Petitionär/in: Claude Clemens
Wäertschätzung vun den “Helden“ vun der Corona-Kris net just a Krisen-Zäiten
Ziel der Petition
Eng Rei Berufsgruppen an eiser Gesellschaft, deelweis aus dem sougenannten “Niddreglounsecteur”, sinn an der Corona-Kris op eemol systemrelevant an zu “Helden” ginn, deenen ëm 20h00 owes dobaussen an de Stroosse geklappt gëtt. Dësen Applaus ass jo gewëssermoossen e staarkt Mandat vun der ... mehr
Beweggründe für die Petition
Ee Schratt a Richtung vun enger méi gerechter a solidarescher Gesellschaft
Verlauf dieser Petition
Die öffentliche Petition Nr. 1551 wurde am 28-10-2020 abgeschlossen
Begründung der Beendigung: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition
Die öffentliche Petition Nr. 1551 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 16-09-2020 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 64
Gültige Online-Unterschriften: 64
Wegen der Aufhebung der Unterschriften auf Papier während des Notstands beginnt die Unterschriftsphase für Unterschriften auf Papier am 24.06.2020 und endet am 04.08.2020 um 23:59
Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 1551 ist am 19-06-2020 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 64
Die öffentliche Petition Nr. 1551 kann ab dem 08-05-2020 unterschrieben werden
Die öffentliche Petition Nr. 1551 wurde am 07-05-2020 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt
Zulässigkeit : zulässig
Beginn der Unterschriftsphase : 08-05-2020 um 0:00
Ende der Unterschriftsphase : 18-06-2020 um 23:59
Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 06-05-2020 betreffend die Petition Nr. 1551 fällt positiv aus
Gutachten des Petitionsausschusses : positiv
Die öffentliche Petition Nr. 1551 wurde am 16-04-2020 eingereicht.
Titel der Petition: Wäertschätzung vun den “Helden“ vun der Corona-Kris net just a Krisen-Zäiten
Ziel der Petition: Eng Rei Berufsgruppen an eiser Gesellschaft, deelweis aus dem sougenannten “Niddreglounsecteur”, sinn an der Corona-Kris op eemol systemrelevant an zu “Helden” ginn, deenen ëm 20h00 owes dobaussen an de Stroosse geklappt gëtt. Dësen Applaus ass jo gewëssermoossen e staarkt Mandat vun der Bevëlkerung fir d’Politik – souwuel d’Exekutive wéi d’Legislative –, all hir zur Verfügung stoend Mëttelen, souwuel offizieller wéi och informeller, ze notzen, fir eppes zu Gonschte vun dëse Bevëlkerungsschichten a Beruffsgruppen ze maachen. Sief et wat Salairen ugeet, d’Aarbechtsbedingungen oder ganz allgemeng d’Liewensqualitéit.
Dëst ka geschéien duerch Ännerungen am Droit du travail, duerch de Versuch op Kollektivverträg anzewierken, resp. d’Kollekivvertrags-Wiesen ze stäerken, oder och ganz einfach duerch “politesche Lobbying” bei Patronatsverbänn a firwat net, amplaz vun enger Stol-Tripartite, mol eng Kéier eng Tripartite fir déi Leit déi all Dag d’Dreckskëschten eidel maachen. Wat den an der Lescht oft zitéierten Bien-être au travail ugeet an dat an deem Zesummenhang grad esou oft gebrauchten “Zauberwuert” Télétravail, sou weisen déi nei systemrelevant Beruffer, oft genuch zousätzlech mat Weekendsaarbecht verbonnen, datt och dat net duer geet: krank an al Leit ginn net am Télétravail versuergt, grad ewéi d’Keessen net vun doheem aus gemaach ginn an och d’Dreckskëschten net via Computer eidel gemaach ginn. Do kann een éischter un Aarbechtszäit-Verkierzungen denken oder fiskalesch Virdeeler op Weekendsaarbecht, Schichtaarbecht oder änleches.
Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Ee Schratt a Richtung vun enger méi gerechter a solidarescher Gesellschaft