Petitionär/in: Daniel Rinck
De Groupe Neiwahlen fuerdert d'Demissioun vun der aktueller Regierung, der sougenannter Gambiakoalitioun.
Ziel der Petition
Dës Regierungskoalitioun huet noweisbar net déi néideg Kompetenze fir e Land ze féieren. Mir verlaangen d'Demissioun vun der Regierung an d'Anhale vu Prozeduren, déi d'Verfassung dofir virgesinn huet. De Premierminister muss bei der Presentatioun vun der Demissioun beim Grand-Duc Henri ... mehr
Beweggründe für die Petition
Des Regierung hat um Koalitiounsdësch Vertrieder vun der fräier Wirtschaft déi den Koalitiounsaccord mat verhandelt hunn. Dëst weist drop hin dat keng Biergergerecht Politik soll gemaach ginn mee eng Lobbyiste Politik wat een och elo schonn feststellen kann. Wahlverspriechen vun deenen 3 ... mehr
Verlauf dieser Petition
Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition
Gültige Online-Unterschriften: 1210
Die öffentliche Petition Nr. 513 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 03-09-2015 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 1217
Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 513 ist am 27-08-2015 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 1211
Die öffentliche Petition Nr. 513 kann ab dem 15-07-2015 unterschrieben werden
Die öffentliche Petition Nr. 513 wurde am 03-07-2015 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt
Zulässigkeit : zulässig
Beginn der Unterschriftsphase : 15-07-2015 um 0:00
Ende der Unterschriftsphase : 26-08-2015 um 23:59
Die öffentliche Petition Nr. 513 wurde am 18-06-2015 eingereicht.
Titel der Petition: De Groupe Neiwahlen fuerdert d'Demissioun vun der aktueller Regierung, der sougenannter Gambiakoalitioun.
Ziel der Petition: Dës Regierungskoalitioun huet noweisbar net déi néideg Kompetenze fir e Land ze féieren. Mir verlaangen d'Demissioun vun der Regierung an d'Anhale vu Prozeduren, déi d'Verfassung dofir virgesinn huet. De Premierminister muss bei der Presentatioun vun der Demissioun beim Grand-Duc Henri élections anticipées ufroen.
Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Des Regierung hat um Koalitiounsdësch Vertrieder vun der fräier Wirtschaft déi den Koalitiounsaccord mat verhandelt hunn. Dëst weist drop hin dat keng Biergergerecht Politik soll gemaach ginn mee eng Lobbyiste Politik wat een och elo schonn feststellen kann.
Wahlverspriechen vun deenen 3 Parteien sinn massiv gebrach ginn ( Wahlprogrammer am verglach mat dem Koalitiounsaccord beweisen dat méi wéi däitlech)
Des Regierung huet et fäerdeg bruecht sech mat allen Gewerkschaften an villen etabléierten Organisatiounen unzeleeën an fir massiv Onzefriddenheet ze suergen déi och schonn fir Manifestatiounen virun der Chamber an och op aner Platzen gesuergt hunn ( Reform vum Enseignement, géint den Spuerpak...) oder och Police déi Schrëtt ugekënnegt hunn fir sech ze wieren fir der nëmmen e puer ze nennen...
Dës Regierung huet en Referendum op den Wee ginn virun deem vill Experten gewarnt hunn, an a kaf geholl fir Parteipolitesch Zwecker, fir Parteistrategesch Zwecker an ouni sech déi néideg Zäit ze huelen fir Bierger adequat ze informéieren, Streit an der Bevëlkerung ze provozéieren wat sech och doduerch manifestéiert huet dat Land an 2 gespléckt war, nëmmen nach eng Fro diskutéiert ginn ass, an déi 2 aner wichteg Froen ignoréiert gi sinn. Dat alleng féiert deen Referendum ad absurdum an hëlt him all Legitimitéit.
Den Här Bettel deen als Premier selwer an enger Chambersaach intervenéiert huet an massiv an Referendums Campagnenvun der DP an der Koalitioun agegraff huet, wat hien nëmmen als Parteipresident hätt kennen maachen, awer oft huet hien gesot : Ech als Premier.....En Referendum deen Politeschen Stëllstand provozéiert huet, Politeschen Stëllstand kascht en Land Milliounen wann Personal an en Referendum mat agebonnen ass.
En Premier deen sech Fräiheet eraus hellt an där Campagnen ze soen virun den Kameraen um Mikro ( Tramsschapp) : Ech verspriechen dass ech en Fach Politik an den Schoulen aféieren wann den Jo an der Fro vum Wahlrecht an 16 keent, weist drop hin dass mir en Premier hunn deen Grondkenntnisser vun eiser Verfassung net kennt, Grondkenntnisser vun eiser Politescher Lëtzebuergescher Kultur net keent, well soss misst hien wëssen dat och en Premier keen neit Schoulfach kann asetzen ouni den zoustännegen Ministere an Chamber ze consultéieren.
Des Regierung huet net den Politeschen Anstand no esou engem Wahldesaster wou och kloer géint des Regierung gestëmmt ginn ass, hir Politesch Verantwortung ze iwwerhuelen an Plaatz fir nei Léit ze maachen an esou eisem Land Chance ze ginn ënnert enger neier Féierung erëm zu Rou ze kommen.
Aus deenen an nach aner Grënn fuedert den Groupe Neiwahlen Demissioun vun dëser Regierung fir dass Land erëm zu Rou kennt an well eng kompetent Féierungsspëzt an dësen Zäiten méi wéi néideg ass.