Petitioner: Sarah Thoss
Grad sou wéi de Schouldokter soll e Psycholog all zwee Joer an d'Schoule kommen
Purpose of the petition
Déi psychesch Gesondheet ass mindestens genausou wichteg wéi déi physesch. Dofir soll e Schüler, deem et net gutt geet mat engem schwätzen a sech engem uvertraue kënnen. Mee fir dat kennen ze maachen, muss hien sech selwer iwwerwannen an dat ass e grousse Schrëtt, dee vill Leit leider net ... more
Reasons for the petition
- D'Ënnerstëtzung vu Schüler, deenen et net gutt geet, och ausserhalb vun der Schoul - D'Destigmatiséiere vu mentale Krankheeten duerch Opklärung an Sensibiliséierung - D'Méiglechkeet fir Schüler hier Gefiller ze konfrontéieren, amplaz se an sech eran ze friessen - D'Méiglechkeet ... more
The steps of this petition
The public petition n°1516 is closed on 28-10-2020
Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition
The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°1516, on 16-09-02020 - Number of signatures after validation: 1757
Validated paper signatures: 80
Validated electronic signatures: 1677
Due to the suspension of paper signatures during the state of emergency, the period for paper signatures starts on 24.06.2020 and ends on 04.08.2020 at 23:59
The period for signing the public petition n°. 1516 is closed on 27-05-2020 - Number of electronic signatures before validation: 1677
The public petition n°1516 is open for signature, on 15-04-2020
Statement of admissibility
The public petition n°1516 is declared admissible by the Conference of Presidents on 03-04-2020
Admissibility: admissible
Start date of the signature period: 15-04-2020 at 0:00 a.m.
End date of the signature period: 26-05-2020 at 11:59 p.m.
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 1516, on 01-04-2020
Opinion of the Committee on Petitions: positive
The petition public n°1516 is submitted the 16-03-2020
Title of the petition: Grad sou wéi de Schouldokter soll e Psycholog all zwee Joer an d'Schoule kommen
Aim of the petition: Déi psychesch Gesondheet ass mindestens genausou wichteg wéi déi physesch.
Dofir soll e Schüler, deem et net gutt geet mat engem schwätzen a sech engem uvertraue kënnen. Mee fir dat kennen ze maachen, muss hien sech selwer iwwerwannen an dat ass e grousse Schrëtt, dee vill Leit leider net maachen.
D'Essenz vun dëser Petitioun ass déi, datt e Psycholog soll, genausou wei de Schouldokter all zwee Joer an d'Schoule goen an do de Schüler nolauschteren. All Schüler wier 20 Minutten eleng mat dem Psycholog an hätt dann déi Zäit fir him sech entweder unzevertrauen oder net. Doduerch, datt de Psycholog bei si kennt, amplaz datt si bei hie musse goen, wéi et momentan ass, ass déi Hemmschwell vum Iwwerwanne quasi fort.
Zum Schluss vun der Consultatioun kritt de Schüler Donnéeë fir ëmmer kennen ausserschoulesch bei e Psycholog ze goen. Sou soll e betraffene Schüler erkennen, datt et an der Rei ass, fir mat engem doriwwer ze schwätzen, wei et him geet, an datt professionell Leit do sinn, déi engem nolauschteren.
Motivation of the general interest of the petition:
- D'Ënnerstëtzung vu Schüler, deenen et net gutt geet, och ausserhalb vun der Schoul
- D'Destigmatiséiere vu mentale Krankheeten duerch Opklärung an Sensibiliséierung
- D'Méiglechkeet fir Schüler hier Gefiller ze konfrontéieren, amplaz se an sech eran ze friessen
- D'Méiglechkeet fir Schüler hier Gefiller engem externe Psycholog ze offenbaren, deen net un d'Schoul gebonnen ass
Sou léiert een och fir spéider, datt et an der Rei ass, fir mat engem ze schwätzen, an datt een dat ëmmer maache kann.