Einfache n°3265

Petitionär/in: Lorenzo Migliosi

Fir e Gesetz dat Politiker op kommunalem an nationalem Niveau ka forcéieren hiert Amt opzeginn am Fall wou e Geriicht se schëlleg gesprach huet

Ziel der Petition

Mat sou engem Gesetz soll kloer festgehale ginn ënnert wéienge Conditiounen, dass e Politiker, dee vun engem Geriicht fir schëlleggesprach ginn ass, säin Amt néier muss leeën. Kloer schéint awer ze sinn, dass am Fall wou d'Geriicht feststellt, dass den Ugeklote wëssentlech gehandelt huet, et ... mehr

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
25.09.2024

Eine Stellungnahme wurde am 25-09-2024 betreffend die einfache Petition Nr. 3265 angefragt

Minister: Monsieur Luc Frieden, Premier ministre

25.09.2024

Die einfache Petition Nr. 3265 wurde vom Petitionsausschuss am 25-09-2024 für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

20.07.2024

Die einfache Petition Nr. 3265 wurde am 20-07-2024 eingereicht.

Titel der Petition: Fir e Gesetz dat Politiker op kommunalem an nationalem Niveau ka forcéieren hiert Amt opzeginn am Fall wou e Geriicht se schëlleg gesprach huet

Ziel der Petition: Mat sou engem Gesetz soll kloer festgehale ginn ënnert wéienge Conditiounen, dass e Politiker, dee vun engem Geriicht fir schëlleggesprach ginn ass, säin Amt néier muss leeën. Kloer schéint awer ze sinn, dass am Fall wou d'Geriicht feststellt, dass den Ugeklote wëssentlech gehandelt huet, et keng aner Méiglechkeet sollt gi wéi säin Amt néier ze leeën. Sou ee Verhale vun enger Persoun déi en ëffentlecht Amt bekleet sollt net gedult ginn.

 

Rezent Affaire weisen, dass et leider ganz schwéier ze si schéint e Politiker, dee schëlleg gesprach ginn ass Sue vum Staat geklaut ze hunn, vu sengem Amt ze enthiewen. Dat ass leider keen Eenzelfall, wann een sech international Noriichten aus der Politik ukuckt, dofir sinn ech der Meenung, dass mir sou Persounen zu Lëtzebuerg sollte mat klore Reegele keng Méiglechkeet loosse fir sech an engem Amt ze halen.