Ëffentlech n°1414

Petitionnär/in: Justin Petkus

Petitioun fir Englesch als administrativ Sprooch zu Lëtzebuerg un ze erkennen: Ännerung vum Sproochegesetz vun 1984

Zil vun der Petitioun

D‘Zil vun dëser Petitioun ass d‘Sproochegesetz vun 1984 ze änneren fir Englesch als unerkannten administrativ Sprooch bäi ze fügen. An de leschten Joerzéngter huet déi Englesch Sprooch un Wichtegkeet zougeholl mee d‘Sproochegesetz vun 1984 ass net ugepasst ginn un d‘Ännerung vun der ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

D‘Motivatioun fir Englesch als offiziell administrativ Sprooch un ze erkennen ass d‘Äntwert op déi wuessend villfälteg Bevölkerung mat méi wéi 170 Nationalitéiten am Land. D‘Sproochegesetz ze Lëtzebuerg gouf an de leschte 35 Joer net geännert. Momentan gëtt net virgeschriwwen, dass wann ... méi

ofgelaf  30.12.2019
1407 /4.500
31%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
13.02.2020

Deklaratioun vun der Cloture

12.02.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1414 ass den 12-02-2020 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

09.01.2020

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

08.01.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1414 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 08-01-2020 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1407

08.01.2020

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 42

08.01.2020

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1365

31.12.2019

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1414 z'ënnerschreiwen ass den 31-12-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1365

19.11.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1414 ka vum 19-11-2019 un ënnerschriwwe ginn

18.11.2019

Text vun der Petitioun

18.11.2019

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

14.11.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1414 gouf den 14-11-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 19-11-2019 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 30-12-2019 um 23h59

13.11.2019

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 13-11-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1414 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

15.10.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1414 gouf den 15-10-2019 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Petitioun fir Englesch als administrativ Sprooch zu Lëtzebuerg un ze erkennen: Ännerung vum Sproochegesetz vun 1984

Zil vun der Petitioun: D‘Zil vun dëser Petitioun ass d‘Sproochegesetz vun 1984 ze änneren fir Englesch als unerkannten administrativ Sprooch bäi ze fügen. An de leschten Joerzéngter huet déi Englesch Sprooch un Wichtegkeet zougeholl mee d‘Sproochegesetz vun 1984 ass net ugepasst ginn un d‘Ännerung vun der Demografie vum Land am Joer 2019. Tëschent 1981 an haut ass d‘Bevölkerung ëm 62% gewuess an d‘Unzuel vun den Auslänner huet sech bal verdräifacht. Haut sinn ongeféier 48% vun der Populatioun keng Lëtzebuerger.

 

Englesch ass d‘Lingua franca vum Finanzsektor an aneren wirtschaftlechen Sektoren ginn, souwéi an der méi héicher Edukatioun an an der Wëssenschaft. Déi offiziell Sproochen vun der Universitéit vun Lëtzebuerg sinn z.B. Englesch, Däitsch a Franséisch. Zënter der Vergéisserung vun der Europäescher Unioun am Joer 2004, ass Englesch déi wichtegst Sprooch vun EU Institutiounen.

 

D‘Unzuel vun den Awunner déi aus engleschsproochegen Länner oder Länner kommen wou Englesch schon zënter laanger Zäit als Haaptfriemsprooch benotzt gëtt, ass sou grouss wéi nach ni an der Lëtzebuerger Geschicht. Statistiken no liewen Auslänner vun méi wéi 170 Nationalitéiten am Groussherzogtum.

 

Well et méi a méi Engleschsproocheger zu Lëtzebuerg ginn an well Englesch eng weltwäit unerkannten Lingua franca ass, gëtt virgeschloen d‘Sproochegesetz vum Februar 1984 ëm ze änneren fir Englesch als administrativ Sprooch un ze erkennen.

 

Wéi et am Motto vum Groussherzogtum, wat 2019 iwwerall am Land ze fannen ass, heescht: “Let‘s Make it Happen”.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: D‘Motivatioun fir Englesch als offiziell administrativ Sprooch un ze erkennen ass d‘Äntwert op déi wuessend villfälteg Bevölkerung mat méi wéi 170 Nationalitéiten am Land. D‘Sproochegesetz ze Lëtzebuerg gouf an de leschte 35 Joer net geännert.

 

Momentan gëtt net virgeschriwwen, dass wann een d‘Nationalitéit wéll kréien, een Franséisch oder Däitsch muss léieren, mee se sinn awer am administrativen Gesetz and se ginn an der Aarbëschtswelt vun engem erwaart. Englesch als Sprooch am administrativen Gesetz bäi ze fügen géif méi Méiglechkeeten schafen fir Leit déi keen Franséisch oder Däitsch schwetzen, a géif déi international Populatioun vu Lëtzebuerg reflektéiren. Firmen géifen dovun profitéiren wéinst enger erweiderter Auswiel un Talenter wann Englesch an den Administrativensproochen abegraff wäer.

 

D‘Gesondheetswiesen ass een vun de wéinegen Sektoren zu Lëtzebuerg wou Englesch lues agesat ginn ass. Dëst huet negativ Konsequenzen op Leit déi Däitsch schwetzen oder keen Franséisch, well wichteg Gesondheetsinformatiounen meeschtens nëmmen op Franséisch matgedeelt ginn. Sou ginn déi aner zwou administrativ Sproochen, Lëtzebuergesch and Däitsch ausgeschloss. Et ass immens wichteg dass Patienten Broschüren, Krankenakten, Informatiounen déi mat hierer Gesondheet etc. ze dinn hunn an enger Sprooch kréien déi se verstinn.

 

Englesch als administrativ Sprooch bäizefügen géif d'Méiglechkeet erhéichen dass d‘Lëtzebuerger Bevölkerung an enger Sprooch kommunizéiert déi global verstanen gëtt. Luxembourg: Let's Make it Happen.