Öffentliche n°1097
Petitionär/in: / Eric Meyers et Luc Scholtes
Fir eng obligatoresch Visitt vun all Lycées-Schüler am fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert / Pour une visite obligatoire de chaque lycéen à l'ancien camp de concentration de Hinzert
Ziel der Petition
Fir datt all Schüler, deen zu Lëtzebuerg am enseignement secondaire ageschriwwen ass, virum Enn vun der obligatorescher Scolaritéit mat 16 Joer eng Kéier d'Gedenkstätt vum fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert besicht huet
Beweggründe für die Petition
Et gëtt geschat, datt 82 Lëtzebuerger tëscht 1941 an 1945 hiert Liewen am "SS-Sonderlager" Hinzert hu misse loossen, ënner anerem och eis Jongen, Bridder, Pappen, Bopien an Urgroussbopen, déi 1942 um Generalstreik deelgeholl hunn. Den Doud vun dëse Lëtzebuerger Helden dierf nimools vergiess ... mehr
Et gëtt geschat, datt 82 Lëtzebuerger tëscht 1941 an 1945 hiert Liewen am "SS-Sonderlager" Hinzert hu misse loossen, ënner anerem och eis Jongen, Bridder, Pappen, Bopien an Urgroussbopen, déi 1942 um Generalstreik deelgeholl hunn. Den Doud vun dëse Lëtzebuerger Helden dierf nimools vergiess ginn a mir, mee virun allem déi kommend Generatiounen, hunn d'Flicht dofir ze suergen, datt d'Geschicht sech net widderhëlt. Et dierf net vergiess ginn, datt méi wéi 1.500 Lëtzebuerger fir d'Fräiheet vum ganze Grand-Duché duerch d'Hinzerter Hell hu misse goen. Hinzert ass fir Lëtzebuerg also e ganz zentralen Erënnerungsuert a steet symbolesch fir d'Lëtzebuerger Leed am Zweete Weltkrich.
Elo wou et leider ëmmer manner Zäitzeie vun dësem däischtere Kapitel europäescher Geschicht wäert ginn, ass et ëmsou méi noutwenneg, dës a kommend Generatiounen un d'Vergaangenheet z'erënneren. Et muss een d'Wierder vum Philosoph George Santayana ernimmen, datt jiddereen, deen sech net un d'Vergaangenheet erënnere kann, riskéiert, se nach eng Kéier duerchliewen ze mussen. Fir datt sech esou e Leed ni méi widderhëlt muss d'Erënnerung héichgehale ginn.
Dës Visitt soll komplementar zum übleche Schoulcurriculum sinn. Lëtzebuerger Zäitzeie sollten och matabezu gi fir deene Jonken eng pädagogesch a visuell Visitt z'erméiglechen. Déi Jonk sollen och verstoen, datt hir Fräiheet an de Fridden an Europa net selbstverständlech, mee eng haart erkämpften Errongenschaft ass. Dowéinst soll de Besuch am fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert och dozou déngen, déi Jonk fir déi historesch Bedeitung vum Friddensprojet Europäesch Unioun ze sensibiliséieren. Nëmmen deen, deen d'Vergaangenheet kennt, kann och d'Géigewaart verstoen an d'Zukunft gestalten.
... weniger