Ëffentlech n°1516

Petitionnär/in: Sarah Thoss

Grad sou wéi de Schouldokter soll e Psycholog all zwee Joer an d'Schoule kommen

Zil vun der Petitioun

Déi psychesch Gesondheet ass mindestens genausou wichteg wéi déi physesch. Dofir soll e Schüler, deem et net gutt geet mat engem schwätzen a sech engem uvertraue kënnen. Mee fir dat kennen ze maachen, muss hien sech selwer iwwerwannen an dat ass e grousse Schrëtt, dee vill Leit leider net ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

- D'Ënnerstëtzung vu Schüler, deenen et net gutt geet, och ausserhalb vun der Schoul - D'Destigmatiséiere vu mentale Krankheeten duerch Opklärung an Sensibiliséierung - D'Méiglechkeet fir Schüler hier Gefiller ze konfrontéieren, amplaz se an sech eran ze friessen - D'Méiglechkeet ... méi

ofgelaf  26.05.2020
1757 /4.500
39%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
02.11.2020

Deklaratioun vun der Cloture

28.10.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1516 ass den 28-10-2020 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

22.09.2020

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

16.09.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1516 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 16-09-2020 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1757

16.09.2020

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 80

16.09.2020

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1677

24.06.2020

Wéint der Ophiewung vun de Pabeiersënnerschrëfte während dem Etat de Crise fänkt d'Kollekt vu Pabeiersënnerschrëften de 24.06.2020 un an hält den 04.08.2020 um 23:59 op

27.05.2020

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1516 z'ënnerschreiwen ass den 27-05-2020 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1677

15.04.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1516 ka vum 15-04-2020 un ënnerschriwwe ginn

03.04.2020

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

03.04.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1516 gouf den 03-04-2020 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 15-04-2020 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 26-05-2020 um 23h59

01.04.2020

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 01-04-2020 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1516 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

16.03.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1516 gouf den 16-03-2020 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Grad sou wéi de Schouldokter soll e Psycholog all zwee Joer an d'Schoule kommen

Zil vun der Petitioun: Déi psychesch Gesondheet ass mindestens genausou wichteg wéi déi physesch.

 

Dofir soll e Schüler, deem et net gutt geet mat engem schwätzen a sech engem uvertraue kënnen. Mee fir dat kennen ze maachen, muss hien sech selwer iwwerwannen an dat ass e grousse Schrëtt, dee vill Leit leider net maachen.

D'Essenz vun dëser Petitioun ass déi, datt e Psycholog soll, genausou wei de Schouldokter all zwee Joer an d'Schoule goen an do de Schüler nolauschteren. All Schüler wier 20 Minutten eleng mat dem Psycholog an hätt dann déi Zäit fir him sech entweder unzevertrauen oder net. Doduerch, datt de Psycholog bei si kennt, amplaz datt si bei hie musse goen, wéi et momentan ass, ass déi Hemmschwell vum Iwwerwanne quasi fort.

 

Zum Schluss vun der Consultatioun kritt de Schüler Donnéeë fir ëmmer kennen ausserschoulesch  bei e Psycholog ze goen. Sou soll e betraffene Schüler erkennen, datt et an der Rei ass, fir mat engem doriwwer ze schwätzen, wei et him geet, an datt professionell Leit do sinn, déi engem nolauschteren.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun:

- D'Ënnerstëtzung vu Schüler, deenen et net gutt geet, och ausserhalb vun der Schoul

 

- D'Destigmatiséiere vu mentale Krankheeten duerch Opklärung an Sensibiliséierung

 

- D'Méiglechkeet fir Schüler hier Gefiller ze konfrontéieren, amplaz se an sech eran ze friessen

 

- D'Méiglechkeet fir Schüler hier Gefiller engem externe Psycholog ze offenbaren, deen net un d'Schoul gebonnen ass

 

Sou léiert een och fir spéider, datt et an der Rei ass, fir mat engem ze schwätzen, an datt een dat ëmmer maache kann.