Ëffentlech n°2809

Petitionnär/in: Bryan Jaeger

Aide-soignanteë sollen fir déi Aarbecht déi si am Alldag leeschten, deementspriechend bezuelt ginn.

Zil vun der Petitioun

Den Beruff Aide-soignante ass nach NET richteg an da Gesellschaft ukomm. Dat soll geännert ginn, mat méi Respekt, wäertschätz an besserer Bezuelung.

Motivatioun vun der Petitioun

Aide-soignant ass een Beruff wou een engem Mënsch deen säin Liewen schon vill matgemaach huet oder fir eng kuerz bis hin enger längerfristegen Defizit am Alldag hunn, ze ënnerstëtzen. Den Beruff Aide-soignant ass NET nëmmen do fir ze „wäschen“, Mais leider ass dat bei villen Leit nach net ... méi

ofgelaf  20.10.2023
4573 /4.500
100%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
17.04.2024

En ëffentlechen Debat an der Kommissioun war den 17-04-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2809

06.12.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2809 huet den 06-12-2023 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht

06.12.2023

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 4573

21.10.2023

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2809 z'ënnerschreiwen ass den 21-10-2023 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 4679

09.09.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2809 ka vum 09-09-2023 un ënnerschriwwe ginn

08.09.2023

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

08.09.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2809 gouf den 08-09-2023 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 09-09-2023 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-10-2023 um 23h59

06.09.2023

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 06-09-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2809 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

16.06.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2809 gouf den 16-06-2023 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Aide-soignanteë sollen fir déi Aarbecht déi si am Alldag leeschten, deementspriechend bezuelt ginn.

Zil vun der Petitioun: Den Beruff Aide-soignante ass nach NET richteg an da Gesellschaft ukomm. Dat soll geännert ginn, mat méi Respekt, wäertschätz an besserer Bezuelung.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Aide-soignant ass een Beruff wou een engem Mënsch deen säin Liewen schon vill matgemaach huet oder fir eng kuerz bis hin enger längerfristegen Defizit am Alldag hunn, ze ënnerstëtzen.

Den Beruff Aide-soignant ass NET nëmmen do fir ze „wäschen“, Mais leider ass dat bei villen Leit nach net richteg ukomm.

Den Beruff ass net ëmmer einfach…

Am Alldag ginn et méi oder manner Aufgaben déi een Aide-soignant bewältegen muss. Et geet hin vun da Kierperfleeg bis hin zu engem Psycholog.

Aide-soignant ass eng Stëtz fir jiddereen déi hëllef neidesch hun. An leider ginn et emmer méi Aufgaben an emmer manner Zäit fir déi Aufgaben gerecht ze ginn.

Déi Mënschen déi sech Aide-soignant nennen ginn vill, fir déi Mënschen déi Hëllef brauchen. Sie maachen sech den Réck oder den Kapp „futti“ fir all Aufgaben gerecht ze ginn vun Mënschen déi Hëllef brauchen, ob et nëmmen ass fir mat hinnen ze schwätzen, Fleegen oder einfach do ze sinn.

Dofir soll den Beruff méi Respektéiert, wäertschätz an besser Bezuelt ginn.