Einfache n°3423

Petitionär/in: Romain Reiter

Opbau vun enger Drohnenproduktioun zu Lëtzebuerg fir d’Ënnerstëtzung vun der Ukraine

Ziel der Petition

Léif Memberen vun der Chamber, Lettland huet huet eng eege Drohnenproduktioun gestart, fir hir technesch Kapazitéiten auszebauen an d’Ukraine mat wichtegem Material ze ënnerstëtzen. Lëtzebuerg soll sich en Beispill huelen an säin Bäitrag zu dëser kritescher Technologie leeschten.  ... mehr

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
21.11.2024

Eine Stellungnahme wurde am 21-11-2024 betreffend die einfache Petition Nr. 3423 angefragt

Minister: Madame Yuriko Backes, Ministre de la Défense, Monsieur Xavier Bettel, Ministre des Affaires étrangères et du Commerce extérieur

20.11.2024

Die einfache Petition Nr. 3423 wurde vom Petitionsausschuss am 20-11-2024 für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

24.10.2024

Die einfache Petition Nr. 3423 wurde am 24-10-2024 eingereicht.

Titel der Petition: Opbau vun enger Drohnenproduktioun zu Lëtzebuerg fir d’Ënnerstëtzung vun der Ukraine

Ziel der Petition: Léif Memberen vun der Chamber,

 

Lettland huet huet eng eege Drohnenproduktioun gestart, fir hir technesch Kapazitéiten auszebauen an d’Ukraine mat wichtegem Material ze ënnerstëtzen. Lëtzebuerg soll sich en Beispill huelen an säin Bäitrag zu dëser kritescher Technologie leeschten.

 

Lëtzebuerg an d'Groussregioun sinn Heemecht vu ville passionéierte Tüftler, Technik-Freaks a wëssenschaftleche Fuerscher, déi sech mat der Entwécklung a Konstruktioun vu selbstfléiende Fluchobjeten, wéi Drohnen, auskennen.

 

Mat dëser Petitioun ruffe mir d'Chamber op, eng national Initiativ unzestoussen, déi dëst Know-How vereenegt, fir eng systematesch Dronenproduktioun zu Lëtzebuerg opzebauen. Den dramateschen Asaz vu Drohnen am aktuelle Konflikt an der Ukraine huet bewisen, wéi vital dës Technologie am Krich ass – sief et fir Verdeedegung, Iwwerwaachung oder humanitär Zwecker.

 

Ech proposéieren fir an engem éischte Schratt, d'Produktiounsziel vu 1000 Drohnen pro Woch ze erreechen. Dës Drohnen sollen un d’Ukraine geliwwert ginn, fir si an hirem Kampf géint d’Aggressioun ze ënnerstëtzen.

 

D'Virdeeler vun esou engem Projet si villfälteg:

 

1. Bündelung vu Fachwëssen: Duerch d’Kooperatioun tëscht Tüftlern, Ingenieuren a Fuerscher kéint eng gemeinsam Innovatiounsplattform geschaf ginn, déi Resultater liwwert.

2. Humanitär an verdeedegungstechnesch Ënnerstëtzung fir d’Ukraine: D'Produktioun vun Drohnen zu Lëtzebuerg an hir Liwwerung un d'Ukraine géif e substantiellen Bäitrag zu hiren Verteidegungskapazitéite leeschten an derbäi hëllefen, d'Mënscheliewe besser ze schützen.

3. Wirtschaftleche Wuesstem an Aarbechtsplazen: Dëse Projet kéint och nei Aarbechtsplazen an der Héichtechnologie an am Ingenieurwiesen zu Lëtzebuerg schafen, wat langfristig der nationaler Wirtschaft eventuell Chancen bidden kennt.

 

Ech proposéieren, fir dëse Projet unzegoen an d'Produktioun vu modernen Drohnen zu Lëtzebuerg anzeriichten, déi spéider un d'Ukraine geliwwert ginn.

 

Mat beschte Gréiss,