Public n°3516

Petitioner: Claude Feltgen

Keng staatlech Accounts méi op X/Twitter - Benotzen a promouvéiere vun net-kommerzielle Plattformen

Purpose of the petition

1. All staatlech Accounts op X/Twitter sollen zum nächstméiglechen Zäitpunkt zougemaach ginn. Dat beinhalt och déi offiziell Accounts vu Ministeren. Eenzeg Ausnam: Een Account, deen allgemeng Warnunge wéinst dem Wieder, Héichwaasser, etc. post. 2. De Staat baut eng nohalteg an aktiv ... more

Reasons for the petition

Säit dem den Elon Musk Twitter/X kaf huet, ass d'Plattform séier zu sengem perséinleche Spillball fir seng eegen Interessie ginn. Sou ginn et Hiweiser dorobber, datt d'Algorithme vun Twitter/X nom Musk sengem Endorsement fir den Trump zugonschte vun de Republikaner an hire Vue verännert gouf. ... more

37
days remaining
265 /4.500
6%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
07.02.2025

The public petition n°3516 is open for signature, on 07-02-2025

06.02.2025

Statement of admissibility

06.02.2025

The public petition n°3516 is declared admissible by the Conference of Presidents on 06-02-2025

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 07-02-2025 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 20-03-2025 at 11:59 p.m.

05.02.2025

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 3516, on 05-02-2025

Opinion of the Committee on Petitions: positive

07.01.2025

The petition public n°3516 is submitted the 07-01-2025

Title of the petition: Keng staatlech Accounts méi op X/Twitter - Benotzen a promouvéiere vun net-kommerzielle Plattformen

Aim of the petition: 1. All staatlech Accounts op X/Twitter sollen zum nächstméiglechen Zäitpunkt zougemaach ginn. Dat beinhalt och déi offiziell Accounts vu Ministeren. Eenzeg Ausnam: Een Account, deen allgemeng Warnunge wéinst dem Wieder, Héichwaasser, etc. post.

 

2. De Staat baut eng nohalteg an aktiv Presenz um net-kommerzielle Fediverse (Mastodon a co.) op a promouvéiert dës Plattform esou gutt et geet. Och soll de Staat finanziell hëllefen de Fediverse weider ze entwéckelen.

 

3. Lëtzebuerg setzt sech op europäeschem Niveau fir méi streng Reegele fir sougenannte ,,Social Media" an. Dat mat engem Fokus op d'Oppeleeë vun den Algorithme vun dem wat de Useren ugewise gëtt, der Méiglechkeet fir d'Useren eegen Algorithme kënnen ze notzen an datt et Moderatore ginn, déi di jeeweileg Sprooch vum Contenu verstinn. Fir Lëtzebuerg also och Leit, déi Lëtzebuergesch verstinn.

Motivation of the general interest of the petition: Säit dem den Elon Musk Twitter/X kaf huet, ass d'Plattform séier zu sengem perséinleche Spillball fir seng eegen Interessie ginn. Sou ginn et Hiweiser dorobber, datt d'Algorithme vun Twitter/X nom Musk sengem Endorsement fir den Trump zugonschte vun de Republikaner an hire Vue verännert gouf. Mëttlerweil mëscht sech de Musk och an europäesch Walkämpf an an ënnerstëtzt, wéi och an Amerika virdrun, rietsextrem an antidemokratesch Parteien. De Lëtzebuerger Staat sollt esou enger Plattform keng weider Credibilitéit an ëffentlech Opmierksamkeet duerch eng eege Presenz schenken.

Dat gesot muss ee feststellen, datt net just Twitter als Social Media duerch ontransparent a wa méiglech politesch motivéierten Algorithmen problematesch fir den ëffentlechen Discours ass. Schlussendlech riskéiert all kommerziell bedriwwe Plattform Decisioune betreffend hirem Algorithmus ze huelen, déi net d'Wuel vun der Allgemengheet, mä hire Portmonnie an aner perséinlech Interessie vun de Besëtzer an hiren Investisseuren an de Virdergrond stellen. De Lëtzebuerger Staat soll sech dowéinst op europäeschem Niveau fir verstäerkte Reegelen fir grouss Social Media Plattformen asetzen, grad och wat d'Algorithmen ugeet.

Gläichzäiteg soll Lëtzebuerg hëllefen Alternativen zu de kommerziellen an net-europäesche Plattformen opzebauen. Déi aktuell gréissten Alternativ ass dobäi de Fediverse, dëst ass een Netzwierk vun ënnerschiddleche Plattformen ewéi Mastodon a Peertube. De Staat soll dës net-kommerziell Plattformen op der enger Säit mat senger Presenz stäerken, op der anerer awer och ë.a. finanziell bei der (Weider)Entwécklung hëllefen. Dat alles mam Zil de Grand Public fort vu Facebook a co. op dës Plattformen ze guidéieren.

 

Dëst wier ,,Digital Souveränitéit" - vun där mir an Europa gäre schwätzen - och mol ëmgesat.