Petitionnär/in: Claude Feltgen
Keng staatlech Accounts méi op X/Twitter - Benotzen a promouvéiere vun net-kommerzielle Plattformen
Zil vun der Petitioun
1. All staatlech Accounts op X/Twitter sollen zum nächstméiglechen Zäitpunkt zougemaach ginn. Dat beinhalt och déi offiziell Accounts vu Ministeren. Eenzeg Ausnam: Een Account, deen allgemeng Warnunge wéinst dem Wieder, Héichwaasser, etc. post. 2. De Staat baut eng nohalteg an aktiv ... méi
Motivatioun vun der Petitioun
Säit dem den Elon Musk Twitter/X kaf huet, ass d'Plattform séier zu sengem perséinleche Spillball fir seng eegen Interessie ginn. Sou ginn et Hiweiser dorobber, datt d'Algorithme vun Twitter/X nom Musk sengem Endorsement fir den Trump zugonschte vun de Republikaner an hire Vue verännert gouf. ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3516 ka vum 07-02-2025 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3516 gouf den 06-02-2025 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 07-02-2025 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-03-2025 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 05-02-2025 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3516 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3516 gouf den 07-01-2025 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Keng staatlech Accounts méi op X/Twitter - Benotzen a promouvéiere vun net-kommerzielle Plattformen
Zil vun der Petitioun: 1. All staatlech Accounts op X/Twitter sollen zum nächstméiglechen Zäitpunkt zougemaach ginn. Dat beinhalt och déi offiziell Accounts vu Ministeren. Eenzeg Ausnam: Een Account, deen allgemeng Warnunge wéinst dem Wieder, Héichwaasser, etc. post.
2. De Staat baut eng nohalteg an aktiv Presenz um net-kommerzielle Fediverse (Mastodon a co.) op a promouvéiert dës Plattform esou gutt et geet. Och soll de Staat finanziell hëllefen de Fediverse weider ze entwéckelen.
3. Lëtzebuerg setzt sech op europäeschem Niveau fir méi streng Reegele fir sougenannte ,,Social Media" an. Dat mat engem Fokus op d'Oppeleeë vun den Algorithme vun dem wat de Useren ugewise gëtt, der Méiglechkeet fir d'Useren eegen Algorithme kënnen ze notzen an datt et Moderatore ginn, déi di jeeweileg Sprooch vum Contenu verstinn. Fir Lëtzebuerg also och Leit, déi Lëtzebuergesch verstinn.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Säit dem den Elon Musk Twitter/X kaf huet, ass d'Plattform séier zu sengem perséinleche Spillball fir seng eegen Interessie ginn. Sou ginn et Hiweiser dorobber, datt d'Algorithme vun Twitter/X nom Musk sengem Endorsement fir den Trump zugonschte vun de Republikaner an hire Vue verännert gouf. Mëttlerweil mëscht sech de Musk och an europäesch Walkämpf an an ënnerstëtzt, wéi och an Amerika virdrun, rietsextrem an antidemokratesch Parteien. De Lëtzebuerger Staat sollt esou enger Plattform keng weider Credibilitéit an ëffentlech Opmierksamkeet duerch eng eege Presenz schenken.
Dat gesot muss ee feststellen, datt net just Twitter als Social Media duerch ontransparent a wa méiglech politesch motivéierten Algorithmen problematesch fir den ëffentlechen Discours ass. Schlussendlech riskéiert all kommerziell bedriwwe Plattform Decisioune betreffend hirem Algorithmus ze huelen, déi net d'Wuel vun der Allgemengheet, mä hire Portmonnie an aner perséinlech Interessie vun de Besëtzer an hiren Investisseuren an de Virdergrond stellen. De Lëtzebuerger Staat soll sech dowéinst op europäeschem Niveau fir verstäerkte Reegelen fir grouss Social Media Plattformen asetzen, grad och wat d'Algorithmen ugeet.
Gläichzäiteg soll Lëtzebuerg hëllefen Alternativen zu de kommerziellen an net-europäesche Plattformen opzebauen. Déi aktuell gréissten Alternativ ass dobäi de Fediverse, dëst ass een Netzwierk vun ënnerschiddleche Plattformen ewéi Mastodon a Peertube. De Staat soll dës net-kommerziell Plattformen op der enger Säit mat senger Presenz stäerken, op der anerer awer och ë.a. finanziell bei der (Weider)Entwécklung hëllefen. Dat alles mam Zil de Grand Public fort vu Facebook a co. op dës Plattformen ze guidéieren.
Dëst wier ,,Digital Souveränitéit" - vun där mir an Europa gäre schwätzen - och mol ëmgesat.