Ëffentlech n°1551

Petitionnär/in: Claude Clemens

Wäertschätzung vun den “Helden“ vun der Corona-Kris net just a Krisen-Zäiten

Zil vun der Petitioun

Eng Rei Berufsgruppen an eiser Gesellschaft, deelweis aus dem sougenannten “Niddreglounsecteur”, sinn an der Corona-Kris op eemol systemrelevant an zu “Helden” ginn, deenen ëm 20h00 owes dobaussen an de Stroosse geklappt gëtt. Dësen Applaus ass jo gewëssermoossen e staarkt Mandat vun der ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Ee Schratt a Richtung vun enger méi gerechter a solidarescher Gesellschaft

ofgelaf  18.06.2020
64 /4.500
1%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
02.11.2020

Deklaratioun vun der Cloture

28.10.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1551 ass den 28-10-2020 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

22.09.2020

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

16.09.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1551 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 16-09-2020 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 64

16.09.2020

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 64

24.06.2020

Wéint der Ophiewung vun de Pabeiersënnerschrëfte während dem Etat de Crise fänkt d'Kollekt vu Pabeiersënnerschrëften de 24.06.2020 un an hält den 04.08.2020 um 23:59 op

19.06.2020

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1551 z'ënnerschreiwen ass den 19-06-2020 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 64

08.05.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1551 ka vum 08-05-2020 un ënnerschriwwe ginn

07.05.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1551 gouf den 07-05-2020 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 08-05-2020 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 18-06-2020 um 23h59

06.05.2020

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 06-05-2020 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1551 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

16.04.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1551 gouf den 16-04-2020 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Wäertschätzung vun den “Helden“ vun der Corona-Kris net just a Krisen-Zäiten

Zil vun der Petitioun: Eng Rei Berufsgruppen an eiser Gesellschaft, deelweis aus dem sougenannten “Niddreglounsecteur”, sinn an der Corona-Kris op eemol systemrelevant an zu “Helden” ginn, deenen ëm 20h00 owes dobaussen an de Stroosse geklappt gëtt. Dësen Applaus ass jo gewëssermoossen e staarkt Mandat vun der Bevëlkerung fir d’Politik – souwuel d’Exekutive wéi d’Legislative –, all hir zur Verfügung stoend Mëttelen, souwuel offizieller wéi och informeller, ze notzen, fir eppes zu Gonschte vun dëse Bevëlkerungsschichten a Beruffsgruppen ze maachen. Sief et wat Salairen ugeet, d’Aarbechtsbedingungen oder ganz allgemeng d’Liewensqualitéit.

Dëst ka geschéien duerch Ännerungen am Droit du travail, duerch de Versuch op Kollektivverträg anzewierken, resp. d’Kollekivvertrags-Wiesen ze stäerken, oder och ganz einfach duerch “politesche Lobbying” bei Patronatsverbänn a firwat net, amplaz vun enger Stol-Tripartite, mol eng Kéier eng Tripartite fir déi Leit déi all Dag d’Dreckskëschten eidel maachen. Wat den an der Lescht oft zitéierten Bien-être au travail ugeet an dat an deem Zesummenhang grad esou oft gebrauchten “Zauberwuert” Télétravail, sou weisen déi nei systemrelevant Beruffer, oft genuch zousätzlech mat Weekendsaarbecht verbonnen, datt och dat net duer geet: krank an al Leit ginn net am Télétravail versuergt, grad ewéi d’Keessen net vun doheem aus gemaach ginn an och d’Dreckskëschten net via Computer eidel gemaach ginn. Do kann een éischter un Aarbechtszäit-Verkierzungen denken oder fiskalesch Virdeeler op Weekendsaarbecht, Schichtaarbecht oder änleches.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Ee Schratt a Richtung vun enger méi gerechter a solidarescher Gesellschaft