Petitionär/in: Zoe Evans
Fir méi juristesch Konsequenzen bei all Zort vun Diskriminatioun, Gewalt, Mobbing, Stalking an Hate Speech.
Ziel der Petition
D' Ziel vun der Petitioun ass, dass Mënschen déi zu Haass opruffen, Gewalt uwenden, ëffentlech diskriminéieren, Abus a Ruff Mord bedreiwen, mobben, ënnerdrécken an/oder eng Gefor fir eng eenzel Persoun oder e Groupe sinn, rechtlech verfollegt an tatsächlech bestrooft ginn.
Beweggründe für die Petition
Staatsgesetzer sinn do fir en friddlech Zesummeliewe an enger grousser Gemeinschaft ze regléieren an ze erliichteren. Ma leider stellen mir ëmmer mei fest, dass Plainten falen gelooss ginn, banaliséiert gëtt an Täter net gestrooft ginn. D'Artikelen 442-2, 443 bis 452 an 454 bis 457-4 ... mehr
Verlauf dieser Petition
Die öffentliche Petition Nr. 2838 wurde am 06-12-2023 abgeschlossen
Begründung der Beendigung: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition
Die öffentliche Petition Nr. 2838 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 11-10-2023 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 2258
Gültige Online-Unterschriften: 2256
Gültige Papier- Unterschriften: 2
Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 2838 ist am 06-09-2023 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 2256
Die öffentliche Petition Nr. 2838 kann ab dem 26-07-2023 unterschrieben werden
Zulässigkeitsbescheid
Die öffentliche Petition Nr. 2838 wurde am 25-07-2023 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt
Zulässigkeit : zulässig
Beginn der Unterschriftsphase : 26-07-2023 um 0:00
Ende der Unterschriftsphase : 05-09-2023 um 23:59
Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 24-07-2023 betreffend die Petition Nr. 2838 fällt positiv aus
Gutachten des Petitionsausschusses : positiv
Die öffentliche Petition Nr. 2838 wurde am 13-07-2023 eingereicht.
Titel der Petition: Fir méi juristesch Konsequenzen bei all Zort vun Diskriminatioun, Gewalt, Mobbing, Stalking an Hate Speech.
Ziel der Petition: D' Ziel vun der Petitioun ass, dass Mënschen déi zu Haass opruffen, Gewalt uwenden, ëffentlech diskriminéieren, Abus a Ruff Mord bedreiwen, mobben, ënnerdrécken an/oder eng Gefor fir eng eenzel Persoun oder e Groupe sinn, rechtlech verfollegt an tatsächlech bestrooft ginn.
Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Staatsgesetzer sinn do fir en friddlech Zesummeliewe an enger grousser Gemeinschaft ze regléieren an ze erliichteren. Ma leider stellen mir ëmmer mei fest, dass Plainten falen gelooss ginn, banaliséiert gëtt an Täter net gestrooft ginn.
D'Artikelen 442-2, 443 bis 452 an 454 bis 457-4 definéieren eng Aschränkung zur Meenungsfräiheet fir de Schutz vun de Léit. Trotzdeem befannen mir eis haut nach an engem System, wou dës Artikelen net eescht genuch geholl ginn. Och schreift de Code Pénal fir, dass bei Gewalt Awierkung géint Persounen aller Aart, Geschlecht, Berufsstand a Relioun rechtlech Schrëtter ënnerholl ginn.
Den Internet ass voller Haass, eis Stroossen si voller Gewalt. Dobäi betrëfft et jiddereen vun eis! Eis Kanner ginn am jéngsten Alter scho gemobbt, Aarbechter aus ëffentlechen Fonctiounen ginn aggresseiert, op Tiktok, Facebook an Co. kurséiren Videoen déi zur Eliminatioun vun diversen Communautéiten opruffen. Haislech Gewalt ass net prioritär. Meenungsfräiheet gëtt mat Volkshetze verwiesselt. An ze ville Fäll geschitt näischt, an et geet elo duer!
D' Erfarungen aus den leschten 2 Joer si follgend:
- D' Opfer vun haislecher Gewalt ginn net genuch eescht geholl. Et gëtt als "Onstëmmegkeet zwëschent Fra a Mann" banaliséiert déi et säit ëmmer scho goufen. d' Opfer gi mat bloen Plazen an vill Angscht heemgeschéckt.
- D' LGBTQAI+ Community gëtt bedrot, diskriminéiert, kierperlech wéi och verbal ugegraff an dëst am Internet wei och an der Ëffentlechkeet.
- Kanner am jonken Alter wëllen net mei an d' Schoul an weisen psychosomatesch Unzeechen wéi Bauchwéi, Iwwerginn, Roserei, Bettnässerei, Kappwéi, Panikattacken, Selbstmordgedanken oder Versich. Sie erliewen leider schonn ganz fréi, dass net konsequent duerchgegraff an gehollef gëtt. D'Entfert vun den jéngsten Mobbing-Dynamiken ass oft: Mir kann souwisou näischt passéieren.
Et muss méi konsequent Duerchgegraff ginn, dass et den Mënschen an eiser Gesellschaft besser geet, an Täter gestoppt ginn!