Öffentliche n°3321

Petitionär/in: Claude Wangen

Migratiounskris - Mënschlechen Ëmgang mat de Mënschen/Solidaritéit mat de Länner aus Südeuropa

Ziel der Petition

All Dag riskéieren Mënschen hiert Liewen a probéieren an Europa ze kommen; ob allerlee Weeër: d'Mëttelmier selwer, d'Strooss vu Gibraltar, vu Westafrika op d'Kanaren, .etc. Iwwert dës Petitioun soll d'Lëtzebuerger Regierung an d'Verantwortung geholl ginn, an dat op 4 Manéieren. 1/ de ... mehr

Beweggründe für die Petition

De spuenesche Radio RTVE5 zielt all Dag op, wéivill Leit op de Kanaren ukommen. Awer net just dat: si hu Reportagen iwwert d'Santé mentale vun deene Leit - fir si sinn et ganz kloer Mënschen! Do kéint dat räischt Land aus der EU roueg dervu léieren.

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
26.09.2024

Die öffentliche Petition Nr. 3321 wurde am 26-09-2024 zurückgezogen

Begründung des Rückzugs: Le pétitionnaire a retiré sa pétition publique.

26.09.2024

Zulässigkeitsbescheid

26.09.2024

Die öffentliche Petition Nr. 3321 wurde am 26-09-2024 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

25.09.2024

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 25-09-2024 betreffend die Petition Nr. 3321 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

13.08.2024

Die öffentliche Petition Nr. 3321 wurde am 13-08-2024 eingereicht.

Titel der Petition: Migratiounskris - Mënschlechen Ëmgang mat de Mënschen/Solidaritéit mat de Länner aus Südeuropa

Ziel der Petition: All Dag riskéieren Mënschen hiert Liewen a probéieren an Europa ze kommen; ob allerlee Weeër: d'Mëttelmier selwer, d'Strooss vu Gibraltar, vu Westafrika op d'Kanaren, .etc.

 

Iwwert dës Petitioun soll d'Lëtzebuerger Regierung an d'Verantwortung geholl ginn, an dat op 4 Manéieren.

1/ de Stereotyp vum Migrant muss dringend hannerfrot hinn (den Ënnerscheed tëscht Migrant an Ex-pat däerf net subjektiv bleiwen - an d'Diir oploossen fir Definitiounen bei deenen d'Hautfaarw matschwéngt)

2/ mir als Lëtzebuerg mussen eisen europäesche Partner zur Säit stoën: déi Iddi, dass de Migrant do soll bleiwe wou en ukomm ass, ass eng Isolatiounspolitik fir eist Land, fir déi mer eis schumme sollen

3/ Lëtzebuerg soll sech kloer vun de Methoden distanzéieren, déi (méi a méi kloer dokumentéiert) vu Frontex (etc.?) ugewannt ginn. Europa ass op der Erfahrung vun engem Genozid entstan; et däerf net zum Akteur an engem anere ginn.

 

Solidaritéit mat de Länner an der Welt muss zur Grondmaxime ginn.

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: De spuenesche Radio RTVE5 zielt all Dag op, wéivill Leit op de Kanaren ukommen.

Awer net just dat: si hu Reportagen iwwert d'Santé mentale vun deene Leit - fir si sinn et ganz kloer Mënschen!

Do kéint dat räischt Land aus der EU roueg dervu léieren.