Public n°1728

Petitioner: Romain Becker

Erhiewe vu Boarbelendag um 4. Dezember zu engem offiziellen nationale Gedenkdag

Purpose of the petition

De 4. Dezember soll zu engem offiziellen nationale Gedenkdag erhuewe ginn.

Reasons for the petition

Boarbelen- oder och Bäerbelendag genannt, den 4.Dezember, war am Minett traditionell en Dag wou d’Aarbecht gerout huet an der helleger Boarbel (Bäerbel) geduecht gouf. Et war den Dag wou den Biergmann säi Feierdag hat a wou hien zesumme mat senge Komeroden déi hellege Bäerbel als ... more

ended  21.01.2021
287 /4.500
6%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
22.03.2021

Closing statement

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
17.03.2021

The public petition n°1728 is closed on 17-03-2021

Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

27.01.2021

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

27.01.2021

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°1728, on 27-01-02021 - Number of signatures after validation: 287

27.01.2021

Validated electronic signatures: 287

22.01.2021

The period for signing the public petition n°. 1728 is closed on 22-01-2021 - Number of electronic signatures before validation: 287

11.12.2020

The public petition n°1728 is open for signature, on 11-12-2020

10.12.2020

Statement of admissibility

10.12.2020

The public petition n°1728 is declared admissible by the Conference of Presidents on 10-12-2020

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 11-12-2020 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 21-01-2021 at 11:59 p.m.

09.12.2020

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 1728, on 09-12-2020

Opinion of the Committee on Petitions: positive

07.12.2020

The petition public n°1728 is submitted the 07-12-2020

Title of the petition: Erhiewe vu Boarbelendag um 4. Dezember zu engem offiziellen nationale Gedenkdag

Aim of the petition: De 4. Dezember soll zu engem offiziellen nationale Gedenkdag erhuewe ginn.

Motivation of the general interest of the petition: Boarbelen- oder och Bäerbelendag genannt, den 4.Dezember, war am Minett traditionell en Dag wou d’Aarbecht gerout huet an der helleger Boarbel (Bäerbel) geduecht gouf.

Et war den Dag wou den Biergmann säi Feierdag hat a wou hien zesumme mat senge Komeroden déi hellege Bäerbel als Schutzpatréinerin vun de Biergleit geéiert huet.

Dem Biergmann seng Aarbecht huet de Grondstee geluecht vun dem wat eist Land haut ass. An esou wéi de Biergmann fréier säi Schicksal an d’Hänn vun enger héierer Muecht geluecht huet, sinn mär haut als hir Notznéisser verflicht hinne Merci ze soe fir dat wat si eis an d’Hand ginn hunn fir drop op ze bauen.

Boarbelendag ass e Symbol fir de Wëlle vum Mënsch fir e Schicksal ze erdroen, eppes opzebauen an dat un déi folgend Generatioune weider ze ginn. Et ass eng bestoend a gelieften Traditioun am Süden vun eisem Land, an ass international en Dag den an de Biergbauregioune begaange gëtt.

 

De Biergbau:

• ass en Deel vun der kultureller Identitéit vum Süden vu Lëtzebuerg.

• huet e ganz bestëmmte Mënscheschlag gebilt.

• ass e Motor gewiescht vum soziale Fortschrëtt hei am Land.

• huet Industrie an Banken hei am Land néideg gemaach.

• ass vun techneschem Fortschrëtt gepräägt gewiescht, eppes wat och haut nach wichteg ass a wat haut nach aktuell ass am Kader vum Spacemining.

• Huet seng Spueren an der Natur hei am Süden hannerlooss an huet eis Landschafte gepräägt.

 

Boarbelendag ass e stoarkt Symbol fir de Biergbau.

 

De 4.Dezember zu engem nationale Gedenkdag ze erhiewe wär nëmme gerecht vis-à-vis vun de Biergleit an hire Familljen, mee och vis-à-vis vun de villen aktuelle Beméiunge fir eise Patrimoine industriel an Patrimoine culturel hei am Süden vum Land ze erhalen. (Unesco Biosphärenprojet, Muséeën, Journée international des Mineurs zu Käl, Nationaalt Biergarbechterdenkmal zu Käl op der Léiffrächen asw.)

 

Boarbelendag soll als nationale Gedenkdag och vun der Chamber begaange ginn, als Unerkennung fir déi Generatiounen déi hiert Liewen an den Déngscht vun eiser Natioun gestallt hunn, an fir d’Geschicht vum Biergbau als Beispill fir déi zukünfteg Generatiounen ze erhalen.