Öffentliche n°3516

Petitionär/in: Claude Feltgen

Keng staatlech Accounts méi op X/Twitter - Benotzen a promouvéiere vun net-kommerzielle Plattformen

Ziel der Petition

1. All staatlech Accounts op X/Twitter sollen zum nächstméiglechen Zäitpunkt zougemaach ginn. Dat beinhalt och déi offiziell Accounts vu Ministeren. Eenzeg Ausnam: Een Account, deen allgemeng Warnunge wéinst dem Wieder, Héichwaasser, etc. post. 2. De Staat baut eng nohalteg an aktiv ... mehr

Beweggründe für die Petition

Säit dem den Elon Musk Twitter/X kaf huet, ass d'Plattform séier zu sengem perséinleche Spillball fir seng eegen Interessie ginn. Sou ginn et Hiweiser dorobber, datt d'Algorithme vun Twitter/X nom Musk sengem Endorsement fir den Trump zugonschte vun de Republikaner an hire Vue verännert gouf. ... mehr

37
Tage verbleiben
265 /4.500
6%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Bitte bestätigen Sie, dass Sie eine nationale Identifikationsnummer haben.
Tragen Sie Ihren Vornamen ein
Tragen Sie Ihren Familiennamen ein

Wir überprüfen Ihre Unterschrift im Nationalen Register natürlicher Personen. Geben Sie daher bitte Ihren Namen an, wie auf Ihrem Sozialversicherungsausweis angegeben. Geben Sie bitte auch Ihr Geburtsdatum korrekt an.

Um Ihr Geburtsjahr im Kalender auszuwählen, klicken Sie bitte auf die Jahreszahl, um eine Auswahlliste zu öffnen.

Tragen Sie Ihre nationale Identifikationsnummer ein
Geben Sie an, in welcher Straße Sie wohnen
Geben Sie Ihre Hausnummer an
Geben Sie Ihre Postleitzahl an
Geben Sie an, in welcher Stadt Sie wohnen
Geben Sie Ihr Geburtsdatum an - Sie müssen minimum 15 Jahre alt sein
Geben Sie Ihren Geburtsort an
Geben Sie Ihre E-Mail-Adresse an
Die beiden E-Mail-Adressen müssen übereinstimmen.

Im Prinzip werden Ihr Name, Vorname und Wohnort nicht in der Liste der Unterzeichner auf der Internetseite der Abgeorgdentenkammer veröffentlicht.

Bitte bestätigen
Bitte bestätigen
CAPTCHA-Bild zum Spam-Schutz Wenn Sie das Wort nicht lesen können, bitte hier klicken.
Der eingegebene Wert ist nicht korrekt. Bitte versuchen Sie es erneut.

Verlauf dieser Petition

Icon process
07.02.2025

Die öffentliche Petition Nr. 3516 kann ab dem 07-02-2025 unterschrieben werden

06.02.2025

Zulässigkeitsbescheid

06.02.2025

Die öffentliche Petition Nr. 3516 wurde am 06-02-2025 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 07-02-2025 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 20-03-2025 um 23:59

05.02.2025

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 05-02-2025 betreffend die Petition Nr. 3516 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

07.01.2025

Die öffentliche Petition Nr. 3516 wurde am 07-01-2025 eingereicht.

Titel der Petition: Keng staatlech Accounts méi op X/Twitter - Benotzen a promouvéiere vun net-kommerzielle Plattformen

Ziel der Petition: 1. All staatlech Accounts op X/Twitter sollen zum nächstméiglechen Zäitpunkt zougemaach ginn. Dat beinhalt och déi offiziell Accounts vu Ministeren. Eenzeg Ausnam: Een Account, deen allgemeng Warnunge wéinst dem Wieder, Héichwaasser, etc. post.

 

2. De Staat baut eng nohalteg an aktiv Presenz um net-kommerzielle Fediverse (Mastodon a co.) op a promouvéiert dës Plattform esou gutt et geet. Och soll de Staat finanziell hëllefen de Fediverse weider ze entwéckelen.

 

3. Lëtzebuerg setzt sech op europäeschem Niveau fir méi streng Reegele fir sougenannte ,,Social Media" an. Dat mat engem Fokus op d'Oppeleeë vun den Algorithme vun dem wat de Useren ugewise gëtt, der Méiglechkeet fir d'Useren eegen Algorithme kënnen ze notzen an datt et Moderatore ginn, déi di jeeweileg Sprooch vum Contenu verstinn. Fir Lëtzebuerg also och Leit, déi Lëtzebuergesch verstinn.

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Säit dem den Elon Musk Twitter/X kaf huet, ass d'Plattform séier zu sengem perséinleche Spillball fir seng eegen Interessie ginn. Sou ginn et Hiweiser dorobber, datt d'Algorithme vun Twitter/X nom Musk sengem Endorsement fir den Trump zugonschte vun de Republikaner an hire Vue verännert gouf. Mëttlerweil mëscht sech de Musk och an europäesch Walkämpf an an ënnerstëtzt, wéi och an Amerika virdrun, rietsextrem an antidemokratesch Parteien. De Lëtzebuerger Staat sollt esou enger Plattform keng weider Credibilitéit an ëffentlech Opmierksamkeet duerch eng eege Presenz schenken.

Dat gesot muss ee feststellen, datt net just Twitter als Social Media duerch ontransparent a wa méiglech politesch motivéierten Algorithmen problematesch fir den ëffentlechen Discours ass. Schlussendlech riskéiert all kommerziell bedriwwe Plattform Decisioune betreffend hirem Algorithmus ze huelen, déi net d'Wuel vun der Allgemengheet, mä hire Portmonnie an aner perséinlech Interessie vun de Besëtzer an hiren Investisseuren an de Virdergrond stellen. De Lëtzebuerger Staat soll sech dowéinst op europäeschem Niveau fir verstäerkte Reegelen fir grouss Social Media Plattformen asetzen, grad och wat d'Algorithmen ugeet.

Gläichzäiteg soll Lëtzebuerg hëllefen Alternativen zu de kommerziellen an net-europäesche Plattformen opzebauen. Déi aktuell gréissten Alternativ ass dobäi de Fediverse, dëst ass een Netzwierk vun ënnerschiddleche Plattformen ewéi Mastodon a Peertube. De Staat soll dës net-kommerziell Plattformen op der enger Säit mat senger Presenz stäerken, op der anerer awer och ë.a. finanziell bei der (Weider)Entwécklung hëllefen. Dat alles mam Zil de Grand Public fort vu Facebook a co. op dës Plattformen ze guidéieren.

 

Dëst wier ,,Digital Souveränitéit" - vun där mir an Europa gäre schwätzen - och mol ëmgesat.