"Avertissement taxé" der Geschwindëgkeet ugepasst

Pétition publique n°3511

Pétitionnaire : Andy Weber

Objet de la pétition

Am Moment kascht et wann een hei am Land vun engem Radar geblëtzt gët suguer da wann een nëmmen 2~3km/h driwwer ass direkt 49EUR an ab 20~25% driwwer ass een direkt bei 145EUR. Dëss Petitioun fuerdert eng gestaffelt Präisgestaltung bei sämtlëchen avertissements taxés bei deenen eng Geschwindegkeet ermëttelt gët. Beispill: ee Radar op enger Streck wou 90 ass: 10EUR prix de base plus 2EUR pro km/h deen een ze schnell ass an ab "contravention grave" nach eng Kéier 2EUR pro km/h dei een iwwert dësem zweete Grenzwäert läit on top: 91km/h: 12EUR "Contravention simple" - ab hei aktuell 49EUR 92km/h: 14EUR 95km/h: 20EUR 100km/h: 30EUR 105km/h: 40EUR 110km/h: 50EUR 111km/h: 54EUR (52EUR + 2EUR) "Contravention grave" - ab hei aktuell 145EUR 112km/h: 58EUR (54EUR + 4EUR) 113km/h: 62EUR (56EUR + 6EUR) 115km/h: 70EUR 125km/h: 110EUR 130km/h: 130EUR 135km/h: 150EUR >136km/h: délit de grande vitesse

Motivation de la pétition

Gëtt een haut hei am Land geblëtzt wann ee just 2 oder 3km/h iwwert der Limite ënnerwee ass dann dinn 49\u20AC richtëg wéih. Natierlech sollen se daat och, mee eng net gestaffelt Tarifstruktur ass weder fair nach sënnvoll. De Bremswee klëmmt schliesslëch och exponentiell zur Vitesse, wisou sollt da beim "avertissement taxé" just tëscht "bëssen ze schnell" a "vill ze schnell" ënnerscheed gin? Op der Landstrooss läit tëscht 91km/h an 110km/h d'Längt vu ronn engem halwe Fussballfeld un zousätzlëchem Bremswee - awer 0\u20AC un zousätzlëchem avertissement taxé! Op der Autobunn läit tëscht 131km/h an 155km/h d'Längt vu bal engem ganze Fussballfeld un zousätzlëchem Bremswee - awer 0\u20AC un zousätzlëchem avertissement taxé!

Collecte de signatures en cours

Le seuil de 4500 correspond au nombre de signatures requises pour donner lieu à un débat public.

Signatures enregistrées

76 / 4 500

Partager la pétition

Informations clés

Collecte des signatures

Date de dépôt

06/01/2025

Ouverture de la collecte de signatures

28/02/2025

Informations complémentaires