Einfache n°510
Petitionär/in: Flavio Menei
Referendum: Neiwahle fir Lëtzebuerg
Ziel der Petition
No den erzwongene Neiwahlen 2013 wou d'Vollek gewielt huet an e kloere Vote ofginn hat, dee jo u sech net respektéiert gouf, an déi meescht Leit mëttlerweil ganz onzefridde mat der Regierung sinn, wier et lo un der Zäit, e Referendum ze organiséiren wou d’Wieler gefrot solle ginn, ob si ... mehr
No den erzwongene Neiwahlen 2013 wou d'Vollek gewielt huet an e kloere Vote ofginn hat, dee jo u sech net respektéiert gouf, an déi meescht Leit mëttlerweil ganz onzefridde mat der Regierung sinn, wier et lo un der Zäit, e Referendum ze organiséiren wou d’Wieler gefrot solle ginn, ob si Neiwahlen wëllen oder net. D’Resultat vum Referendum soll fir d’Regierung verbindlech sinn. No engem Referendum, ugeholl vun enger Chambermajoritéit op Virschlag vun der Regierung, déi domat de Risiko vun enger Spléckung vum Land a Kaf geholl huet, ass elo de Moment do fir ze kucken, op d'Vollek der Meenung ass, datt d'Regierung mat hierer Chambermajoritéit et nach verdéngt ze bleiwen! ... weniger
Beweggründe für die Petition
D’Motivatioun déi et do gëtt, ass d'Bierger vun eisem Land wielen ze loossen, wat fir eng Politik a wat fir eng Regierung si a Wirklechkeet gären hätten an datt hier Wiel och respektéiert gëtt ouni den Diktat vun net gewollten Dreier-Koalitiounen, Tripartiten oder wat och ëmmer... An datt ... mehr
D’Motivatioun déi et do gëtt, ass d'Bierger vun eisem Land wielen ze loossen, wat fir eng Politik a wat fir eng Regierung si a Wirklechkeet gären hätten an datt hier Wiel och respektéiert gëtt ouni den Diktat vun net gewollten Dreier-Koalitiounen, Tripartiten oder wat och ëmmer... An datt endlech eng Regierung do ass, déi sech fir eng echt Chancegläichheet vun de Mënschen an eisem Ländchen asetzt. ... weniger
Diese öffentliche Petition hat keine 4.500 Unterschrifen gesammelt. Auf Antrag des Urhebers wurde sie in eine einfache Petition umgewandet.
Öffentliche Petition anzeigen.