Public n°513

Petitioner: Daniel Rinck

De Groupe Neiwahlen fuerdert d'Demissioun vun der aktueller Regierung, der sougenannter Gambiakoalitioun.

Purpose of the petition

Dës Regierungskoalitioun huet noweisbar net déi néideg Kompetenze fir e Land ze féieren. Mir verlaangen d'Demissioun vun der Regierung an d'Anhale vu Prozeduren, déi d'Verfassung dofir virgesinn huet. De Premierminister muss bei der Presentatioun vun der Demissioun beim Grand-Duc Henri ... more

Reasons for the petition

Des Regierung hat um Koalitiounsdësch Vertrieder vun der fräier Wirtschaft déi den Koalitiounsaccord mat verhandelt hunn. Dëst weist drop hin dat keng Biergergerecht Politik soll gemaach ginn mee eng Lobbyiste Politik wat een och elo schonn feststellen kann. Wahlverspriechen vun deenen 3 ... more

ended  26.08.2015
1217 /4.500
27%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
20.10.2015

The public petition n°513 is closed on 20-10-2015

07.09.2015

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

03.09.2015

Validated electronic signatures: 1210

03.09.2015

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°513, on 03-09-02015 - Number of signatures after validation: 1217

27.08.2015

The period for signing the public petition n°. 513 is closed on 27-08-2015 - Number of electronic signatures before validation: 1211

15.07.2015

The public petition n°513 is open for signature, on 15-07-2015

03.07.2015

The public petition n°513 is declared admissible by the Conference of Presidents on 03-07-2015

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 15-07-2015 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 26-08-2015 at 11:59 p.m.

18.06.2015

The petition public n°513 is submitted the 18-06-2015

Title of the petition: De Groupe Neiwahlen fuerdert d'Demissioun vun der aktueller Regierung, der sougenannter Gambiakoalitioun.

Aim of the petition: Dës Regierungskoalitioun huet noweisbar net déi néideg Kompetenze fir e Land ze féieren. Mir verlaangen d'Demissioun vun der Regierung an d'Anhale vu Prozeduren, déi d'Verfassung dofir virgesinn huet. De Premierminister muss bei der Presentatioun vun der Demissioun beim Grand-Duc Henri élections anticipées ufroen.

 

 

Motivation of the general interest of the petition: Des Regierung hat um Koalitiounsdësch Vertrieder vun der fräier Wirtschaft déi den Koalitiounsaccord mat verhandelt hunn. Dëst weist drop hin dat keng Biergergerecht Politik soll gemaach ginn mee eng Lobbyiste Politik wat een och elo schonn feststellen kann.

 

Wahlverspriechen vun deenen 3 Parteien sinn massiv gebrach ginn ( Wahlprogrammer am verglach mat dem Koalitiounsaccord beweisen dat méi wéi däitlech)

 

Des Regierung huet et fäerdeg bruecht sech mat allen Gewerkschaften an villen etabléierten Organisatiounen unzeleeën an fir massiv Onzefriddenheet ze suergen déi och schonn fir Manifestatiounen virun der Chamber an och op aner Platzen gesuergt hunn ( Reform vum Enseignement, géint den Spuerpak...) oder och Police déi Schrëtt ugekënnegt hunn fir sech ze wieren fir der nëmmen e puer ze nennen...

 

Dës Regierung huet en Referendum op den Wee ginn virun deem vill Experten gewarnt hunn, an a kaf geholl fir Parteipolitesch Zwecker, fir Parteistrategesch Zwecker an ouni sech déi néideg Zäit ze huelen fir Bierger adequat ze informéieren, Streit an der Bevëlkerung ze provozéieren wat sech och doduerch manifestéiert huet dat Land an 2 gespléckt war, nëmmen nach eng Fro diskutéiert ginn ass, an déi 2 aner wichteg Froen ignoréiert gi sinn. Dat alleng féiert deen Referendum ad absurdum an hëlt him all Legitimitéit.

 

Den Här Bettel deen als Premier selwer an enger Chambersaach intervenéiert huet an massiv an Referendums Campagnenvun der DP an der Koalitioun agegraff huet, wat hien nëmmen als Parteipresident hätt kennen maachen, awer oft huet hien gesot : Ech als Premier.....En Referendum deen Politeschen Stëllstand provozéiert huet, Politeschen Stëllstand kascht en Land Milliounen wann Personal an en Referendum mat agebonnen ass.

 

En Premier deen sech Fräiheet eraus hellt an där Campagnen ze soen virun den Kameraen um Mikro ( Tramsschapp) : Ech verspriechen dass ech en Fach Politik an den Schoulen aféieren wann den Jo an der Fro vum Wahlrecht an 16 keent, weist drop hin dass mir en Premier hunn deen Grondkenntnisser vun eiser Verfassung net kennt, Grondkenntnisser vun eiser Politescher Lëtzebuergescher Kultur net keent, well soss misst hien wëssen dat och en Premier keen neit Schoulfach kann asetzen ouni den zoustännegen Ministere an Chamber ze consultéieren.

 

Des Regierung huet net den Politeschen Anstand no esou engem Wahldesaster wou och kloer géint des Regierung gestëmmt ginn ass, hir Politesch Verantwortung ze iwwerhuelen an Plaatz fir nei Léit ze maachen an esou eisem Land Chance ze ginn ënnert enger neier Féierung erëm zu Rou ze kommen.

 

Aus deenen an nach aner Grënn fuedert den Groupe Neiwahlen Demissioun vun dëser Regierung fir dass Land erëm zu Rou kennt an well eng kompetent Féierungsspëzt an dësen Zäiten méi wéi néideg ass.

 

17.06.2015

Filing