Ëffentlech n°3516

Petitionnär/in: Claude Feltgen

Keng staatlech Accounts méi op X/Twitter - Benotzen a promouvéiere vun net-kommerzielle Plattformen

Zil vun der Petitioun

1. All staatlech Accounts op X/Twitter sollen zum nächstméiglechen Zäitpunkt zougemaach ginn. Dat beinhalt och déi offiziell Accounts vu Ministeren. Eenzeg Ausnam: Een Account, deen allgemeng Warnunge wéinst dem Wieder, Héichwaasser, etc. post. 2. De Staat baut eng nohalteg an aktiv ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Säit dem den Elon Musk Twitter/X kaf huet, ass d'Plattform séier zu sengem perséinleche Spillball fir seng eegen Interessie ginn. Sou ginn et Hiweiser dorobber, datt d'Algorithme vun Twitter/X nom Musk sengem Endorsement fir den Trump zugonschte vun de Republikaner an hire Vue verännert gouf. ... méi

37
Deeg bleiwen
265 /4.500
6%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

Wgl. confirméiert, datt Dir eng national Identifikatiounsnummer hutt.
Gitt wgl. Äre Virnumm an
Gitt wgl. Ären Nonumm an

Mir verifizéieren Är Ënnerschrëft am Nationalen Register vun de physesche Persounen. Duerfir gitt wgl. Ären Numm un wéi et op Ärer Matriculekaart steet. Gitt wgl. och Äre Gebuertsdatum korrekt un.

Fir Äert Gebuertsjoer am Kalenner auszewielen, klickt wgl. op d'Joereszuel fir d'Sélectiounslëscht opzemaachen.

Gitt wgl. Är national Identifikatiounsnummer an.
Gitt wgl. Är Stroossennumm an
Gitt wgl. Är Hausnummer an
Gitt wgl. Är Postleitzuel an
Gitt wgl. Är Uertschaft an
Gitt wgl. Äre Gebuertsdag an - Dir musst minimum 15 Joer al sinn
Gitt wgl. Äre Gebuertsuert un
Gitt wgl. Är E-mailadress an
Déi zwou E-mailadress mussen identesch sinn.

Am Prinzip ginn Ären Numm, Virnumm a Wunnuert an der Lëscht vun den Ënneschrëften um Internetsite vun der Chamber net publizéiert.

Wgl. bestätegen
Wgl. bestätegen
CAPTCHA image for SPAM prevention If you can't read the word, click here.
Dat wat Dir agin hutt, ass net korrekt. Versicht et nach emol.

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
07.02.2025

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3516 ka vum 07-02-2025 un ënnerschriwwe ginn

06.02.2025

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

06.02.2025

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3516 gouf den 06-02-2025 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 07-02-2025 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-03-2025 um 23h59

05.02.2025

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 05-02-2025 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3516 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

07.01.2025

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3516 gouf den 07-01-2025 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Keng staatlech Accounts méi op X/Twitter - Benotzen a promouvéiere vun net-kommerzielle Plattformen

Zil vun der Petitioun: 1. All staatlech Accounts op X/Twitter sollen zum nächstméiglechen Zäitpunkt zougemaach ginn. Dat beinhalt och déi offiziell Accounts vu Ministeren. Eenzeg Ausnam: Een Account, deen allgemeng Warnunge wéinst dem Wieder, Héichwaasser, etc. post.

 

2. De Staat baut eng nohalteg an aktiv Presenz um net-kommerzielle Fediverse (Mastodon a co.) op a promouvéiert dës Plattform esou gutt et geet. Och soll de Staat finanziell hëllefen de Fediverse weider ze entwéckelen.

 

3. Lëtzebuerg setzt sech op europäeschem Niveau fir méi streng Reegele fir sougenannte ,,Social Media" an. Dat mat engem Fokus op d'Oppeleeë vun den Algorithme vun dem wat de Useren ugewise gëtt, der Méiglechkeet fir d'Useren eegen Algorithme kënnen ze notzen an datt et Moderatore ginn, déi di jeeweileg Sprooch vum Contenu verstinn. Fir Lëtzebuerg also och Leit, déi Lëtzebuergesch verstinn.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Säit dem den Elon Musk Twitter/X kaf huet, ass d'Plattform séier zu sengem perséinleche Spillball fir seng eegen Interessie ginn. Sou ginn et Hiweiser dorobber, datt d'Algorithme vun Twitter/X nom Musk sengem Endorsement fir den Trump zugonschte vun de Republikaner an hire Vue verännert gouf. Mëttlerweil mëscht sech de Musk och an europäesch Walkämpf an an ënnerstëtzt, wéi och an Amerika virdrun, rietsextrem an antidemokratesch Parteien. De Lëtzebuerger Staat sollt esou enger Plattform keng weider Credibilitéit an ëffentlech Opmierksamkeet duerch eng eege Presenz schenken.

Dat gesot muss ee feststellen, datt net just Twitter als Social Media duerch ontransparent a wa méiglech politesch motivéierten Algorithmen problematesch fir den ëffentlechen Discours ass. Schlussendlech riskéiert all kommerziell bedriwwe Plattform Decisioune betreffend hirem Algorithmus ze huelen, déi net d'Wuel vun der Allgemengheet, mä hire Portmonnie an aner perséinlech Interessie vun de Besëtzer an hiren Investisseuren an de Virdergrond stellen. De Lëtzebuerger Staat soll sech dowéinst op europäeschem Niveau fir verstäerkte Reegelen fir grouss Social Media Plattformen asetzen, grad och wat d'Algorithmen ugeet.

Gläichzäiteg soll Lëtzebuerg hëllefen Alternativen zu de kommerziellen an net-europäesche Plattformen opzebauen. Déi aktuell gréissten Alternativ ass dobäi de Fediverse, dëst ass een Netzwierk vun ënnerschiddleche Plattformen ewéi Mastodon a Peertube. De Staat soll dës net-kommerziell Plattformen op der enger Säit mat senger Presenz stäerken, op der anerer awer och ë.a. finanziell bei der (Weider)Entwécklung hëllefen. Dat alles mam Zil de Grand Public fort vu Facebook a co. op dës Plattformen ze guidéieren.

 

Dëst wier ,,Digital Souveränitéit" - vun där mir an Europa gäre schwätzen - och mol ëmgesat.