Petitionär/in: / Eric Meyers et Luc Scholtes
Fir eng obligatoresch Visitt vun all Lycées-Schüler am fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert / Pour une visite obligatoire de chaque lycéen à l'ancien camp de concentration de Hinzert
Ziel der Petition
Fir datt all Schüler, deen zu Lëtzebuerg am enseignement secondaire ageschriwwen ass, virum Enn vun der obligatorescher Scolaritéit mat 16 Joer eng Kéier d'Gedenkstätt vum fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert besicht huet
Beweggründe für die Petition
Et gëtt geschat, datt 82 Lëtzebuerger tëscht 1941 an 1945 hiert Liewen am "SS-Sonderlager" Hinzert hu misse loossen, ënner anerem och eis Jongen, Bridder, Pappen, Bopien an Urgroussbopen, déi 1942 um Generalstreik deelgeholl hunn. Den Doud vun dëse Lëtzebuerger Helden dierf nimools vergiess ... mehr
Verlauf dieser Petition
Die öffentliche Petition Nr. 1097 wurde am 14-02-2019 abgeschlossen
Begründung der Beendigung: Demande de reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition
Gültige Online-Unterschriften: 76
Die öffentliche Petition Nr. 1097 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 13-12-2018 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 76
Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 1097 ist am 31-10-2018 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 76
Die öffentliche Petition Nr. 1097 kann ab dem 18-09-2018 unterschrieben werden
Zulässigkeitsbescheid
Die öffentliche Petition Nr. 1097 wurde am 12-09-2018 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt
Zulässigkeit : zulässig
Beginn der Unterschriftsphase : 18-09-2018 um 0:00
Ende der Unterschriftsphase : 30-10-2018 um 23:59
Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 12-09-2018 betreffend die Petition Nr. 1097 fällt positiv aus
Gutachten des Petitionsausschusses : positiv
Die öffentliche Petition Nr. 1097 wurde am 06-09-2018 eingereicht.
Titel der Petition: Fir eng obligatoresch Visitt vun all Lycées-Schüler am fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert / Pour une visite obligatoire de chaque lycéen à l'ancien camp de concentration de Hinzert
Ziel der Petition: Fir datt all Schüler, deen zu Lëtzebuerg am enseignement secondaire ageschriwwen ass, virum Enn vun der obligatorescher Scolaritéit mat 16 Joer eng Kéier d'Gedenkstätt vum fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert besicht huet
Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Et gëtt geschat, datt 82 Lëtzebuerger tëscht 1941 an 1945 hiert Liewen am "SS-Sonderlager" Hinzert hu misse loossen, ënner anerem och eis Jongen, Bridder, Pappen, Bopien an Urgroussbopen, déi 1942 um Generalstreik deelgeholl hunn. Den Doud vun dëse Lëtzebuerger Helden dierf nimools vergiess ginn a mir, mee virun allem déi kommend Generatiounen, hunn d'Flicht dofir ze suergen, datt d'Geschicht sech net widderhëlt. Et dierf net vergiess ginn, datt méi wéi 1.500 Lëtzebuerger fir d'Fräiheet vum ganze Grand-Duché duerch d'Hinzerter Hell hu misse goen. Hinzert ass fir Lëtzebuerg also e ganz zentralen Erënnerungsuert a steet symbolesch fir d'Lëtzebuerger Leed am Zweete Weltkrich.
Elo wou et leider ëmmer manner Zäitzeie vun dësem däischtere Kapitel europäescher Geschicht wäert ginn, ass et ëmsou méi noutwenneg, dës a kommend Generatiounen un d'Vergaangenheet z'erënneren. Et muss een d'Wierder vum Philosoph George Santayana ernimmen, datt jiddereen, deen sech net un d'Vergaangenheet erënnere kann, riskéiert, se nach eng Kéier duerchliewen ze mussen. Fir datt sech esou e Leed ni méi widderhëlt muss d'Erënnerung héichgehale ginn.
Dës Visitt soll komplementar zum übleche Schoulcurriculum sinn. Lëtzebuerger Zäitzeie sollten och matabezu gi fir deene Jonken eng pädagogesch a visuell Visitt z'erméiglechen. Déi Jonk sollen och verstoen, datt hir Fräiheet an de Fridden an Europa net selbstverständlech, mee eng haart erkämpften Errongenschaft ass. Dowéinst soll de Besuch am fréiere Konzentratiounslager zu Hinzert och dozou déngen, déi Jonk fir déi historesch Bedeitung vum Friddensprojet Europäesch Unioun ze sensibiliséieren. Nëmmen deen, deen d'Vergaangenheet kennt, kann och d'Géigewaart verstoen an d'Zukunft gestalten.