Öffentliche n°1414

Petitionär/in: Justin Petkus

Petitioun fir Englesch als administrativ Sprooch zu Lëtzebuerg un ze erkennen: Ännerung vum Sproochegesetz vun 1984

Ziel der Petition

D‘Zil vun dëser Petitioun ass d‘Sproochegesetz vun 1984 ze änneren fir Englesch als unerkannten administrativ Sprooch bäi ze fügen. An de leschten Joerzéngter huet déi Englesch Sprooch un Wichtegkeet zougeholl mee d‘Sproochegesetz vun 1984 ass net ugepasst ginn un d‘Ännerung vun der ... mehr

Beweggründe für die Petition

D‘Motivatioun fir Englesch als offiziell administrativ Sprooch un ze erkennen ass d‘Äntwert op déi wuessend villfälteg Bevölkerung mat méi wéi 170 Nationalitéiten am Land. D‘Sproochegesetz ze Lëtzebuerg gouf an de leschte 35 Joer net geännert. Momentan gëtt net virgeschriwwen, dass wann ... mehr

abgelaufen  30.12.2019
1407 /4.500
31%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
13.02.2020

Beendigungsbescheid

12.02.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1414 wurde am 12-02-2020 abgeschlossen

Begründung der Beendigung: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

09.01.2020

Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition

08.01.2020

Die öffentliche Petition Nr. 1414 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 08-01-2020 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 1407

08.01.2020

Gültige Papier- Unterschriften: 42

08.01.2020

Gültige Online-Unterschriften: 1365

31.12.2019

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 1414 ist am 31-12-2019 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 1365

19.11.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1414 kann ab dem 19-11-2019 unterschrieben werden

18.11.2019

Peitionstext

18.11.2019

Zulässigkeitsbescheid

14.11.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1414 wurde am 14-11-2019 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 19-11-2019 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 30-12-2019 um 23:59

13.11.2019

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 13-11-2019 betreffend die Petition Nr. 1414 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

15.10.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1414 wurde am 15-10-2019 eingereicht.

Titel der Petition: Petitioun fir Englesch als administrativ Sprooch zu Lëtzebuerg un ze erkennen: Ännerung vum Sproochegesetz vun 1984

Ziel der Petition: D‘Zil vun dëser Petitioun ass d‘Sproochegesetz vun 1984 ze änneren fir Englesch als unerkannten administrativ Sprooch bäi ze fügen. An de leschten Joerzéngter huet déi Englesch Sprooch un Wichtegkeet zougeholl mee d‘Sproochegesetz vun 1984 ass net ugepasst ginn un d‘Ännerung vun der Demografie vum Land am Joer 2019. Tëschent 1981 an haut ass d‘Bevölkerung ëm 62% gewuess an d‘Unzuel vun den Auslänner huet sech bal verdräifacht. Haut sinn ongeféier 48% vun der Populatioun keng Lëtzebuerger.

 

Englesch ass d‘Lingua franca vum Finanzsektor an aneren wirtschaftlechen Sektoren ginn, souwéi an der méi héicher Edukatioun an an der Wëssenschaft. Déi offiziell Sproochen vun der Universitéit vun Lëtzebuerg sinn z.B. Englesch, Däitsch a Franséisch. Zënter der Vergéisserung vun der Europäescher Unioun am Joer 2004, ass Englesch déi wichtegst Sprooch vun EU Institutiounen.

 

D‘Unzuel vun den Awunner déi aus engleschsproochegen Länner oder Länner kommen wou Englesch schon zënter laanger Zäit als Haaptfriemsprooch benotzt gëtt, ass sou grouss wéi nach ni an der Lëtzebuerger Geschicht. Statistiken no liewen Auslänner vun méi wéi 170 Nationalitéiten am Groussherzogtum.

 

Well et méi a méi Engleschsproocheger zu Lëtzebuerg ginn an well Englesch eng weltwäit unerkannten Lingua franca ass, gëtt virgeschloen d‘Sproochegesetz vum Februar 1984 ëm ze änneren fir Englesch als administrativ Sprooch un ze erkennen.

 

Wéi et am Motto vum Groussherzogtum, wat 2019 iwwerall am Land ze fannen ass, heescht: “Let‘s Make it Happen”.

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: D‘Motivatioun fir Englesch als offiziell administrativ Sprooch un ze erkennen ass d‘Äntwert op déi wuessend villfälteg Bevölkerung mat méi wéi 170 Nationalitéiten am Land. D‘Sproochegesetz ze Lëtzebuerg gouf an de leschte 35 Joer net geännert.

 

Momentan gëtt net virgeschriwwen, dass wann een d‘Nationalitéit wéll kréien, een Franséisch oder Däitsch muss léieren, mee se sinn awer am administrativen Gesetz and se ginn an der Aarbëschtswelt vun engem erwaart. Englesch als Sprooch am administrativen Gesetz bäi ze fügen géif méi Méiglechkeeten schafen fir Leit déi keen Franséisch oder Däitsch schwetzen, a géif déi international Populatioun vu Lëtzebuerg reflektéiren. Firmen géifen dovun profitéiren wéinst enger erweiderter Auswiel un Talenter wann Englesch an den Administrativensproochen abegraff wäer.

 

D‘Gesondheetswiesen ass een vun de wéinegen Sektoren zu Lëtzebuerg wou Englesch lues agesat ginn ass. Dëst huet negativ Konsequenzen op Leit déi Däitsch schwetzen oder keen Franséisch, well wichteg Gesondheetsinformatiounen meeschtens nëmmen op Franséisch matgedeelt ginn. Sou ginn déi aner zwou administrativ Sproochen, Lëtzebuergesch and Däitsch ausgeschloss. Et ass immens wichteg dass Patienten Broschüren, Krankenakten, Informatiounen déi mat hierer Gesondheet etc. ze dinn hunn an enger Sprooch kréien déi se verstinn.

 

Englesch als administrativ Sprooch bäizefügen géif d'Méiglechkeet erhéichen dass d‘Lëtzebuerger Bevölkerung an enger Sprooch kommunizéiert déi global verstanen gëtt. Luxembourg: Let's Make it Happen.