Ëffentlech n°1507

Petitionnär/in: Georges Sold

Fir eng Mandatstrennung zu Lëtzebuerg bis spéitstens 2023 / Pour un non-cumul des mandats politiques jusqu'en 2023

Zil vun der Petitioun

Dës Petitioun fuerdert: • Eng gesetzlech Verankerung vun der Mandatstrennung tëscht de Chambers- respektiv Europadeputéiert*en an de Buergermeeschter*inne respektiv Schäffe bis spéitstens 2023 ; • Eng weider Professionaliséierung vun der Chamber an eng Opwäertung vum Deputéiertemandat ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Mat Bléck op d’Erausfuerderunge virun deenen eist Land a seng Bierger*inne stinn, ass d’Duebelmandat Deputéiert*en a Member vun engem Schäfferot mat engem héijen Zäit- an Aarbechtsopwand verbonnen. Et ass deemno schwéier méiglech genuch Zäit opzebréngen, fir gläichzäiteg den Ufuerderunge vu ... méi

ofgelaf  21.05.2020
327 /4.500
7%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
23.09.2020

Deklaratioun vun der Cloture

16.09.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1507 ass den 16-09-2020 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

05.08.2020

Ufro fir de Reklassement an eng einfach Petitioun

05.08.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1507 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 05-08-2020 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 327

05.08.2020

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 327

24.06.2020

En raison de la suspension de la collecte de signatures sur papier pendant la durée de l'état de crise, la période de signature pour la collecte des signatures sur papier est réouverte le 24.06.2020 et finit le 30.07.2020 à 23:59

22.05.2020

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1507 z'ënnerschreiwen ass den 22-05-2020 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 327

15.04.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1507 ka vum 15-04-2020 un ënnerschriwwe ginn

15.04.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1507 kann erëm vum 15-04-2020 un ënnerschriwwe ginn

Ufank vun der neier Kollekt vun Ënnerschrëften: 15-04-2020

Schluss vun der neier Kollekt vun Ënnerschrëften: 21-05-2020

25.03.2020

Avis favorable de la Commission des Pétitions et Décision favorable de la Conférence des Présidents concernant la réouverture à partir du 15.04.2020

18.03.2020

En raison du COVID-19 : suspension de la période de signature jusqu'au 14 avril 2020 inclus

13.03.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1507 ka vum 13-03-2020 un ënnerschriwwe ginn

12.03.2020

Deklaratioun vun der Recevabilitéit mam Text vun der Petitioun

12.03.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1507 gouf den 12-03-2020 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 13-03-2020 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 23-04-2020 um 23h59

11.03.2020

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 11-03-2020 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1507 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

03.03.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1507 gouf den 03-03-2020 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir eng Mandatstrennung zu Lëtzebuerg bis spéitstens 2023 / Pour un non-cumul des mandats politiques jusqu'en 2023

 

Zil vun der Petitioun:

Dës Petitioun fuerdert:

• Eng gesetzlech Verankerung vun der Mandatstrennung tëscht de Chambers- respektiv Europadeputéiert*en an de Buergermeeschter*inne respektiv Schäffe bis spéitstens 2023 ;

• Eng weider Professionaliséierung vun der Chamber an eng Opwäertung vum Deputéiertemandat vum Hallef- zum Vollzäitmandat ;

• Eng Professionaliséierung vum Schäfferot, dat heescht e Vollzäitmandat fir d’Buergermeeschter*innen an en Hallefzäitmandat fir d’ Schäffen ;

• Eng Stäerkung vum Daachverband vun de Gemengen, fir de Stëmmen an Interête vun de Gemengevertrieder*inne weiderhi Gehéier an der nationaler Debatt ze garantéieren.

 

Version française :

 

Cette pétition revendique :

• Un ancrage juridique du non-cumul des mandats entre les député*es national*es, respectivement des député*es europén*nes, et le poste de maire et échevin*e jusqu’en 2023 au plus tard ;

• Une professionnalisation de la Chambre des Députés et une mise à niveau du mandat de député de mi-temps à temps plein ;

• Une professionnalisation des collèges échevinaux, ce qui signifie un mandat à temps plein pour les maires et un mandat à temps partiel pour les échevins ;

• Un renforcement de la fédération des communes, pour garantir que les voix et intérêts des représentant*es des communes sont entendues dans le débat national.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Mat Bléck op d’Erausfuerderunge virun deenen eist Land a seng Bierger*inne stinn, ass d’Duebelmandat Deputéiert*en a Member vun engem Schäfferot mat engem héijen Zäit- an Aarbechtsopwand verbonnen. Et ass deemno schwéier méiglech genuch Zäit opzebréngen, fir gläichzäiteg den Ufuerderunge vu deenen zwee Mandater gerecht ze ginn.

D’Chamber huet, ënnert anerem wéinst den europäeschen Direktiven, déi an den nationale Parlamenter diskutéiert an an nationaalt Recht ëmgesat musse ginn, änlech Aufgabe wéi eng franséisch Assemblée nationale mat aktuell bal 600 Deputéiert. Aus dësem Grond ass et néideg, datt déi 60 Deputéiert zu Lëtzebuerg sech Vollzäit op hiert Deputéiertemandat konzentréiere kënnen. Ausserdeem fannen d’ Député*e-Mairë respektiv d’Député*e-Échevine sech oft an engem Interessekonflikt tëscht lokalen an nationalen Interêten erëm.

Et erwaard een vun eise gewielte Vertrieder*innen, datt si hir Aarbecht mat der néideger Gewëssheet ausüben. Si däerfen net nëmmen administrativ Verwalter*inne sinn, mee sollen d‘Politik aktiv matgestalten, ob an der Gemeng oder an der Chamber.

Eng Mandatstrennung heescht och eng besser Verdeelung vun de wichtegste politesche Mandater hei am Land op méi Persounen. Domat stäerke mir eis representativ Demokratie.

 

Version française :

 

Vu les défis auxquels notre pays et ses citoyen*nes sont confrontés, le cumul des mandats entre celui de député*e et membre d’un collège échevinal (échevin et maire) est lié à un investissement de temps et de travail considérables. Par conséquent, il est difficile de répondre de manière adéquate aux exigences des deux mandats en même temps.

En outre, la Chambre des Députés doit débattre et transposer les directives européennes dans le droit national, des tâches similaires de celles de l’Assemblée nationale française avec ses presque 600 député*es. Ainsi, il est indispensable que les 60 député*es luxembourgeois*es peuvent se concentrer à 100% sur leur mandat de député*e. De plus, les député*es-maires respectivement les député*es-échevins se trouvent souvent face à des conflits d’intérêts entre les intérêts locaux et nationaux.

Il est exigé que nos représentant*es élu*es peuvent exécuter leur travail avec rigueur. Ils ne devraient pas qu’être des administrateurs, mais devraient activement concevoir la politique, que ce soit sur le plan communal ou national.

Une séparation des mandats garantit également une meilleure répartition des mandats politiques les plus importants dans le pays. Ainsi, la démocratie représentative serait renforcée.