Petitionär/in: Gérard Koneczny
Upassen vun den "Avertissements Taxés" Tariffer
Ziel der Petition
Upassen vun den "Avertissement Taxés" Tariffer un Deierecht. Säit ville Joeren sinn verschidden AT'en ( parken / stationéieren / Vitesse ) net méi ugepasst ginn. D’Iwwerschreiden vun der Zäit beim Stationnéieren ass seguer vun 49€ op 24€ erof gaang. Am Verglach dozou ass den Index awer ëm ... mehr
Beweggründe für die Petition
E Liewen ass e Liewen. En Doudegen kann een net méi "lieweg" maachen. Fir de Verkéier méi sécher ze maachen sollen: (Beispiller ) Verstéiss géint Parken a Stationéieren verduebelt ( an opgeronnt ) ginn. Stationéieren um Trottoir / ZebraSträifen / BusArrêten a besonnesch béi Schoulen, ... mehr
Verlauf dieser Petition
Die öffentliche Petition Nr. 2481 wurde am 02-03-2023 abgeschlossen
Begründung der Beendigung: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition
Die öffentliche Petition Nr. 2481 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 11-01-2023 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 38
Gültige Online-Unterschriften: 38
Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 2481 ist am 30-12-2022 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 38
Die öffentliche Petition Nr. 2481 kann ab dem 18-11-2022 unterschrieben werden
Zulässigkeitsbescheid
Die öffentliche Petition Nr. 2481 wurde am 17-11-2022 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt
Zulässigkeit : zulässig
Beginn der Unterschriftsphase : 18-11-2022 um 0:00
Ende der Unterschriftsphase : 29-12-2022 um 23:59
Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 16-11-2022 betreffend die Petition Nr. 2481 fällt positiv aus
Gutachten des Petitionsausschusses : positiv
Die öffentliche Petition Nr. 2481 wurde am 06-10-2022 eingereicht.
Titel der Petition: Upassen vun den "Avertissements Taxés" Tariffer
Ziel der Petition: Upassen vun den "Avertissement Taxés" Tariffer un Deierecht.
Säit ville Joeren sinn verschidden AT'en ( parken / stationéieren / Vitesse ) net méi ugepasst ginn. D’Iwwerschreiden vun der Zäit beim Stationnéieren ass seguer vun 49€ op 24€ erof gaang. Am Verglach dozou ass den Index awer ëm 50% an d'Luucht gaang. Vun ronn 603 op 918 Punkten. Dëst ermontert den Automobilist, awer och de Vëlosfuerer an de Foussgänger méi esou Verstéiss géint de Code de la Route ze maachen; et gëtt jo net méi deier, mee méi bëlleg. Fir déi meescht sinn dat Kavaléiersdelikter déi een sech “leeschte” kann.
D'Chance "erwëscht" ze ginn ass zimmlech kleng an onsem Land.
Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: E Liewen ass e Liewen. En Doudegen kann een net méi "lieweg" maachen. Fir de Verkéier méi sécher ze maachen sollen:
(Beispiller )
Verstéiss géint Parken a Stationéieren verduebelt ( an opgeronnt ) ginn.
Stationéieren um Trottoir / ZebraSträifen / BusArrêten a besonnesch béi Schoulen, an 2ter Réi an op VelosPisten verdräifacht ginn.
Bei méi klenge Vitess-Verstéiss ( 5 km ) soll een näischt méi musse bezuelen. Dat géif et erlaben e Camion op enger Streck gemittlech ze iwwerhuelen wou e StreckeRadar ass, ouni dass een da mat 94km/h en AT heemgeschéckt kritt.( Tunnel Autobunn )
Tëscht 6 an 10 km 75 EUR
Tëscht 11 an 20 km 150 EUR
Tëscht 21 an 40 km 300 EUR
Iwwert 40 km 600 EUR
Béi engem "Recidive" ab 40 km soll d'Saach op d'Geriicht goen. Strofen um Geriicht sollen och vill méi héich ausfalen.
An den 30er an 20er Zonen sollen ausserdeem och ëmmer Punkten ofgezu ginn.