engem offiziellen nationale Gedenkdag

Ziel der Petition: De 4. Dezember soll zu engem offiziellen nationale Gedenkdag erhuewe ginn.

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Boarbelen- oder och Bäerbelendag genannt, den 4.Dezember, war am Minett traditionell en Dag wou d’Aarbecht gerout huet an der helleger Boarbel (Bäerbel) geduecht gouf.

Et war den Dag wou den Biergmann säi Feierdag hat a wou hien zesumme mat senge Komeroden déi hellege Bäerbel als Schutzpatréinerin vun de Biergleit geéiert huet.

Dem Biergmann seng Aarbecht huet de Grondstee geluecht vun dem wat eist Land haut ass. An esou wéi de Biergmann fréier säi Schicksal an d’Hänn vun enger héierer Muecht geluecht huet, sinn mär haut als hir Notznéisser verflicht hinne Merci ze soe fir dat wat si eis an d’Hand ginn hunn fir drop op ze bauen.

Boarbelendag ass e Symbol fir de Wëlle vum Mënsch fir e Schicksal ze erdroen, eppes opzebauen an dat un déi folgend Generatioune weider ze ginn. Et ass eng bestoend a gelieften Traditioun am Süden vun eisem Land, an ass international en Dag den an de Biergbauregioune begaange gëtt.

 

De Biergbau:

• ass en Deel vun der kultureller Identitéit vum Süden vu Lëtzebuerg.

• huet e ganz bestëmmte Mënscheschlag gebilt.

• ass e Motor gewiescht vum soziale Fortschrëtt hei am Land.

• huet Industrie an Banken hei am Land néideg gemaach.

• ass vun techneschem Fortschrëtt gepräägt gewiescht, eppes wat och haut nach wichteg ass a wat haut nach aktuell ass am Kader vum Spacemining.

• Huet seng Spueren an der Natur hei am Süden hannerlooss an huet eis Landschafte gepräägt.

 

Boarbelendag ass e stoarkt Symbol fir de Biergbau.

 

De 4.Dezember zu engem nationale Gedenkdag ze erhiewe wär nëmme gerecht vis-à-vis vun de Biergleit an hire Familljen, mee och vis-à-vis vun de villen aktuelle Beméiunge fir eise Patrimoine industriel an Patrimoine culturel hei am Süden vum Land ze erhalen. (Unesco Biosphärenprojet, Muséeën, Journée international des Mineurs zu Käl, Nationaalt Biergarbechterdenkmal zu Käl op der Léiffrächen asw.)

 

Boarbelendag soll als nationale Gedenkdag och vun der Chamber begaange ginn, als Unerkennung fir déi Generatiounen déi hiert Liewen an den Déngscht vun eiser Natioun gestallt hunn, an fir d’Geschicht vum Biergbau als Beispill fir déi zukünfteg Generatiounen ze erhalen.