Ëffentlech n°1728

Petitionnär/in: Romain Becker

Erhiewe vu Boarbelendag um 4. Dezember zu engem offiziellen nationale Gedenkdag

Zil vun der Petitioun

De 4. Dezember soll zu engem offiziellen nationale Gedenkdag erhuewe ginn.

Motivatioun vun der Petitioun

Boarbelen- oder och Bäerbelendag genannt, den 4.Dezember, war am Minett traditionell en Dag wou d’Aarbecht gerout huet an der helleger Boarbel (Bäerbel) geduecht gouf. Et war den Dag wou den Biergmann säi Feierdag hat a wou hien zesumme mat senge Komeroden déi hellege Bäerbel als ... méi

ofgelaf  21.01.2021
287 /4.500
6%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
22.03.2021

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
17.03.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1728 ass den 17-03-2021 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

27.01.2021

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

27.01.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1728 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 27-01-2021 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 287

27.01.2021

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 287

22.01.2021

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1728 z'ënnerschreiwen ass den 22-01-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 287

11.12.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1728 ka vum 11-12-2020 un ënnerschriwwe ginn

10.12.2020

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

10.12.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1728 gouf den 10-12-2020 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 11-12-2020 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 21-01-2021 um 23h59

09.12.2020

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 09-12-2020 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1728 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

07.12.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1728 gouf den 07-12-2020 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Erhiewe vu Boarbelendag um 4. Dezember zu engem offiziellen nationale Gedenkdag

Zil vun der Petitioun: De 4. Dezember soll zu engem offiziellen nationale Gedenkdag erhuewe ginn.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Boarbelen- oder och Bäerbelendag genannt, den 4.Dezember, war am Minett traditionell en Dag wou d’Aarbecht gerout huet an der helleger Boarbel (Bäerbel) geduecht gouf.

Et war den Dag wou den Biergmann säi Feierdag hat a wou hien zesumme mat senge Komeroden déi hellege Bäerbel als Schutzpatréinerin vun de Biergleit geéiert huet.

Dem Biergmann seng Aarbecht huet de Grondstee geluecht vun dem wat eist Land haut ass. An esou wéi de Biergmann fréier säi Schicksal an d’Hänn vun enger héierer Muecht geluecht huet, sinn mär haut als hir Notznéisser verflicht hinne Merci ze soe fir dat wat si eis an d’Hand ginn hunn fir drop op ze bauen.

Boarbelendag ass e Symbol fir de Wëlle vum Mënsch fir e Schicksal ze erdroen, eppes opzebauen an dat un déi folgend Generatioune weider ze ginn. Et ass eng bestoend a gelieften Traditioun am Süden vun eisem Land, an ass international en Dag den an de Biergbauregioune begaange gëtt.

 

De Biergbau:

• ass en Deel vun der kultureller Identitéit vum Süden vu Lëtzebuerg.

• huet e ganz bestëmmte Mënscheschlag gebilt.

• ass e Motor gewiescht vum soziale Fortschrëtt hei am Land.

• huet Industrie an Banken hei am Land néideg gemaach.

• ass vun techneschem Fortschrëtt gepräägt gewiescht, eppes wat och haut nach wichteg ass a wat haut nach aktuell ass am Kader vum Spacemining.

• Huet seng Spueren an der Natur hei am Süden hannerlooss an huet eis Landschafte gepräägt.

 

Boarbelendag ass e stoarkt Symbol fir de Biergbau.

 

De 4.Dezember zu engem nationale Gedenkdag ze erhiewe wär nëmme gerecht vis-à-vis vun de Biergleit an hire Familljen, mee och vis-à-vis vun de villen aktuelle Beméiunge fir eise Patrimoine industriel an Patrimoine culturel hei am Süden vum Land ze erhalen. (Unesco Biosphärenprojet, Muséeën, Journée international des Mineurs zu Käl, Nationaalt Biergarbechterdenkmal zu Käl op der Léiffrächen asw.)

 

Boarbelendag soll als nationale Gedenkdag och vun der Chamber begaange ginn, als Unerkennung fir déi Generatiounen déi hiert Liewen an den Déngscht vun eiser Natioun gestallt hunn, an fir d’Geschicht vum Biergbau als Beispill fir déi zukünfteg Generatiounen ze erhalen.