Public n°2838

Petitioner: Zoe Evans

Fir méi juristesch Konsequenzen bei all Zort vun Diskriminatioun, Gewalt, Mobbing, Stalking an Hate Speech.

Purpose of the petition

D' Ziel vun der Petitioun ass, dass Mënschen déi zu Haass opruffen, Gewalt uwenden, ëffentlech diskriminéieren, Abus a Ruff Mord bedreiwen, mobben, ënnerdrécken an/oder eng Gefor fir eng eenzel Persoun oder e Groupe sinn, rechtlech verfollegt an tatsächlech bestrooft ginn.

Reasons for the petition

Staatsgesetzer sinn do fir en friddlech Zesummeliewe an enger grousser Gemeinschaft ze regléieren an ze erliichteren. Ma leider stellen mir ëmmer mei fest, dass Plainten falen gelooss ginn, banaliséiert gëtt an Täter net gestrooft ginn. D'Artikelen 442-2, 443 bis 452 an 454 bis 457-4 ... more

ended  05.09.2023
2258 /4.500
50%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
13.12.2023

Closing statement

06.12.2023

The public petition n°2838 is closed on 06-12-2023

Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

12.10.2023

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

11.10.2023

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°2838, on 11-10-02023 - Number of signatures after validation: 2258

11.10.2023

Validated electronic signatures: 2256

11.10.2023

Validated paper signatures: 2

06.09.2023

The period for signing the public petition n°. 2838 is closed on 06-09-2023 - Number of electronic signatures before validation: 2256

26.07.2023

The public petition n°2838 is open for signature, on 26-07-2023

25.07.2023

Statement of admissibility

25.07.2023

The public petition n°2838 is declared admissible by the Conference of Presidents on 25-07-2023

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 26-07-2023 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 05-09-2023 at 11:59 p.m.

24.07.2023

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 2838, on 24-07-2023

Opinion of the Committee on Petitions: positive

13.07.2023

The petition public n°2838 is submitted the 13-07-2023

Title of the petition: Fir méi juristesch Konsequenzen bei all Zort vun Diskriminatioun, Gewalt, Mobbing, Stalking an Hate Speech.

Aim of the petition: D' Ziel vun der Petitioun ass, dass Mënschen déi zu Haass opruffen, Gewalt uwenden, ëffentlech diskriminéieren, Abus a Ruff Mord bedreiwen, mobben, ënnerdrécken an/oder eng Gefor fir eng eenzel Persoun oder e Groupe sinn, rechtlech verfollegt an tatsächlech bestrooft ginn.

Motivation of the general interest of the petition: Staatsgesetzer sinn do fir en friddlech Zesummeliewe an enger grousser Gemeinschaft ze regléieren an ze erliichteren. Ma leider stellen mir ëmmer mei fest, dass Plainten falen gelooss ginn, banaliséiert gëtt an Täter net gestrooft ginn.

D'Artikelen 442-2, 443 bis 452 an 454 bis 457-4 definéieren eng Aschränkung zur Meenungsfräiheet fir de Schutz vun de Léit. Trotzdeem befannen mir eis haut nach an engem System, wou dës Artikelen net eescht genuch geholl ginn. Och schreift de Code Pénal fir, dass bei Gewalt Awierkung géint Persounen aller Aart, Geschlecht, Berufsstand a Relioun rechtlech Schrëtter ënnerholl ginn.

Den Internet ass voller Haass, eis Stroossen si voller Gewalt. Dobäi betrëfft et jiddereen vun eis! Eis Kanner ginn am jéngsten Alter scho gemobbt, Aarbechter aus ëffentlechen Fonctiounen ginn aggresseiert, op Tiktok, Facebook an Co. kurséiren Videoen déi zur Eliminatioun vun diversen Communautéiten opruffen. Haislech Gewalt ass net prioritär. Meenungsfräiheet gëtt mat Volkshetze verwiesselt. An ze ville Fäll geschitt näischt, an et geet elo duer!

 

D' Erfarungen aus den leschten 2 Joer si follgend:

- D' Opfer vun haislecher Gewalt ginn net genuch eescht geholl. Et gëtt als "Onstëmmegkeet zwëschent Fra a Mann" banaliséiert déi et säit ëmmer scho goufen. d' Opfer gi mat bloen Plazen an vill Angscht heemgeschéckt.

- D' LGBTQAI+ Community gëtt bedrot, diskriminéiert, kierperlech wéi och verbal ugegraff an dëst am Internet wei och an der Ëffentlechkeet.

- Kanner am jonken Alter wëllen net mei an d' Schoul an weisen psychosomatesch Unzeechen wéi Bauchwéi, Iwwerginn, Roserei, Bettnässerei, Kappwéi, Panikattacken, Selbstmordgedanken oder Versich. Sie erliewen leider schonn ganz fréi, dass net konsequent duerchgegraff an gehollef gëtt. D'Entfert vun den jéngsten Mobbing-Dynamiken ass oft: Mir kann souwisou näischt passéieren.

 

Et muss méi konsequent Duerchgegraff ginn, dass et den Mënschen an eiser Gesellschaft besser geet, an Täter gestoppt ginn!