Ëffentlech n°3321

Petitionnär/in: Claude Wangen

Migratiounskris - Mënschlechen Ëmgang mat de Mënschen/Solidaritéit mat de Länner aus Südeuropa

Zil vun der Petitioun

All Dag riskéieren Mënschen hiert Liewen a probéieren an Europa ze kommen; ob allerlee Weeër: d'Mëttelmier selwer, d'Strooss vu Gibraltar, vu Westafrika op d'Kanaren, .etc. Iwwert dës Petitioun soll d'Lëtzebuerger Regierung an d'Verantwortung geholl ginn, an dat op 4 Manéieren. 1/ de ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

De spuenesche Radio RTVE5 zielt all Dag op, wéivill Leit op de Kanaren ukommen. Awer net just dat: si hu Reportagen iwwert d'Santé mentale vun deene Leit - fir si sinn et ganz kloer Mënschen! Do kéint dat räischt Land aus der EU roueg dervu léieren.

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
26.09.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3321 ass den 26-09-2024 zeréckgezu ginn

Motivatioun fir de Retrait: Le pétitionnaire a retiré sa pétition publique.

26.09.2024

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

26.09.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3321 gouf den 26-09-2024 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

25.09.2024

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 25-09-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3321 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

13.08.2024

D'ëffentlech Petitioun Nr. 3321 gouf den 13-08-2024 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Migratiounskris - Mënschlechen Ëmgang mat de Mënschen/Solidaritéit mat de Länner aus Südeuropa

Zil vun der Petitioun: All Dag riskéieren Mënschen hiert Liewen a probéieren an Europa ze kommen; ob allerlee Weeër: d'Mëttelmier selwer, d'Strooss vu Gibraltar, vu Westafrika op d'Kanaren, .etc.

 

Iwwert dës Petitioun soll d'Lëtzebuerger Regierung an d'Verantwortung geholl ginn, an dat op 4 Manéieren.

1/ de Stereotyp vum Migrant muss dringend hannerfrot hinn (den Ënnerscheed tëscht Migrant an Ex-pat däerf net subjektiv bleiwen - an d'Diir oploossen fir Definitiounen bei deenen d'Hautfaarw matschwéngt)

2/ mir als Lëtzebuerg mussen eisen europäesche Partner zur Säit stoën: déi Iddi, dass de Migrant do soll bleiwe wou en ukomm ass, ass eng Isolatiounspolitik fir eist Land, fir déi mer eis schumme sollen

3/ Lëtzebuerg soll sech kloer vun de Methoden distanzéieren, déi (méi a méi kloer dokumentéiert) vu Frontex (etc.?) ugewannt ginn. Europa ass op der Erfahrung vun engem Genozid entstan; et däerf net zum Akteur an engem anere ginn.

 

Solidaritéit mat de Länner an der Welt muss zur Grondmaxime ginn.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: De spuenesche Radio RTVE5 zielt all Dag op, wéivill Leit op de Kanaren ukommen.

Awer net just dat: si hu Reportagen iwwert d'Santé mentale vun deene Leit - fir si sinn et ganz kloer Mënschen!

Do kéint dat räischt Land aus der EU roueg dervu léieren.