Öffentliche n°1461
Petitionär/in: François Zeien
Beem planzen als Alternativ zur CO2-Steier
Ziel der Petition
CO2-Steier nët anféieren, dofir eng Etude an Optrag gin, wou soll ausgerechnet gin, wéivill Beem an aaner Pflanzen missten an Lëtzebuerg gepflanzt gin, fir dass Lëtzebuerg CO2 neutral wir, an wéivill Fläch een dofir bréicht, an wou et ideal wir, déi ze maan.
Beweggründe für die Petition
Et ass gewosst, dass an der Natur alles, waat Fotosynthese mëcht, den CO2 bënnt, an Sauerstoff doraus produzéiert, waat fir all Liewen op dësem Planéit wichteg ass. Wir daat nët éischter vun Intérêt, wéi den Leit eng weider Steier opzebrummen? Aaner Länner wéi Indien sin schon an där Thematik ... mehr
Et ass gewosst, dass an der Natur alles, waat Fotosynthese mëcht, den CO2 bënnt, an Sauerstoff doraus produzéiert, waat fir all Liewen op dësem Planéit wichteg ass. Wir daat nët éischter vun Intérêt, wéi den Leit eng weider Steier opzebrummen? Aaner Länner wéi Indien sin schon an där Thematik eis en Schratt am viraus. Lëtzebuerg kinnt an Europa mat sou enger Etude Virreider sin, an en gut Beispill weisen, wéi een den Klimawandel och ouni CO2-Steier kann an den Grëff kréien. Daat giff och eventuell Zäit erausschloen, fir d'Kannerkrankheeten vum Elektroauto wéi Tesla auszekuréiren, fir den Leit eng sëcher Alternativ unzebidden, wou keen muss färten, bei engem Accident duerch eng Batterieexplosioun an Stécker gerappt ze gin, respektiv dass den Auto beim Lueden Feier fänkt. Et sollt een an zwou Richtungen schaffen, d'Natur an Ëmwelt opbauen, an op eng sëcher Alternativ zur aktueller Mobilitéit vun Diesel an Benzin. Een wëllen um all Präis forcéieren, mat Steieren op eng nach onsëcher Alternativ emzeklammen ass den falschen Wee. ... weniger