Einfache n°3204

Petitionär/in: Romain Reiter

Einfach Petitioun fir d'Aféierung vun HVO 100 als Alternativ zu konventionellen Diesel

Ziel der Petition

Här Präsident Léif Memberen vun der Lëtzebuerger Chamber, Ech wëll Iech duerch dës Petitioun op d'Noutwennegkeet opmierksam maachen, HVO 100 (Hydrotreated Vegetable Oil) als ëmweltfrëndlech Alternativ zu konventionellem Diesel am Land anzeféieren. HVO 100 huet déi potenziell Kapazitéit, ... mehr

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
21.06.2024

Eine Stellungnahme wurde am 21-06-2024 betreffend die einfache Petition Nr. 3204 angefragt

Minister: Monsieur Lex Delles, Ministre de l'Économie, des PME, de l'Énergie et du Tourisme, Madame Yuriko Backes, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics

19.06.2024

Die einfache Petition Nr. 3204 wurde vom Petitionsausschuss am 19-06-2024 für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

29.05.2024

Die einfache Petition Nr. 3204 wurde am 29-05-2024 eingereicht.

Titel der Petition: Einfach Petitioun fir d'Aféierung vun HVO 100 als Alternativ zu konventionellen Diesel

Ziel der Petition: Här Präsident

 

Léif Memberen vun der Lëtzebuerger Chamber,

 

Ech wëll Iech duerch dës Petitioun op d'Noutwennegkeet opmierksam maachen, HVO 100 (Hydrotreated Vegetable Oil) als ëmweltfrëndlech Alternativ zu konventionellem Diesel am Land anzeféieren. HVO 100 huet déi potenziell Kapazitéit, d'CO2-Emissiounen ze reduzéieren an eis Ofhängegkeet vu fossillen Brennstoffer ze senken. D'Lëtzebuerger Regierung soll Schrëtt ënnerhuelen, fir d'Aféierung vun HVO 100 ze promovéieren.

 

Grënn fir d'Ënnerstëtzung vun HVO 100:

 

1. Reduktioun vu CO2-Emissiounen: HVO 100 huet de Potenzial, d'CO2-Emissioune bis zu 90% am Verglach zu konventionellem Diesel ze reduzéieren. Dëst ass e wesentleche Schrëtt fir Lëtzebuerg, fir seng Klimaziler z'erreechen an d'global Erwiermung ze bekämpfen.

 

2. Verbesserung vun der Loftqualitéit: D'Notzung vu HVO 100 féiert zu niddrege Emissioune , dëst verbessert d'Loftqualitéit.

 

3. Ënnerstëtzung vun erneierbaren Energien: HVO 100 gëtt aus erneierbaren Ressourcen hiergestallt, a reduzéiert domadder d'Ofhängegkeet vun net erneierbaren, fossillen Energien.

 

4. Kompatibilitéit mat existenten Infrastrukturen: HVO 100 ka mat den aktuellen Dieselmotoren an -infrastrukturen benotzt ginn ouni grouss Upassungen. Dëst erlaabt eng nahtlos Integratioun an eisem aktuellen Transport- a Logistiksystem.

 

Ufuerderungen un d'Chamber:

 

1. Reglementaresch Ënnerstëtzung:

All Mineraluelegkonzern, deen zu Lëtzebuerg eng Tankstell bedreift, muss bannent engem nach festzeleeënde (kuerzen) Zäitraum op mannst op mindestens enger vun hire Tankstellen HVO100 ubidden.

 

2. Sensibiliséierung a Bildungsprogrammer: Lancéiert Sensibiliséierungscampagnen, fir d'Ëffentlechkeet iwwer d'Virdeeler vun HVO 100 opzeklären a seng Notzung ze encouragéieren.

 

Ech gleewen dorun, datt d'Aféierung vun HVO 100 en Schrëtt an déi richteg Richtung ass, aus ökologescher Siicht, mä och fir d'Gesondheet vun eise Bierger.

 

Ech bieden Iech, dës Petitioun ze behandelen a konkret Moossnamen anzesetzen, fir d'Aféierung vun HVO 100 als nohalteg Brennstoffalternativ ze erméiglechen.

 

Mat respektvollen Gréiss,