Öffentliche n°1516

Petitionär/in: Sarah Thoss

Grad sou wéi de Schouldokter soll e Psycholog all zwee Joer an d'Schoule kommen

Ziel der Petition

Déi psychesch Gesondheet ass mindestens genausou wichteg wéi déi physesch. Dofir soll e Schüler, deem et net gutt geet mat engem schwätzen a sech engem uvertraue kënnen. Mee fir dat kennen ze maachen, muss hien sech selwer iwwerwannen an dat ass e grousse Schrëtt, dee vill Leit leider net ... mehr

Beweggründe für die Petition

- D'Ënnerstëtzung vu Schüler, deenen et net gutt geet, och ausserhalb vun der Schoul - D'Destigmatiséiere vu mentale Krankheeten duerch Opklärung an Sensibiliséierung - D'Méiglechkeet fir Schüler hier Gefiller ze konfrontéieren, amplaz se an sech eran ze friessen - D'Méiglechkeet ... mehr

abgelaufen  26.05.2020
1757 /4.500
39%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
02.11.2020

Beendigungsbescheid

28.10.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1516 wurde am 28-10-2020 abgeschlossen

Begründung der Beendigung: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

22.09.2020

Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition

16.09.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1516 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 16-09-2020 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 1757

16.09.2020

Gültige Papier- Unterschriften: 80

16.09.2020

Gültige Online-Unterschriften: 1677

24.06.2020

Wegen der Aufhebung der Unterschriften auf Papier während des Notstands beginnt die Unterschriftsphase für Unterschriften auf Papier am 24.06.2020 und endet am 04.08.2020 um 23:59

27.05.2020

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 1516 ist am 27-05-2020 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 1677

15.04.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1516 kann ab dem 15-04-2020 unterschrieben werden

03.04.2020

Zulässigkeitsbescheid

03.04.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1516 wurde am 03-04-2020 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 15-04-2020 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 26-05-2020 um 23:59

01.04.2020

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 01-04-2020 betreffend die Petition Nr. 1516 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

16.03.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1516 wurde am 16-03-2020 eingereicht.

Titel der Petition: Grad sou wéi de Schouldokter soll e Psycholog all zwee Joer an d'Schoule kommen

Ziel der Petition: Déi psychesch Gesondheet ass mindestens genausou wichteg wéi déi physesch.

 

Dofir soll e Schüler, deem et net gutt geet mat engem schwätzen a sech engem uvertraue kënnen. Mee fir dat kennen ze maachen, muss hien sech selwer iwwerwannen an dat ass e grousse Schrëtt, dee vill Leit leider net maachen.

D'Essenz vun dëser Petitioun ass déi, datt e Psycholog soll, genausou wei de Schouldokter all zwee Joer an d'Schoule goen an do de Schüler nolauschteren. All Schüler wier 20 Minutten eleng mat dem Psycholog an hätt dann déi Zäit fir him sech entweder unzevertrauen oder net. Doduerch, datt de Psycholog bei si kennt, amplaz datt si bei hie musse goen, wéi et momentan ass, ass déi Hemmschwell vum Iwwerwanne quasi fort.

 

Zum Schluss vun der Consultatioun kritt de Schüler Donnéeë fir ëmmer kennen ausserschoulesch  bei e Psycholog ze goen. Sou soll e betraffene Schüler erkennen, datt et an der Rei ass, fir mat engem doriwwer ze schwätzen, wei et him geet, an datt professionell Leit do sinn, déi engem nolauschteren.

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition:

- D'Ënnerstëtzung vu Schüler, deenen et net gutt geet, och ausserhalb vun der Schoul

 

- D'Destigmatiséiere vu mentale Krankheeten duerch Opklärung an Sensibiliséierung

 

- D'Méiglechkeet fir Schüler hier Gefiller ze konfrontéieren, amplaz se an sech eran ze friessen

 

- D'Méiglechkeet fir Schüler hier Gefiller engem externe Psycholog ze offenbaren, deen net un d'Schoul gebonnen ass

 

Sou léiert een och fir spéider, datt et an der Rei ass, fir mat engem ze schwätzen, an datt een dat ëmmer maache kann.