Fir en nationale Plang fir d'Ëmsetzung vum Déiereschutzgesetz - Pétitions
Fir en nationale Plang fir d'Ëmsetzung vum Déiereschutzgesetz
Pétition publique n°2382
Pétitionnaire : Sacha André
Objet de la pétition
Säit 2018 huet Lëtzebuerg en neit Déiereschutzgesetz. Leider muss ee feststellen, dass et nach net flächendeckend ëmgesat oder kontrolléiert ka ginn. En nationalen Ëmsetzungsplang zur Sensibiliséierung vun de Bierger an och zur Ënnerstetzung vun den Déiereschutzassociatiounen, déi an deem Beräich eng wäertvoll Aarbecht leeschte géif hëllefen, dass d'Gesetz esou wéi et virgesinn ass kann. gräifeZum engem Plang gehéiert et och ze kucken, wéi een adequat an allen Regioune vum Land kann. Et fällt op, dass et am Norden, Osten a Weste vum Land keng Infrastrukture gëtt . Déierenasiler konzentréieren sech op de Minett an hannert der Staat gëtt et keng méi.
Motivation de la pétition
Et kann ee feststellen, dass a verschidde Beräicher no 4 Joer d'Déiereschutzgesetz nach net wierkt. Nach ëmmer, fir ee Beispill ze nennen, si vill fräilafend Kazen, weder gechippt, nach steriliséiert oder kastréiert. Och bei den Hënn sinn net ëmmer all am Gesetz opgelëschte Punkten erfëllt. Déiereschutzorganisatiounen huelen sech oft der Saach un, dëst ass mat villen Onkäschte verbonnen. Verschidde Gemengen ënnerstëtzen hier Awunner oder Associatiounen a deem Kontext mat enger finanzieller Hëllef, mee leider ass dat net iwwerall de Fall. Um nationale Plang e Projet ze entwéckelen, dee vun allen Gemengen ëmgesat misst ginn, ass do e wichtegen Usaz. Fir d'Problemer konkret an aktiv ze léisen ass en nationale Plang néideg, wou Bierger sensibiliséiert an opgekläert ginn an se och wann néideg Ënnerstëtzung kréien. An deem Kontext ass et och wichteg ze kucken, wéi eng Ressourcen oder Infrastrukturen an all Regioun vum Land gebraucht ginn, fir konkret an zilorientéiert agéieren ze kennen.
Collecte des signatures terminée
Après analyse de l’ensemble des signatures enregistrées, 1226 signatures sont valides.
Signatures validées
1 234 / 4 500
Informations clés
Clôturée
Date de dépôt
24/06/2022
Ouverture de la collecte de signatures
13/07/2022
Informations complémentaires
Historique de la pétition
Signataires de la pétition
18/11/2022
Déclaration de clôture
16/11/2022
La pétition publique n°2382 est clôturée, le 16-11-2022
06/10/2022
Demande concernant la poursuite de l'instruction de la pétition reclassée en pétition ordinaire
05/10/2022
Le seuil des 4500 signatures n'est pas atteint pour la pétition publique n°2382, le 05-10-2022 - Nombre de signatures après validation: 1234
05/10/2022
Signatures électroniques validées: 1226
24/08/2022
La période de signature de la pétition publique n°2382 est clôturée, le 24-08-2022 - Nombre de signatures électroniques avant validation: 1226
23/08/2022
Signatures papier validées: 8
13/07/2022
La pétition publique n°2382 est ouverte à signature, le 13-07-2022
13/07/2022
Déclaration de recevabilité
12/07/2022
La pétition publique n°2382 est déclarée recevable par la Commission des Pétitions, le 12-07-2022
11/07/2022
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°2382, le 11-07-2022
24/06/2022
La pétition publique n°2382 est déposée, le 24-06-2022