Petitionnär/in: Serge Peiffer
De Meeschter soll am Lëtzebuerger Qualifikatiounsrahmen op de Niveau 6 opgewäert ginn. Le brevet de maîtrise doit être revalorisé au niveau 6 dans le cadre de qualification luxembourgeois.
Zil vun der Petitioun
De Meeschterbréif ass den héchsten Ofschloss am Handwierk a muss och deementspriechend am nationale Qualifikationsrahmen op de Niveau 6 agestuuft ginn! Well nëmme wann mir dem Meeschter déi richteg Valeur ginn huet de Jonken e nennenswäert Ziel. Duerch dëss Opwertung kommen méi interesséiert ... méi
Motivatioun vun der Petitioun
Säit Jore geschitt eng Devalorisatioun vum Meeschter am Handwierk. D'Handwierk gëtt als Oofstellgleis vum Schoulsystem benotzt fir datt all Schüler en Ofschloss muss kréien. Fréier huet et Sënn gemaach fir en Handwierk ze wielen, fir do säi Beruffswee anzeschloen. De jonken, léierende Mënsch ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2300 ass den 16-11-2022 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2300 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 05-10-2022 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 3042
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 2687
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2300 z'ënnerschreiwen ass den 01-07-2022 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 2687
Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 355
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2300 ka vum 20-05-2022 un ënnerschriwwe ginn
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2300 gouf den 19-05-2022 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-05-2022 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 30-06-2022 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 18-05-2022 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2300 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2300 gouf den 03-04-2022 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: De Meeschter soll am Lëtzebuerger Qualifikatiounsrahmen op de Niveau 6 opgewäert ginn.
Le brevet de maîtrise doit être revalorisé au niveau 6 dans le cadre de qualification luxembourgeois.
Zil vun der Petitioun: De Meeschterbréif ass den héchsten Ofschloss am Handwierk a muss och deementspriechend am nationale Qualifikationsrahmen op de Niveau 6 agestuuft ginn! Well nëmme wann mir dem Meeschter déi richteg Valeur ginn huet de Jonken e nennenswäert Ziel. Duerch dëss Opwertung kommen méi interesséiert mat engem gudden Niveau an d’ Beruffsausbildung d’Resultat ass dat dem qualifizéierte Personalmangel laangfristeg entgéintzewierken.Et ginn all Joer grouss Kampagnen gemaach dat ass jo gudd, geet an desem Fall net duer fir eng richteg Opwertung. D’Zil ass et de Meeschter an de Niveau 6 anzestuffen, an domat dem Handwierk eng Perspektiv ze ginn! Duerch des Valorisatioun werten d’ Elteren hier Kanner och erem an d’ Handwierk lossen.
Le brevet de maîtrise est le diplôme le plus élevé dans l'artisanat et doit donc être classé au niveau 6 du cadre national des qualifications! Ce n'est que si nous donnons une vraie valeur au maître que le jeune aura un objectif digne d'être mentionné. Cette revalorisation permettra d'attirer davantage de personnes vers la formation professionnelle et de lutter contre la pénurie de personnel qualifié. Chaque année, de grandes campagnes sont organisées, elles sont bonnes, mais dans ce cas, elles ne suffisent pas à assurer une véritable valorisation. L'objectif est de classer le maître au niveau 6 et de donner une perspective au métier. Grâce à la revalorisation, les parents n'interdiront plus à leurs enfants d'entrer dans l'artisanat.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Säit Jore geschitt eng Devalorisatioun vum Meeschter am Handwierk. D'Handwierk gëtt als Oofstellgleis vum Schoulsystem benotzt fir datt all Schüler en Ofschloss muss kréien. Fréier huet et Sënn gemaach fir en Handwierk ze wielen, fir do säi Beruffswee anzeschloen. De jonken, léierende Mënsch soll vun Ufank un gesinn, datt wann een de Wee als Handwierker aschléit, genau sou gutt säi Wee ka maachen, wéi ee mat engem akademeschen Ofschloss. Leider si vill Leit ëmmer nach der Meenung, datt een als Handwierker als zweet Klass ugesi gëtt, nëmme wéineg bis guer keng Unerkennung kritt a verdéngt. Nëmme mat der Ënnerstëtzung vun Iech alleguer an eiser Politik ass et méiglech déi Jonk erëm fir een Handwierk ze begeeschteren, hinnen eng Zukunftsperspektiv ze ginn an domat dem well länger bestoende Manktem un qualifizéierten Handwierker laangfristeg entgéintzewierken.
Depuis des années, il existe une dévaluation du brevet de maîtrise des artisans. Le métier d’artisan est utilisé comme voie désaffectée par le système scolaire pour que chaque élève aura un certificat de fin d’études. Dans le temps il faisait sens de choisir un métier et d’y faire carrière. Un jeune apprenti doit savoir dès le début, quand il prendra le chemin d’artisan, qu’il pourra faire son chemin aussi bien qu’une personne avec un diplôme académique. Malheureusement beaucoup de personnes sont d’avis qu’un artisan est une personne de 2ième classe, qui reçoit peu de considération. Seulement avec votre support et celui de notre politique, on pourrait éventuellement remotiver les jeunes à choisir un métier d’artisan en leur donnant une perspective d’avenir. Ainsi on remédierait à la pénurie de personnes compétentes à long terme.