Petitioner: Claude Clemens
Wäertschätzung vun den “Helden“ vun der Corona-Kris net just a Krisen-Zäiten
Purpose of the petition
Eng Rei Berufsgruppen an eiser Gesellschaft, deelweis aus dem sougenannten “Niddreglounsecteur”, sinn an der Corona-Kris op eemol systemrelevant an zu “Helden” ginn, deenen ëm 20h00 owes dobaussen an de Stroosse geklappt gëtt. Dësen Applaus ass jo gewëssermoossen e staarkt Mandat vun der ... more
Reasons for the petition
Ee Schratt a Richtung vun enger méi gerechter a solidarescher Gesellschaft
The steps of this petition
The public petition n°1551 is closed on 28-10-2020
Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition
The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°1551, on 16-09-02020 - Number of signatures after validation: 64
Validated electronic signatures: 64
Due to the suspension of paper signatures during the state of emergency, the period for paper signatures starts on 24.06.2020 and ends on 04.08.2020 at 23:59
The period for signing the public petition n°. 1551 is closed on 19-06-2020 - Number of electronic signatures before validation: 64
The public petition n°1551 is open for signature, on 08-05-2020
The public petition n°1551 is declared admissible by the Conference of Presidents on 07-05-2020
Admissibility: admissible
Start date of the signature period: 08-05-2020 at 0:00 a.m.
End date of the signature period: 18-06-2020 at 11:59 p.m.
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 1551, on 06-05-2020
Opinion of the Committee on Petitions: positive
The petition public n°1551 is submitted the 16-04-2020
Title of the petition: Wäertschätzung vun den “Helden“ vun der Corona-Kris net just a Krisen-Zäiten
Aim of the petition: Eng Rei Berufsgruppen an eiser Gesellschaft, deelweis aus dem sougenannten “Niddreglounsecteur”, sinn an der Corona-Kris op eemol systemrelevant an zu “Helden” ginn, deenen ëm 20h00 owes dobaussen an de Stroosse geklappt gëtt. Dësen Applaus ass jo gewëssermoossen e staarkt Mandat vun der Bevëlkerung fir d’Politik – souwuel d’Exekutive wéi d’Legislative –, all hir zur Verfügung stoend Mëttelen, souwuel offizieller wéi och informeller, ze notzen, fir eppes zu Gonschte vun dëse Bevëlkerungsschichten a Beruffsgruppen ze maachen. Sief et wat Salairen ugeet, d’Aarbechtsbedingungen oder ganz allgemeng d’Liewensqualitéit.
Dëst ka geschéien duerch Ännerungen am Droit du travail, duerch de Versuch op Kollektivverträg anzewierken, resp. d’Kollekivvertrags-Wiesen ze stäerken, oder och ganz einfach duerch “politesche Lobbying” bei Patronatsverbänn a firwat net, amplaz vun enger Stol-Tripartite, mol eng Kéier eng Tripartite fir déi Leit déi all Dag d’Dreckskëschten eidel maachen. Wat den an der Lescht oft zitéierten Bien-être au travail ugeet an dat an deem Zesummenhang grad esou oft gebrauchten “Zauberwuert” Télétravail, sou weisen déi nei systemrelevant Beruffer, oft genuch zousätzlech mat Weekendsaarbecht verbonnen, datt och dat net duer geet: krank an al Leit ginn net am Télétravail versuergt, grad ewéi d’Keessen net vun doheem aus gemaach ginn an och d’Dreckskëschten net via Computer eidel gemaach ginn. Do kann een éischter un Aarbechtszäit-Verkierzungen denken oder fiskalesch Virdeeler op Weekendsaarbecht, Schichtaarbecht oder änleches.
Motivation of the general interest of the petition: Ee Schratt a Richtung vun enger méi gerechter a solidarescher Gesellschaft