Einfache n°3444

Petitionär/in: Gilles Jank

Petitioun zu zwou Quellen zu Wëntreng

Ziel der Petition

Här Minister, D’ANF huet kierzlech e puer ganz interessant Projeten zu Wëntreng realiséiert, Fliedermaustuerm um Felsberg an Dréchemaueren fir d’Eidechsen um Hommelsberg/Felsberg. Op dem Felsberg ass de flavistischen Bergmolch nogewisen ginn (cf. Ferrantia 75), dës Ënneraart ass jo aus ... mehr

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
16.12.2024

Eine Stellungnahme wurde am 16-12-2024 betreffend die einfache Petition Nr. 3444 angefragt

Minister: Madame Elisabeth Margue, Ministre déléguée auprès du Premier ministre, chargée des Relations avec le Parlement

11.12.2024

Die einfache Petition Nr. 3444 wurde vom Petitionsausschuss am 11-12-2024 für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

15.11.2024

Die einfache Petition Nr. 3444 wurde am 15-11-2024 eingereicht.

Titel der Petition: Petitioun zu zwou Quellen zu Wëntreng

Ziel der Petition: Här Minister,

 

D’ANF huet kierzlech e puer ganz interessant Projeten zu Wëntreng realiséiert, Fliedermaustuerm um Felsberg an Dréchemaueren fir d’Eidechsen um Hommelsberg/Felsberg.

 

Op dem Felsberg ass de flavistischen Bergmolch nogewisen ginn (cf. Ferrantia 75), dës Ënneraart ass jo aus ëssenschaftlecher Siicht interessant an och zu Lëtzebuerg eenzegaarteg. Seng Läichplaz um Felsberg zu Wëntreng ass leider ëmmer méi fréi komplett dréchen, sou datt seng Larven do warscheinlech net iwwerliewen.

 

Dëse Summer hunn ech 300 Meter Loftlinn vun der Quell an der Réserve naturelle Kuebendällchen, nämlech an de Quärten, de Piwitsch an de schwarze Stuerk gesinn, dëst ass jo u sech scho bal eng kleng Sensatioun.

 

Elo zu menger Propositioun, d'Quellen ënnert dem Ställchesbësch an an der Réserve Kuebendällchen leien op Terrainen, déi sech an ëffentlecher Hand befannen, den Zoustand vun deenen zwou Quellen ass net gutt, verschidde kleng Mesuren, ouni groussen finanziellen Impakt, kéinten d’Liewensraim vun deenen uewen genannten Aarten wesentlech verbesseren an zum Erhalt vun der Biodiversitéit op der Musel bäidroen.

 

Mir kënnen houfreg sinn déi geschützten Aarten nach op der Musel zu hunn.

 

Mat beschte Gréiss