Ëffentlech n°1507
Petitionnär/in: Georges Sold
Fir eng Mandatstrennung zu Lëtzebuerg bis spéitstens 2023 / Pour un non-cumul des mandats politiques jusqu'en 2023
Zil vun der Petitioun
Dës Petitioun fuerdert:
• Eng gesetzlech Verankerung vun der Mandatstrennung tëscht de Chambers- respektiv Europadeputéiert*en an de Buergermeeschter*inne respektiv Schäffe bis spéitstens 2023 ;
• Eng weider Professionaliséierung vun der Chamber an eng Opwäertung vum Deputéiertemandat ... méi
Dës Petitioun fuerdert:
• Eng gesetzlech Verankerung vun der Mandatstrennung tëscht de Chambers- respektiv Europadeputéiert*en an de Buergermeeschter*inne respektiv Schäffe bis spéitstens 2023 ;
• Eng weider Professionaliséierung vun der Chamber an eng Opwäertung vum Deputéiertemandat vum Hallef- zum Vollzäitmandat ;
• Eng Professionaliséierung vum Schäfferot, dat heescht e Vollzäitmandat fir d’Buergermeeschter*innen an en Hallefzäitmandat fir d’ Schäffen ;
• Eng Stäerkung vum Daachverband vun de Gemengen, fir de Stëmmen an Interête vun de Gemengevertrieder*inne weiderhi Gehéier an der nationaler Debatt ze garantéieren.
Version française :
Cette pétition revendique :
• Un ancrage juridique du non-cumul des mandats entre les député*es national*es, respectivement des député*es europén*nes, et le poste de maire et échevin*e jusqu’en 2023 au plus tard ;
• Une professionnalisation de la Chambre des Députés et une mise à niveau du mandat de député de mi-temps à temps plein ;
• Une professionnalisation des collèges échevinaux, ce qui signifie un mandat à temps plein pour les maires et un mandat à temps partiel pour les échevins ;
• Un renforcement de la fédération des communes, pour garantir que les voix et intérêts des représentant*es des communes sont entendues dans le débat national.
... manner
Motivatioun vun der Petitioun
Mat Bléck op d’Erausfuerderunge virun deenen eist Land a seng Bierger*inne stinn, ass d’Duebelmandat Deputéiert*en a Member vun engem Schäfferot mat engem héijen Zäit- an Aarbechtsopwand verbonnen. Et ass deemno schwéier méiglech genuch Zäit opzebréngen, fir gläichzäiteg den Ufuerderunge vu ... méi
Mat Bléck op d’Erausfuerderunge virun deenen eist Land a seng Bierger*inne stinn, ass d’Duebelmandat Deputéiert*en a Member vun engem Schäfferot mat engem héijen Zäit- an Aarbechtsopwand verbonnen. Et ass deemno schwéier méiglech genuch Zäit opzebréngen, fir gläichzäiteg den Ufuerderunge vu deenen zwee Mandater gerecht ze ginn.
D’Chamber huet, ënnert anerem wéinst den europäeschen Direktiven, déi an den nationale Parlamenter diskutéiert an an nationaalt Recht ëmgesat musse ginn, änlech Aufgabe wéi eng franséisch Assemblée nationale mat aktuell bal 600 Deputéiert. Aus dësem Grond ass et néideg, datt déi 60 Deputéiert zu Lëtzebuerg sech Vollzäit op hiert Deputéiertemandat konzentréiere kënnen. Ausserdeem fannen d’ Député*e-Mairë respektiv d’Député*e-Échevine sech oft an engem Interessekonflikt tëscht lokalen an nationalen Interêten erëm.
Et erwaard een vun eise gewielte Vertrieder*innen, datt si hir Aarbecht mat der néideger Gewëssheet ausüben. Si däerfen net nëmmen administrativ Verwalter*inne sinn, mee sollen d‘Politik aktiv matgestalten, ob an der Gemeng oder an der Chamber.
Eng Mandatstrennung heescht och eng besser Verdeelung vun de wichtegste politesche Mandater hei am Land op méi Persounen. Domat stäerke mir eis representativ Demokratie.
Version française :
Vu les défis auxquels notre pays et ses citoyen*nes sont confrontés, le cumul des mandats entre celui de député*e et membre d’un collège échevinal (échevin et maire) est lié à un investissement de temps et de travail considérables. Par conséquent, il est difficile de répondre de manière adéquate aux exigences des deux mandats en même temps.
En outre, la Chambre des Députés doit débattre et transposer les directives européennes dans le droit national, des tâches similaires de celles de l’Assemblée nationale française avec ses presque 600 député*es. Ainsi, il est indispensable que les 60 député*es luxembourgeois*es peuvent se concentrer à 100% sur leur mandat de député*e. De plus, les député*es-maires respectivement les député*es-échevins se trouvent souvent face à des conflits d’intérêts entre les intérêts locaux et nationaux.
Il est exigé que nos représentant*es élu*es peuvent exécuter leur travail avec rigueur. Ils ne devraient pas qu’être des administrateurs, mais devraient activement concevoir la politique, que ce soit sur le plan communal ou national.
Une séparation des mandats garantit également une meilleure répartition des mandats politiques les plus importants dans le pays. Ainsi, la démocratie représentative serait renforcée. ... manner