Eng Stellungsnam ass den 25-09-2024 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 3265 ugefrot ginn
Minister(en): Monsieur Luc Frieden, Premier ministre
Petitionnär/in: Lorenzo Migliosi
Mat sou engem Gesetz soll kloer festgehale ginn ënnert wéienge Conditiounen, dass e Politiker, dee vun engem Geriicht fir schëlleggesprach ginn ass, säin Amt néier muss leeën. Kloer schéint awer ze sinn, dass am Fall wou d'Geriicht feststellt, dass den Ugeklote wëssentlech gehandelt huet, et ... méi
Minister(en): Monsieur Luc Frieden, Premier ministre
Recevabilitéit: recevabel
Titel vun der Petitioun: Fir e Gesetz dat Politiker op kommunalem an nationalem Niveau ka forcéieren hiert Amt opzeginn am Fall wou e Geriicht se schëlleg gesprach huet
Zil vun der Petitioun: Mat sou engem Gesetz soll kloer festgehale ginn ënnert wéienge Conditiounen, dass e Politiker, dee vun engem Geriicht fir schëlleggesprach ginn ass, säin Amt néier muss leeën. Kloer schéint awer ze sinn, dass am Fall wou d'Geriicht feststellt, dass den Ugeklote wëssentlech gehandelt huet, et keng aner Méiglechkeet sollt gi wéi säin Amt néier ze leeën. Sou ee Verhale vun enger Persoun déi en ëffentlecht Amt bekleet sollt net gedult ginn.
Rezent Affaire weisen, dass et leider ganz schwéier ze si schéint e Politiker, dee schëlleg gesprach ginn ass Sue vum Staat geklaut ze hunn, vu sengem Amt ze enthiewen. Dat ass leider keen Eenzelfall, wann een sech international Noriichten aus der Politik ukuckt, dofir sinn ech der Meenung, dass mir sou Persounen zu Lëtzebuerg sollte mat klore Reegele keng Méiglechkeet loosse fir sech an engem Amt ze halen.