Einfache n°3380

Petitionär/in: Edyta Potalska-Schwartz

Petitiou fir en legale Protokoll iwwer den Ënnerschrëft vun engem Aarbechtsvertrag am sozio-edukative Secteur zu Lëtzebuerg

Ziel der Petition

Ech wëll mech mat dëser Petitioun un déi zoustänneg Autoritéiten zu Lëtzebuerg wennen an d'Aféierung vun engem legale Protokoll fir d'Ënnerschrëft vun Aarbechtskontrakter am sozio-edukative Secteur fuerderen. Ech schloen vir, datt zukünfteg Mataarbechter d'Recht kréien, eng Kopie vum ... mehr

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
17.10.2024

Eine Stellungnahme wurde am 17-10-2024 betreffend die einfache Petition Nr. 3380 angefragt

Minister: Monsieur Georges Mischo, Ministre du Travail

16.10.2024

Die einfache Petition Nr. 3380 wurde vom Petitionsausschuss am 16-10-2024 für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

30.09.2024

Die einfache Petition Nr. 3380 wurde am 30-09-2024 eingereicht.

Titel der Petition: Petitiou fir en legale Protokoll iwwer den Ënnerschrëft vun engem Aarbechtsvertrag am sozio-edukative Secteur zu Lëtzebuerg

Ziel der Petition: Ech wëll mech mat dëser Petitioun un déi zoustänneg Autoritéiten zu Lëtzebuerg wennen an d'Aféierung vun engem legale Protokoll fir d'Ënnerschrëft vun Aarbechtskontrakter am sozio-edukative Secteur fuerderen.

 

Ech schloen vir, datt zukünfteg Mataarbechter d'Recht kréien, eng Kopie vum Aarbechtsvertrag ee vollen Dag virun der finaler Ënnerschrëft vum Patron ze kréien. Dës Moossnam géif et de Mataarbechter erméiglechen, den Inhalt vum Kontrakt ze liesen an eventuell am Viraus op Basis vum Aarbechtsrecht ze iwwerpréifen.

 

Dëst géif zu engem géigesäitegen Vertrauen tëscht Patron a Mataarbechter féieren, well béid Säite genuch Zäit hätten, de Kontrakt virun der Ënnerschrëft ze verstoen a Froen oder Onkloerheete kënnen am Viraus gekläert ginn.

 

Ech sinn der Meenung, datt esou e Protokoll wesentlech dozou bäidroe kéint, déi respektvoll Zesummenaarbecht am sozio-edukative Secteur ze stäerken an d’Rechter vun de Mataarbechter besser ze garantéieren.

 

Ech bieden Iech, dës Propos a Betruecht ze zéien an déi noutwenneg legal Ännerungen anzeféieren.